Marie-Paule Dondelinger

Marie-Paule Dondelinger

Mäin Numm ass Marie-Paule Dondelinger.

Ech si séit 2009 getrennt a séit 2012 gescheet.

Mäin Liewensënnerhalt hunn ech als Staatsbeamtin verdéngt an ech sinn zënter 2017 pensionéiert.

Meng formidabel Kanner sinn op 3 Generatioune verdeelt :

Méin eelste Bouf huet 32 Joer an ass stolze Familljepapp vun engem Béifche vun 2 Joer, méin zweete Bouf ass der 20, a méi Meedchen huet 13 Joer.

Ech gi vill an d’Natur trëppele woubäi méin Handy méin treiste Begleeder ass fir fotografesch d’Natur an architektonesch Impressiounen anzefänken. Wann ech net grad ënnerwee si schaffen ech gären a mengem Gaart.

Am Haus liesen ech vill  (Literatur a Naturwëssenschaften) a kachen, bitzen a strécke gären.

Ech laache vill a gär, och iwwert mech selwer, sichen no deene beschtméigleche Léisungen, och wann d‘Situatioun verstréckt ass, an hu meeschtens e „Plang B“ fir  e „last minute worst case“.

Politesch engagéieren ech mech , well ech meng Platz an der Gesellschaft wëll aktiv wouer huelen a mech net op eng nohalteg schlecht Politik aus zweeter Hand verloosse wëll.

Besonnesch léit mir dobäi um Häerz :

  • Lëtzebuerg duerch direkt demokratesch Bedeelegung vum Bierger fir d‘Bierger nees zu engem kannerfrëndlechen a liewenswäertem Land ze maachen.
  • Mech fir e soziale Wunnengsbau mat natierlechen Ëmwelt- a mënschefrëndleche Baustoffer asetzen.
  • Lëtzebuerg zu engem real ekologesch-ekonomesche Leadership a punkto erneierbar Energie ze verhëllefen.