D’Piraten ënnerstëtzen den Turnup Tun

D’Piraten ënnerstëtzen den Turnup Tun

D’Pirate schwätzen hir Solidaritéit aus mam Kënschtler Tun Tonnar, och Turn Up Tun genannt.

Dësen huet a sengem Lidd “FCK LXB” Persoune vu rietspopulistesche Beweegungen zu Lëtzebuerg karikaturéiert, dorënner de Wee2050 oder Déi Konservativ. Den Tun Tonnar muss sech wéinst enger Plainte géint hien elo den 28. Mäerz 2019 viru Geriicht veräntwerten.

Fir d’Pirate sinn d’Kënschtler- an d’Meenungsfräiheet ee Grondsteen vun eiser Demokratie an d’Basis vun enger gesonder Debattéierkultur. Mer setzen eis och weiderhi fir eng fräi Meenungsäusserung an d’Fräiheet vum kënschtleresche Schaffen aus.

Version française:

Le Parti pirate apporte son soutien à l’artiste Turnup Tun – au nom de la liberté d’expression.

Le Parti Pirate tient aux libertés d’expression et artistique et exprime clairement sa solidarité avec l’artiste Turnup Tun. Dans la chanson « FCK LXB », l’artiste Turnup Tun caricature des personnalités issues de mouvements de la droite-populiste comme Wee2050 ou Déi Konservativ. L’artiste en question devra se présenter devant le tribunal le 28 mars 2019. Pour le Parti Pirate, la liberté d’expression et la création artistique sont à considérer comme des constituantes fondamentales de notre démocratie et comme les bases mêmes d’une culture de débat. Le Parti Pirate restera toujours engagé en faveur de la libre expression et de la création artistique.

De Budget 2019

De Budget 2019

De Finanzminister huet haut an der Chamber de Budgetsprojet fir 2019 virgeluecht.

No engem éischte Bléck op d’Zuele bedauere mer, dass d’Personalkäschte pro Ministère an een eenzege Kredit gestach ginn, wat leider guer keng Kontroll méi erméiglecht wéi vill CDD’en, CDI’en a Fonctionnairen an deene jeeweilege Ministèren agestallt sinn.

Ee weideren a leider och gréissere Kritikpunkt, dee mer hunn ass, dass d’Firmen zu Lëtzebuerg iwwert dës Legislatur 200 Milliounen Euro duerch Steierreduktioune geschenkt kréien. Dat sinn 50 Milliounen Euro d’Joer. Dat si Suen, op déi d’Regierung zugonschte vun der Wirtschaft verzicht, déi awer gutt genotzt hätt kéinte ginn, fir de Mënschen am Land ze hëllefen.

Dës Zomme hätt kéinte fir vill Projeten agesat ginn, fir d’Situatioun vu ville Matbierger hei am Land ze verbesseren, sief et am Beräich vum Logement, an der Gesondheet, an der Bildung oder an der Ënnerstëtzung vum Volontariat.

Mer fuerderen d’Regierung op responsabel ze handelen a net zugonschte vun der Wirtschaft op Steieren ze verzichten, déi fir d’Wuel vum Land kéinten agesat ginn !



Demo géint den Uploadfilter – #SaveYourInternet

Demo géint den Uploadfilter – #SaveYourInternet

Den 23. März 2019 um 14h00 gëtt op der Place de l’Europe um Kierchbierg (virun der Philharmonie) demonstréiert!

An den Trilog-Verhandelungen hunn sech d’EU-Parlament, d’Kommissioun an de Rot op d’Aféierung vum Uploadfilter an dem Leeschtungsschutzrecht geenegt.

Dat heescht: DEN INTERNET ASS AKUT A GEFOR!

Déi gutt Norriicht: Mir kënnen dat nach verhënneren!
An der Bevëlkerung gett et ee massiven Widerstand an och am europäeschen Parlament ginn et ëmmer méi kritesch Stëmmen.
Eis bëscht Chance ass also déi final Ofstëmmung am EU-Parlament, déi viiraussichtlech Enn März stattfannen wäert!

Dofier gitt all an der Demo matt an weisst dass Dir net averstanen sidd.

Zum Thema Space Mining

Zum Thema Space Mining

Här President, Léif Kolleginnen a Kollegen,

Datt Mënschen no de Stäre gräifen ass net nei, an elo wou quasi e
Goldrausch em Weltraumressourcen ausgebrach ass, ass et nëmmen
normal, datt erëm méi Mënschen an doranner och de Lëtzebuerger
Staat no de Stäre gräife wëllen.

Mir sinn net der Meenung, datt eng Regierung kee Risiko dierf
agoen, ganz am Contraire, heiansdo ass et néideg e Risiko anzegoen
fir weider no vir ze kommen. Mir hätten eis awer erwaart, datt
d’Feeler déi bei Planetary Ressources gemaach goufe méi
transparent opgeschafft gi wieren.

Et gëtt e schéine Sproch “Bei engem Goldrausch, sich net no Gold,
wann s de Schëppe verkafe kanns!”

Als klenge Staat deen et duerch de Marketing vun der Regierung
gepackt huet op der Stärekaart vum Space Mining opzetauchen
sollte mir eis also zu engem Rôle als Schëppeverkeefer hin
orientéieren.

D’SES-Geschicht ass de beschte Beweis dofir, datt een net selwer
muss no Gold gruewe wann ee ka Servicer fir déi offréieren, déi
no Gold sichen. A virun allem ass et vill manner riskant!

Dofir géife mir eis wënschen, eis Souveränitéitsnischen ze notze fir
geziilt Fournisseure vun de Firmen déi no Ressource sichen
unzelackelen amplaz selwer no Gold ze sichen.

Streckeradaren zu Lëtzebuerg!

Streckeradaren zu Lëtzebuerg!

Kuerz virun de Feierdeeg hunn d’Piraten dem Här Bausch, dee jo Minister fir Mobilitéit souwéi Banne Sécherheet ass, eng parlamentaresch Fro zu sengem Plang vum Opriichte vu sougenannte Streckeradaren (radars-tronçon) gestallt. Bei deene Radare gëtt all Autofuerer systematesch vum éischte Radar erfaasst an nom Passéiere vun engem zweete Radar gëtt eng Moyenne gerechent fir ze gesinn, op den Autofuerer sech op deem Streckenofschnëtt un d’Vitesse gehalen huet.

De Problem vun dëse Streckeradaren ass, dass all Bierger onnéideg ënner Generalverdacht gestallt gëtt. D’Piratepartei stellt sech dofir kloer géint dës Form vun onnëtzer a massiver Datenerhiewung. D’Bierger ginn hei ënner Generalverdacht gestallt egal ob si sech un d’Stroossereegelen halen oder net. Sollte méi souer Apparater am ganze Land opgestallt ginn, wär et ganz einfach fir Déngschter ewéi de SREL oder d’Police Bewegungsprofiler vun eenzele Plackennummeren ze erstellen a soumat ze wëssen, wéini a wou eng Persoun zirkuléiert. Deem stelle mer eis entgéint.

All Minister muss engem Deputéierten op eng parlamentaresch Fro äntweren. De Minister huet dann ee Mount Zäit fir drop ze äntweren.

Am Folgenden fannt der den Text zu eiser Fro:

An der Chamberssëtzung vum 18.12.2018 huet den Här Minister ugekënnegt, dass Streckeradaren op engem Ofschnëtt vun der N11 placéiert solle ginn. Dës Form vu Masseniwwerwaachung werft eng ganz Réi vu Froen op hisiichtlech der Legitimitéit vu dësen technologesche Kontrollmechanismen am Kontext vun individuelle Perséinlechkeetsrechter.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Opgeschlësselt no Joer, wéi vill Accidenter gouf et op dësem Streckenofschnëtt? Wéi eng Aarten vun Accidenter goufen op dësem Streckenofschnëtt ermëttelt?
  • Gi bei deenen ugekënnegte Streckeradaren all Stroossegefierer ab deem éischte Kontrollpunkt erfaasst a nom zum Verloosse vum Miessungsinterval an enger Datebank gespäichert? Falls jo, op wéi enger Speicherplaatz ginn d’Donnéën gespäichert a wéi eng Aart vu Verschlësselung gëtt dofir benotzt? Ass eng Läschung vun den Donnéën am Aklang mam Artikel 17 vum Reglement vum Dateschutz virgesinn?
  • Däerf d’Police oder de Geheimdéngscht am Kontext vu Fahndungen oder anere Recherchen ob d’Daten vu Radaren zougräifen? Däerfen dës Déngschder Bewegungsprofiler mat dësen Daten erstellen?
  • Wéi rechtfäerdegt den Här Minister de Fait, dass all Privatpersoun duerch des Streckeradaren ënner Generalverdacht gestallt gëtt, ouni dass am Viraus ee konkrete Verdacht vun enger Verkeiersinfraktioun bestanen huet?
  • Ëm wéi een Ofschnëtt vun der N11 handelt et sech konkret a wisou gouf dës Streck ausgewielt?

Ech verbléiwen an déiwem Respekt,

Marc GOERGEN
Députéierten