Wei vill Bauland ass an der Hand vum Staat?

Wei vill Bauland ass an der Hand vum Staat?

De Rapport iwwert d’réserve foncière vum LISER huet Diskussiounen doriwwer opkommen gelooss, wéi vill Bauland an a staatlechen Hänn ass. Mir hunn d’Regierung an enger parlamentarescher Fro em konkret Zuelen gefrot. 

No der Presentatioun vun der Etüd vum LISER zur sougenannter réserve foncière huet de Maître Georges Krieger op RTL behaapt, datt e Gros vun der mobiliséierbarer Reserv an den Hänn vum Staat a virun allem vum Fonds du Logement wier.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vum Fonds du Logement? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2, …), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.
  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vun der SNHBM? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2, …), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.
  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vum Fond de Kirchberg? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2, …), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.
  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vum Fond Belval? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2, …), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.
  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vum Fond d’assainissement de la cité Syrdall? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2, …), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Äntfert op eis Fro: Aarbeschtskonditioune bei der Police

Äntfert op eis Fro: Aarbeschtskonditioune bei der Police

Op eis parlamentaresch Fro zu den Aarbechtskonditioune bei der Police, krute mer vum Minister fir bannenzeg Sécherheet d’Äntwert, dass reegelméisseg géint déi gesetzlech festgeluechten Aarbechtskonditioune vun eiser Police verstouss ginn ass.

Sou wéi aus der Äntwert vum Minister ze deiten ass, wäert dee Problem awer wuel nach eng Zäit weidergoen. “On analyse” ass hei déi weider Demarche, déi mer vun eiser Regierung schonn oft héieren a gelies hunn.

D’Pirate wënschen sech, dass dës Analysen net nach ee weidert Joer dauert an dass eis Polizisten esou schnell wéi méiglech mat normalen Horairë kënnen hiren Déngscht verriichte fir eis Sécherheet ze garantéieren.

Gréng baue fir jiddereen?

Gréng baue fir jiddereen?

D’Regierung huet ugekënnegt, energetesch Renovatioune fir Wunnengen ze erhéijen. Ugesiichts de Problemer, déi mer awer aktuell um Wunnengsmaart hunn, froe mer eis, op d’Regierung sech beim Logement net éischter op aner Prioritéite wëll konzentréieren. Wa mer energetesch bauen, soll och de Bierger eppes dovun hunn. Mer wëlle vun der Regierung wëssen, wou dann déi sozial Komponent beim Wunnengsbau soll sinn?

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro.

Am Kader vum nationale Klima- an Energieplang hunn d’Ministere fir Ëmwelt, Klima an Energie hir Ziler fir d’Reduzéierung vun Ofgaser duergeluecht. Am Plang ass rieds dovun d’energetesch Renovatioune fir privat an ëffentlech Wunnenge weider ze ënnerstëtzen. Leider ass et esou, dass vill Haushälter zu Lëtzebuerg, och mat dëser Ënnerstëtzung, net d’finanziell Mëttele besëtze fir sech dës energetesch Renovatioune kënnen ze leeschten. Och stellt sech d’Fro, wéi dës energetesch Renovéierunge Locataire a sozioekonomesch schwaach Haushälter abegräift an ob duerch déi energetesch Renovatiounen net souguer d’Käschte vun de Logementer méi héich kéinte ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Ass d’Regierung der Meenung, dass eng nohalteg Klima- an Ëmweltpolitik och eng sozial Komponent muss hunn? Fënnt d’Regierung am Klima- an Energieplang dës sozial Komponent erëm?
  • Wéi wäert d’Regierung de Klima- an Energieplang ëmsetzen, fir dass och sozioekonomesch schwaach Haushälter a Locatairen ouni Zousazkäschten a Genoss vu energetesch renovéierte Logementer kommen?
  • Wëll d’Regierung Mechanisme virgesinn, fir ze garantéieren, dass d’energetesch Renovatioune vu verlounte Logementer net op Käschte vun de Locatairë ginn?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député

Manner konsuméieren an awer méi bezuelen?

Manner konsuméieren an awer méi bezuelen?

An den leschten Joren sinn d Präisser fir den Raccordement un de Stroumreseau staark gestiegen. Mir wollten wëssen, wei eng Faktoren zu dëser Präishausse gefouert hunn.

Am folgenden fannt dir den Text zu eiser Fro:

Fir kënne Stroum ze bezéie muss e Stot un en Stroumreseau ugeschloss sinn a fir datt de Stroumliwwerant ofrechne kann, muss den effektive Verbrauch ofgelies ginn. Dofir gesäit d’Gesetz vum 1. August 2007 iwwert de Stroummarché am Artikel 2 (1) Folgendes fir: “Un règlement grand-ducal peut introduire un système national de péréquation afin de garantir des tarifs d’utilisation du réseau uniformes pour un même niveau de tension.” Dëst ass och tatsächlech de Fall an den ILR publizéiert all Joer d’Tariffer fir déi sougenannten “Redevance mensuelle fixe pour l’accès au réseau BT”.

Wärend tëscht dem 1. Januar 2017 an dem 31. Januar 2019 d’Präisser laut dem STATEC ëm 2,98 Prozent, respektiv den Index vu Salairen ëm 3,51% geklomme sinn, ass den Tarif fir de Raccordement un de Stroumreseau ëm 28,62% geklommen.

Déi héich Raccordements-Tariffer iwwerdecken dobai all individuell Versich duerch d’Reduktioun vun der eegener Stroumconsommatioun ze spueren. An der Hypothees, datt e Stot 2017 bspw. 4000kWh consomméiert huet a säi Verbrauch fir 2019 ëm 15% gesenkt, also op 3400kWh reduzéiert huet, hätt dëse Client bei der Enovos, souguer trotz enger Präishausse um Stroumpräis vun 9,97% nach misste ronn 24 EUR / Joer aspueren. No Applikatioun vun de Raccordementsfraise bezilt en haut awer effektiv 7 € / Joer méi wéi virdrun, obwuel e seng Consommatioun reduzéiert huet.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Wéi eng Method benotzt den ILR, fir dësen Tarif fir de Raccordement un de Stroumreseau ze berechnen a festzesetzen?
  • Duerch wéi eng Facteuren ass et zu der drastescher Präiserhéijung komm?
  • Wéi erkläert sech dës Hausse virum Hannergrond, datt de Projet “Smarty” jo u sech d’Käschte fir de Comptage vum Stroumverbrauch sollt reduzéieren?
  • Sinn d’Ministeren och der Meenung, datt dës Hausse eventuell individuell Aspuerungen beim Energieverbrauch reduzéiert oder souguer ganz negéiert?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Keng Sue fir d’Pompjeeën

Keng Sue fir d’Pompjeeën

Eis fräiwëlleg Pompjeeë kruten hir Indemnitéite bis haut nach net ausbezuelt. D’Pirate wëlle vun der Ministesch Taina Bofferding wëssen, firwat dëst de Fall ass.

De Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) stellt een onverzichtbare Pilier vun eiser Gesellschaft duer. De selbstlosen Asaz vu ville Fräiwëllege rett all Dag vill Liewen zu Lëtzebuerg a wär ouni dës net funktiounsfäeg. Den Artikel 35 vum Gesetz vum 27. Mäerz 2018 beseet, dass d’Volontairen eng steierfräi Indemnitéit fir den Asaz beim CGDIS kënne kréien, déi vum Conseil d’Administration vum CGDIS decidéiert a vum Regierungsrot accordéiert gëtt. No den Informatiounen op der Website vum CGDIS gëtt den Engagement aktuell mat 1€/Stonn entlount. Verschidde Fräiwëlleger hunn eis beriicht, dass si – Stand haut – nach guer keng Indemnisatioun iwwerwise kruten.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass d’Indemnitéite fir d’fräiwëlleg Pompjeeë schonn ausbezuelt goufen? Falls jo, wéini goufe se ausbezuelt?
  • Wat sinn d’Grënn vun der spéider Ausbezuelung vun den Indemnitéiten?
  • Etant donné,
  1. dass de Fonctionnement vum CGDIS op eng grouss Unzuel vu Fräiwëlleger ugewisen ass,
  2. dass den Engagement vill Fräizäit fir d’Volontaire fuerdert,
  3. der Ausso vum Koalitiounsofkommes op der Säit 54: “Une attention particulière sera portée aux pompiers bénévoles qui, ensemble avec les pompiers professionnels, sont les piliers de nos services de secours.” ass d’Madamm Ministesch Bofferding der Meenung, dass de Benevolat beim CGDIS nach besser misst entlount ginn? Falls nee, wat ass hir Erklärung?

Mat déiwem Respekt,

GOERGEN Marc

Député

Wéi héich ass de staatlechen Afloss an de Verwaltungsréit vun der SNCA der SNCH an dem SNCT wierklech?

Wéi héich ass de staatlechen Afloss an de Verwaltungsréit vun der SNCA der SNCH an dem SNCT wierklech?

D’SNCT soll dem Mobilitéitsminister no eng onofhängeg Gesellschaft sinn, ob déi de Staat keen Afloss huet. An trotzdeem gehéieren dem Staat 75% vun der SNCA där 100% vun der SNCT gehéiren. D’Präsenz vu staatlech genannte Memberen an de Verwaltungsréit vun der SNCA der SNCT an der SNCH léisst eis un der tatsächlecher Onofhängegkeet vun dësen Entitéiten zweiwelen, an dofir hunn mir dem Minister folgend parlamentaresch Fro gestallt:

An den Äntwerten op d’parlamentaresch Froen 302, 303, 310 an 312 huet den Här Minister uginn, datt hien op
d’SNCT keen Afloss hätt, well et sech em eng Gesellschaft op engem liberaliséierte Maart handele géif. Gläichzäiteg
gehéieren dem Staat awer 75% vun der SNCA, där 100% vun der SNCT gehéieren. An ausserdeem gehéieren der SNCA och ~88% vun der SNCH (déi aner ~12% gehéieren dem Wirtschaftsministère).

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Confirméiert de Minister, datt de Staat als bénéficiaire économique vun den 3 Gesellschafte SNCA, SNCT an SNCH zeréckzebehalen ass?
  • Wéi vill Administrateure bei der SNCA si vum Staat genannt? Wéi vill Administrateuren huet d’SNCA am Ganzen?
  • Wéi vill Administrateure bei der SNCH si vum Staat genannt? Wéi vill Administrateuren huet d’SNCH am Ganzen?
  • Wéi vill Administrateure bei der SNCT sinn identesch mat Persounen, déi bei der SNCA oder der SNCH vum Staat genannt sinn? Wéi vill Administrateuren huet d’SNCT?
  • Laut dem Bilan vun der SNCA sinn d’Indemnitéite vum Conseil d’Administratioun vun 29.757 € am Joer 2015 op 153.202,50 € am Joer 2017 gestigen (e Plus vu 415%). Bei der SNCT sinn se vun 21.900 € am Joer 2016 op 50.000 € am Joer 2017 gewuess (e Plus vun 128%) an och bei der SNCH sinn se vu 27.900 € am Joer 2016 op 49.070 € am 2017 ugestige mat enger Hausse vun +76% also. Hunn déi vum Staat genannten Administrateuren eng Autorisatioun gehat, fir d’Indemnitéiten an de Conseil’en eropzesetzen?
  • Gouf zanter dësen Erhéijungen eng Entscheedung nom Gesetz vum 25. Juli 1990 getraff, déi festhält, datt déi vum Staat genannten Administrateuren dës Erhéijunge selwer behalen dierfen, oder goufen se un d’Staatskeess ofgefouert? Wéi vill gouf – opgeschlësselt no Joer – vun dësen Administrateuren un d’Staatskeess ofgefouert?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Privat Konschtsammlungen an nationale Muséeë

Privat Konschtsammlungen an nationale Muséeë

D’Assurance an de Stockage vu Konschtsammlungen oder eenzele Wierker, déi a Privatbesëtz sinn, ginn vun nationalen Muséeën iwwerholl, wann d’Besëtzer zoustëmmen, dass de Musée d’Konschtwierker dem Public zougänglech maachen kann. Mir welle wëssen, wéi vill Euro de Staat op dëse Wee fir den Ënnerhalt an d’Versécherung vu privaten Konschtinvestissementer ausgëtt.

Am folgenden fannt dir den Text zu eiser Fro:

Privatpersounen, déi eng Konschtsammlung oder e wäertvollt Eenzelstéck besetzen, kennen hier Konschtwierker u Muséeë verléinen. Esou hunn déi verschidde Muséeën zu Lëtzebuerg, laut Aussoe vun der Presse an der Madamm Ministesch, eng Rei Wierker an och ganz Kollektioune vu Privatleit am Prêt. Dës Wierker a Kollektioune ginn op d’Käschten a Verantwortung vun de Muséeën stockéiert, ënnert der Konditioun, datt d’Wierker kënnen dem Public zougänglech gemaach ginn. D’Besëtzer musse wärend der Zäit, wou se hier Biller de Muséeën zur Verfügung stellen, also keng Käschte fir de Stockage oder d’Assurance vun hire Wierker a Kollektiounen iwwerhuelen.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

  • Wéi vill Wierker oder ganz Kollektioune sinn am Moment (opgelëscht nom Musée an der Unzuel vu Wierker pro Prêt) a Muséeë mat staatlecher Bedeelegung am Prêt?
  • Wéi héich sinn d’Käschte fir d’Assurancen, fir de Stockage a fir aner Fraisen, déi duerch dës Prête fir d’lëtzebuergesch Muséeën entstinn (opgelëscht no Musée)?
  • Mussen d’Besëtzer vun dëse Wierker dësen “avantage en nature” a Form vun enger Stockéirung a Versécherung vun hire wäertvollen Investissementer versteieren? Oder handelt sech hei em eng steierfräi Faveur, fir méi Sammler zu engem Prêt ze motivéieren?
  • Wéi héich ass d’assuréiert Somme vun deene Wierker, déi de Muséeë selwer gehéieren am Verglach zu der assuréierter Somme vun deene Wierker, déi geléint sinn (an absoluten a relative Wäerter)?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

D’Auxiliaires de Vie goufe vergiess

D’Auxiliaires de Vie goufe vergiess

Schonn zënter leschtem Joer ass der Regierung bekannt, datt hinnen mam Reglement vum 13. Dezember 2017 e Feeler Ënnerlaf ass. Et ass vergiess ginn d’Auxiliaires de Vie an dësen Text opzehuelen. Trotzdeem ass dëse Feeler bis haut net behuewe ginn. Wisou net? Dat hunn mir eis och gefrot a beim zoustännege Minister nogefrot. 

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

De 6. Juli 2018 huet de Minister Schneider per Bréif op eng Entrevue vum 26. Juni 2018 tëscht him an der Associatioun vun den Auxiliaires de Vie reagéiert a versprach en technesche Feeler ze corrigéieren, deen d’Auxiliairen net an der Annexe 1 vum groussherzogleche Reglement vum 13. Dezember 2017 opféiert. Mam groussherzogleche Reglement vum 18. September 2018 gouf de virgenannte Reglement ofgeännert a liicht Ännerungen un den Annexen duerchgefouert, mee de sougenannten technesche Feeler, datt d’Auxiliaire de Vie hei vergiess goufen, gouf awer net verbessert.

  • An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:
  • Kann de Minister erklären wéi et dozou koum datt – 3 Méint no enger Entrevue bei där de Feeler thematiséiert gouf – dëse widderholl gouf?
  • Gedenkt de Minister nei Prozeduren anzeféiere fir organisationell ze garantéieren, datt schrëftlech Verspriechen an Zukunft och agehale ginn?
  • Dësen technesche Feeler hat Repercussiounen op d’Aarbechtskontrakter an d’Héicht vun der Bezuelung vu villen Auxiliaires de Vie. Wéi wäert d’Regierung déi betraffe Beruffsgrupp fir dëse Feeler entschiedegen?
  • Bis wéini plangt de Minister dësen technesche Feeler endgülteg ze behiewen?

Mat déiwen Respekt,

Clement Sven

Halal ass net biologesch

Halal ass net biologesch

Nom EU-Geriichtshaff erfëllt Fleesch, dat als halal bezeechent gëtt, net d’Konditioune vun enger biologescher Déierenzuucht. Effektiv ginn d’Déiere fir halal ze produzéiere lieweg ausbludde gelooss, eng Praxis déi fir d’Wuel vum Déier wuel guer net respektéiert. D’Piraten hunn der Regierung dozou eng parlamentaresch Fro gestallt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Fir en europäescht Bio-Label ze kréie muss een als Fleeschproduzent ënnert anerem och gewësse Standarde bei der Schluechtung vun Déieren anhalen. Den europäesche Geriichtshaff huet a sengem Communiqué vum 26.
Februar 2019 dofir festgehalen, dass als halal gekennzeechent Fleesch net mam Label vu biologescher Déierenzuucht vereenbar ass. Halalt Fleesch staamt nämlech vun Déieren, déi ouni Betäubung geschluecht goufen
a steet domat am Kontrast zum Artikel 14 Punkt b) vun der EU-Richtlinn n°834/2007 iwwer d’ökologesch Produktioun a Kennzeechnung, déi Folgendes festhält: “toute souffrance, y compris la mutilation, est réduite au
minimum pendant toute la durée de vie de l’animal, y compris lors de l’abattage”. De Bio-Label vun der EU däerf, dem Europäesche Geriichtshaff no, net op Fleescherzeugnisser apposéiert ginn, déi vun Déiere stamen, déi ouni Betäubung geschluecht goufen. Ausserhalb vun der EU gëllen dës Virschrëfte fir biologesch Liewensmëttel awer net onbedéngt. Dëst mëscht et schwéier ze kontrolléieren, ob biologescht Fleesch aus Net-EU-Länner no Halal-Prozedure geschluecht gouf oder net.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Opgelëscht no Hierkonftsland an no Joer: wéi vill Kilo halalt Fleesch si säit 2015 a Lëtzebuerg importéiert ginn? Wéi vill Prozent dovu war biologesch? Opgelëscht no Joer: Wéi vill Prozent vun de Fleeschprodukter, déi zu Lëtzebuerg verkaf goufen, waren als halal gekennzeechent? Wéi vill dovu ware biologesch?
  • Awéifern ass d’Distributioun vun als halal gekennzeechentem Fleesch zu Lëtzebuerg konform mam Artikel 9 vum lëtzebuergeschen Déiereschutzgesetz vun 2018?
  • Gesäit d’Regierung fir, lëtzebuergesch Verbraucher besser iwwert d’Ënnerscheeder tëscht Bio-Label aus der EU an aus dem Ausland opzeklären?

Réparer au lieu de jeter?

Réparer au lieu de jeter?

D’Pirate wollte vun der Regierung wëssen, wat fir eng konkret Mesuren si ënnerhuele fir de Recyclage an d’Erëmbenotzung vu Gidder ze ënnerstëtzen.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser parlamentarescher Fro, dës Kéier op Franséisch:

Privilégier la réparation de produits peut être une piste à suivre dans la lutte climatique contemporaine. Dans d’autres pays européens tels que la Bulgarie, le Danemark ou la Suède, nos concitoyens et concitoyennes européens profitent désormais d’un régime législatif favorable à la réparation de produits. Ainsi, la durée de garantie des produits a été
prolongée, il a été légiféré pour contrer l’obsolescence programmée et il a été procédé, notamment en France, à un accroissement de la réparabilité des produits vendus par l’obligation pour le fabricant d’afficher la durée de disponibilité des pièces détachées. En Suède et aux Pays-Bas le législateur a même décidé d’une baisse de la TVA sur les réparations.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes aux Ministres:

  1. Monsieur le Ministre Gramegna, envisagerait-il de favoriser les réparations ? Dans l’affirmative, la prolongation de la durée de garantie de produits, ainsi que la lutte contre l’obsolescence programmée constitueraient-elles, à son avis, des outils
    appropriés ?
  2. Monsieur le Ministre, quelle est votre position à l’égard d’une baisse de la TVA sur les réparations ? La TVA constituerait-elle une composante attractive d’une stratégie de promotion des réparations ?
  3. Monsieur le Ministre Gramegna, envisagerait-t-il de favoriser une politique de promotion de la réparation par le biais d’avantages fiscaux?
  4. Madame la Ministre Dieschbourg, serait-elle consciente des initiatives de nos pays amis européens ? Saluerait-elle ces avancées ou pas ?
  5. Madame la Ministre Dieschbourg, reconnaîtrait-elle qu’une promotion des réparations pourrait avoir des retombées favorables sur la lutte contre le réchauffement climatique et l’apaisement du fléau des déchets ? Dans l’affirmative, quelles mesures concrètes envisagerait-elle afin de promouvoir les réparations?
  6. Madame la Ministre Lenert, en vue du renforcement de la protection des consommateurs, quelles démarches prendrait-elle pour endiguer l’obsolescence programmée?
  7. Madame la Ministre Lenert, afin de promouvoir les réparations, ne serait-il opportun de revoir la durée de garantie de produits neuf et d’occasion ? Dans l’affirmative, est-ce que Madame la Ministre légiféra en la matière ?

Je vous prie d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de ma très haute considération.

GOERGEN Marc
Député