33 Stëmmen fir d’Regierung “Bettel 2”

33 Stëmmen fir d’Regierung “Bettel 2”

Eis Reaktiounen zur Regierungserklärung, de Sven huet seng éischt grouss Ried an der Chamber gehalen. (Video kennt no)

Piraten hunn mat hiren 2 Stëmmen der Regierung ee Vertrauensvirschoss ginn, well sou munch vun eise Fuerderungen (Gratis Transport, Cannabis, Steierreform, …) aus de Wahlen, ëmgesat wäerte ginn. Soumat koum Regierung ” Xavier Bettel ” op 33 vu 60 Stëmmen.

Als Pirate wäerte mir genau kucken, wéi gutt Regierung hier Ukënnegunge wäert ëmsetzen.

Trau kengem Wahlkaddo

Trau kengem Wahlkaddo

Eis Jonk Piraten hunn aktuell Situatioun vun de Parteien zesumme gefaast, elo komme fir alles Kaddoen, just well si deng Stëmm wëllen. Ganz wei wann Parteie virdrun ni regéiert hätten.

Wei eng Partei versprécht fir éischt een Eenhar fir jiddereen?

 

Autossteier erkläert

Autossteier erkläert

 

Autossteier fir all Benotzer vum Reseau

 

Den aktuelle Modell vun der Autossteier soll och als Vignette benotzt ginn. Sou ka jiddwereen deen eist Stroossennetz benotzt, och säi finanziellen Deel zum Erhalt bäidroen.

Et sollen och Vignette begrenzt op Stonnen, Deeg o der Méint fir Touriste verfügbar sinn.