Renée Hansen

Renée Hansen

Mäin Numm ass Renée Hansen, ech si 60 Joer al a Mamm vu 5 Kanner.

Meng Hobbyen si Molen, Handaarbechten an Liesen.

Wat mech beweegt fir politesch aktiv ze ginn ass dat mir erëm mäi Liewensqualitéit kréien, andeems ee méi Zäit fir d’Famill huet well dat as dat Wichtegst.

En eenheetlecht Déiereschutzgesetz wou eis Deieren och respektéiert a geschützt ginn.

D’Erhalen an de Schutz vun Natur an Ëmwelt ass och en ganz wichtege Sujet well mir ouni déi keng Iwwerliewenschancen hunn.

Ech wëll versiche mat Ärer Ënnerstëtzung d’Liewe méi liewenswäert ze maachen.

Matenee kenne mir méi erreechen.