Jerry Weyer

Jerry Weyer

Mäin Numm ass Jerry Weyer.

Ech sinn Entrepreneur an der digitaler Kommunikatioun.

Ech hunn d’Piratepartei mat gegrënnt, well ech mech duerch déi existéierend Parteien net representéiert gefillt hunn: almoudesch Methoden, Denkweisen an Iddie wollt ech net akzeptéieren.

Ech sinn elo fir 2. Kandidat bei de Chamberwale fir déi Denkweis an d’Chamber ze bréngen: Digitalisatioun fërderen amplaz ze verdäiwelen, d’Fräiheet schafen, datt jiddereen seng Kreativitéit ausliewe kann, an e Staatsapparat deen administréiert amplaz sech an d’Liewe vun de Leit anzemëschen.

Schutz vun onse Fräiheets- a Biergerrechter, Ofbau vun der Bürokratie, Encadréiere vun der digitaler Ekonomie an d’Emsätze vun engem schlanke Staat bleiwe meng Schwéierpunkten – hoffentlech dann och an der Chamber, mat Denger Ënnerstëtzung!