Christian Isekin

Christian Isekin

Mäin Numm ass Christian Isekin.
Ech sinn de President vun der Partei fir integral Demokratie – PID.

Ech sinn zënter 14 Joer Beamten, hunn e Meedche vun 23 Joer, a meng Hobbyen si Musek maachen (schreiwen, sangen, Gittar spillen), kleng Filmer produzéieren, an Informatik.

Ech si politesch aktiv ginn, well ech absolut net méi d’Accord domat sinn, wou déi aktuell Politik ons hi gefouert huet, an nach wäert hi féiere, wann se net gestoppt gëtt.

Meng Kär Uleie sinn :

  • direkt Demokratie,
  • Wiessel vum System an der Chamber/Regierung,
  • gesond Ernierung,
  • Stoppe vum Privatiséiere vum ëffentleche Gutt,
  • planzlech Medikamenter,
  • Grondakommes,
  • an d’Verschwendung vun onse Steiergelder stoppen.