Jobs: Attaché(e) parlementaire

Jobs: Attaché(e) parlementaire

Attaché(e) parlementaire

Luxembourg City, Luxembourg · Sensibilité politique

 

Description

Missioun

Als parlamentareschen Attaché ass Är Missioun fir eis Deputéierten bei hirer parlamentarescher Aarbecht am Alldag z’ënnerstëtzen.

Aufgaben

Är Aarbecht ëmfaasst ënnert anerem:

  • Schreiwe vu parlamentaresche Froen: Suivi vun der Presse, offiziellen Dokumenter, Biergerufroen, …
  • Schreiwe vu legislativen Texter : Gesetzespropositiounen, Amendementer, Motiounen, …
  • Analyse a Schreiwe vun Notten iwwert aktuell Projeten an der Chamber an Themefelder déi op der Dagesuerdnung stinn.
  • Treffen mat Acteuren vum Terrain fir sech e bessert Bild iwwert d’Situatioun vun alle Säiten ze maachen an esou eng besser legislativ Aarbecht z’ënnerstëtzen.
  • Organisatioun a Participatioun u Konferenzen: Organisatioun an Duerchféierung vu Konferenzen zur politescher Bildung
  • Analyse vum Staatsbudget a Redaktioun vun Notten a Recommandatiounen
  • Verschidden administrativ Tâchen

Requirements

  • Dir identifizéiert Iech mat de Grondprinzipien vun de PIRATEN
  • Dir hutt Kenntnisser an e Verständnis vun der nationaler an internationaler Politik an hirem Kader
  • Dir beherrscht déi dräi offiziell Landessproochen a Schrëft a Sprooch sou wéi Englesch.
  • Dir kennt Iech aus mat de gängege Computer-Programmer a wësst wéi een sozial Netzwierker benotzt, Kenntnisser vun OpenSource Office-Programmer ass vu Virdeel.
  • Dir hutt Organisatiounstalent, kënnt Texter fräi schreiwen an hutt en Equippegeescht
Apply for this job