Jobs: Conseiller/Coordinateur politique

Jobs: Conseiller/Coordinateur politique

Conseiller/Coordinateur politique

Kopstal, Luxembourg District, Luxembourg · Administratioun

 

Description

Missioun

Als Conseiller/Coordinateur politique sitt Dir responsabel fir d’Administratioun vun der PIRATEPARTEI an de Kontakt mat der sensibilité politique PIRATEN an der Chamber. Dir sitt nom Generalsekretär éischten Uspriechpartner fir all administrativ Fro.

Aufgaben

Är Aarbecht ëmfaasst ënnert anerem:

  • Gestioun vum Personal vun der Partei
  • Interface tëscht Benevolen an Ugestallte vun der Partei
  • Austausch a Koordinatioun tëscht Partei a Chamber fir en kohärent Optrieden ze garantéieren
  • Bedeelegung un der interner (z.B. Rapports) an externer (Publikatiounen, Pressematdeelungen, …) Kommunikatioun souwéi politeschen Entscheedungen
  • Assistenz a Begleedung vun Aarbechtsgruppen zu verschiddenen Themen
  • Matschaffen un der Creatioun an Organisatioun vu Walkampagnen
  • Interface mat externen Ubidder (Fiduciaire, Affekot, …)
  • Koordinatioun vun der Comptabilitéit mam Trésorier an der Fiduciaire
  • Gestioun vun eiser Parteizentral zu Koplëscht

Requirements

  • Dir identifizéiert Iech mat de Grondprinzipien vun de PIRATEN
  • Dir hutt Kenntnisser an e Verständnis vun der nationaler an internationaler Politik an hirem Kader
  • Dir beherrscht déi dräi offiziell Landessproochen a Schrëft a Sprooch sou wéi Englesch.
  • Dir kennt Iech aus mat de gängege Computer-Programmer a wësst wéi een sozial Netzwierker benotzt, Kenntnisser vun OpenSource Office-Programmer ass vu Virdeel.
  • Dir hutt Organisatiounstalent, kënnt Texter fräi schreiwen an hutt en Equippegeescht
Apply for this job