Lobbyregësteren zu Lëtzebuerg

Lobbyregësteren zu Lëtzebuerg

Mir wollte vum Premierminister wëssen, ob d’Regierung Wëlles huet en Lobbyregister ze Lëtzebuerg fir d’Exekutiv anzeféieren.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

D’Kreatioun vu Lobbyregësteren ass e vill diskutéiert Thema an der EU. Warend Irland schonn zanter 2015 e Lobbyregëster huet, gëtt aktuell an Daitschland souwuel um Niveau vum Bundestag wéi och vun de Landtagen iwwert d’Aféiere vun engem Lobbyregëster fir méi Transparenz debattéiert. Eng Majoritéit vun Deputéierten aus dem Europaparlament huet sech rezent fir méi staark Transparenzregelen am Kontakt mat Lobbyisten op EU-Niveau ausgeschwat.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Huet d’Regierung virum Hannergrond vun enger Transparenzsteigerung vir, nach an dëser Legislaturperiod e Lobbyregëster anzeféieren? Falls jo, wéi géif dëse Projet konkret ausgesinn a bis wéini géif e realiséiert ginn?
  • Hâr Minister, wat schwâtzt géint e Lobbyregëster fir d’Exekutiv?
  • Ass d’Regierung gewollt een ëffentlech zougânglechen Agenda ze publizéieren, an deem d’Treffen tëscht Regierungsmemberen an externen Acteure festgehale ginn?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Manner Risiko bei der Existenzgrënnung?

Manner Risiko bei der Existenzgrënnung?

Mir wollte vun den zoustännege Minister wëssen, wéi eng administrativ Hürden aktuell bei enger Firmegrënnung bestinn a wéi d’Regierung gedenkt an Zukunft Existenzgrënner ze ënnerstëtzen. D’Chancë vun der Digitaliséierung an d’Aféiere vun engem Congé sans solde fir Firmegrënner wären an dësem Kontext Mesuren, déi d’administrativ Demarchë vereinfachen an den individuelle finanzielle Risiko senke kéinten.

Am Folgenden fannt dir de ganzen Text vun eiser parlamentarescher Fro

Am Koalitiounsaccord an och am neie Budgetsprojet betount de Wirtschaftsministère ëmmer erëm, datt en eng Prioritéit doran geséit aus Lëtzebuerg eng “Start-up Nation” ze maachen. Virun allem nei an innovativ Entreprisë sollen dozou bruecht ginn, Lëtzebuerg als hire Standuert ze wielen. Grad vun innovative Produiten an Déngschtleeschtunge geet awer en héije Risiko aus, well net all Innovatioun vun de Konsumenten och ugeholl gëtt, nëmme well se nei ass. An dësem Kontext ass et dofir ganz wichteg, Entrepreneuren eng gewësse Sécherheet bei der Existenzgrënnung ze garantéieren an doriwwer eraus mussen d’Demarchen, déi néideg sinn, fir eng Entreprise ze grënnen, iwwersichtlech a séier ofgewéckelt kenne ginn, fir dass déi Betraffen de Courage net schonns verléisst, éier si hiert Geschäft iwwerhaapt opgemaach hunn. D’Vereinfachung vun de Prozedure bei der Existenzgrënnung an eng Dämpfung vum individuelle Risiko géingen dobäi net nëmmen neie Start-ups mat innovative Produiten zegutt kommen, mee allgemeng nei Entreprisen ënnerstëtzen. Et däerf ee schliisslech net vergiessen, dass och Persounen, déi sech mat traditionelle Produiten an Déngschtleeschtunge selbststänneg maache wëllen, wéi bspw. am Beräich vum Handwierk, e wichtegt Element vun der lëtzebuergescher Wirtschaft duerstellen. An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • D’Europäesch Unioun encouragéiert seng Memberlänner dozou, d’administrativ Demarchen, déi fir eng Existenzgrënnung néideg sinn, esou ze gestalten, dass et méiglech ass, innerhalb vun 3 Deeg eng Entreprise ze grënnen.
  • Gett des Frist zu Lëtzebuerg agehalen? Wéi vill Deeg dauert et zu Lëtzebuerg an der Moyenne bis all d’Demarchen (z. B. den Depot beim RCSL, d’Homologatioun vum Diplom, d’autorisation d’établissement an d’Umeldung bei der CCSS/TVA) ofgewéckelt sinn?
  • Ass et méiglech des administrativ Demarchen alleguerten online ze maachen?
  • Wéi vill muss een insgesamt fir d’Demarchen, déi am Zesummenhang mat der Existenzgrënnung stinn, bezuelen?
  • De Christian Müller huet am Tageblatt vum 07.03.2019 d’Iddi opgeworf nom schwedesche Virbild e Congé sans solde vu sechs Méint fir zukünfteg Existenzgrënner anzeféieren. Wäert d’Regierung esou e Congé aféieren, fir den individuelle finanzielle Risiko, dee mat enger Firmëgrënnung verbonnen ass, ze dämpfen, fir esou en zousätzlechen Ureiz zur Selbststännegkeet ze schafen?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Eng méi schnell konsularesch Hëllef bei engem Problem am Ausland?

Eng méi schnell konsularesch Hëllef bei engem Problem am Ausland?

Eng Aschreiwung am registre central d’enregistrement de personnes physiques voyageant ou résidant à l’étranger soll hëllefen am Noutfall am Ausland méi séier konsularesch Hëllef ze erhalen. Leider ass de Register zu Lëtzebuerg awer nach net wierklech bekannt. Mir hunn beim responsabele Minister nogefrot, wéi vill Léit bis elo vun der Offer gebrauch gemaach hunn, a wéi an Zukunft besser ob dës Méiglechkeet opmierksam gemaach wäert ginn.

Am Folgende fannt dir den Text zu eiser Fro:

Am Aktivitéitsrapport vun 2018 beschreift den Ausseministère de registre central d’enregistrement de personnes physiques voyageant ou résidant à l’étranger, deen et Lëtzebuerger erlaabt, sech beim Ausseministère ze registréieren, wann se sech temporär an d’Ausland beginn oder awer och ganz do liewen. D’Registréierung soll dozou bäidroen, dass ageschriwwe Persounen, falls se am Ausland an eng Noutsituatioun komme sollten, méi schnell konsularesch Hëllef kréie kennen. Leider ass den aktuelle Succès vum Register awer éischter mitigéiert, well déi nei Offer nach net bekannt genuch ass, obwuel et schonn eng Réi Promotiounsmesurë gouf, déi och am Rapport genannt ginn. An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wéi vill Persounen hunn bis elo vun der Offer vum Ministère gebrauch gemaach an sech am registre central d’enregistrement de personnes physiques voyageant ou résidant à l’étranger ageschriwwen?
  • Firwat gouf entscheet, dass just bei neie Passufroe Werbung fir dëse Register gemaach soll ginn? Bei wéi vill Ufroe fir en neie Pass gouf ob dësem Wee Reklamm gemaach an e Flyer fir den neie Register bäigeluecht?
  • Wéi vill Passverlängerunge goufen an der selwechter Zäit gemaach?
  • Gëtt et en Aktiounsplang fir de Register méi bekannt ze maachen, fir Lëtzebuerger am Noutfall am Ausland nach besser hëllefen ze kënnen?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Problemer bei der Vermëttlung vun Déiren, déi eng Amputatioun erlidden hunn

Problemer bei der Vermëttlung vun Déiren, déi eng Amputatioun erlidden hunn

Feelt engem Hond oder enger Katz e Stéck vum Schwanz, ass et Déiereschutzorganisatiounen opgrond vun der aktueller Gesetzeslag oft net méiglech dës Déieren an eng Famill ze vermëttelen. Mir wollten vun der Regierung wëssen, ob een d’Aarbecht vun Déiereschutzorganisatiounen an dësem Beräich net besser ënnerstëtzen kéint.

Am Folgenden fannt dir den Text zu eiser Fro:

Den Artikel 11 vum lëtzebuergeschen Déiereschutzgesetz hält zesumme mam Reglement grand-ducal vum 6 November 2018 fest, dass et verbueden ass en Hond ze besetzen oder ze verkafen, deen eng Amputatioun erlidden huet, déi veterinärmedezinesch net noutwenneg war an net ob eng Kastratioun oder eng Sterilisatioun zeréckgeet. Esou ass et zu Lëtzebuerg säit 2018 also net méi erlaabt en Hond ze besetzen, deem opgrond vu vermeintleche Schéinheetsidealer de Schwanz amputéiert gouf. Obwuel dëst Gesetz eng wichteg Mesure ass, fir d’Verstümmelung vu Rassenhënn ze ënnerbannen, setzt et Associatiounen, wéi z.B. Pets Angels Luxembourg, déi sech em vernoléissegt Déieren am Ausland an zu Lëtzebuerg këmmeren, virun e grousse Problem. Duerch dat néit Gesetz ass et Déiereschutzorganisatiounen oft nämlech net méi méiglech, amputéierten Déieren en neit Doheem ze schenken, well d’Associatiounen a ville Fäll net noweise kennen, wéi et zu der Amputatioun koum – bspw. duerch en Accident, eng ugebuere Malformatioun oder eben e mënschlecht Agräifen – , an d’Déieren dofir net weider vermëttelen däerfen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wéi a wéi oft gëtt d’Ëmsetzung vum Artikel 11 vum Déiereschutzgesetz zu Lëtzebuerg kontrolléiert?
  • Wéi a wéi oft gëtt spezifesch kontrolléiert, dass Léit keng amputéiert Hënn halen?
  • Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Déiereschutzgesetz an de Reglement vum 6 November 2018 ënnert hirer aktueller Form Déiereschutzorganisatiounen an hirer Aarbecht aschränken?
  • Gedenkt d’Regierung – villäicht iwwert de Wee vu staatlech ausgestallten a kontrolléierte Lizenzen – bestëmmten Associatiounen, déi sech fir d’Wuel vu vernoléissegten Déiren asetzen, eng Erlaabnis ze erdeelen, fir amputéiert Hënn oder Katzen aus dem Ausland an dem Inland zu Lëtzebuerg vermëttelen ze kennen?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Wei vill Bauland ass an der Hand vum Staat?

Wei vill Bauland ass an der Hand vum Staat?

De Rapport iwwert d’réserve foncière vum LISER huet Diskussiounen doriwwer opkommen gelooss, wéi vill Bauland an a staatlechen Hänn ass. Mir hunn d’Regierung an enger parlamentarescher Fro em konkret Zuelen gefrot. 

No der Presentatioun vun der Etüd vum LISER zur sougenannter réserve foncière huet de Maître Georges Krieger op RTL behaapt, datt e Gros vun der mobiliséierbarer Reserv an den Hänn vum Staat a virun allem vum Fonds du Logement wier.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vum Fonds du Logement? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2, …), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.
  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vun der SNHBM? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2, …), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.
  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vum Fond de Kirchberg? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2, …), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.
  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vum Fond Belval? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2, …), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.
  • Wéi vill Parzelle vu wéi vill Surface, déi nach net bebaut sinn, sinn haut am Besëtz vum Fond d’assainissement de la cité Syrdall? W.e.g. als Lëscht mat: Kadasternummer / Surface / mat enger Indikatioun ob se am PAG leien, mat Indikatioun vun der Zone (HAB1, HAB2, …), respektiv mat enger Note ob schonns e PAP besteet / dem Joer vun der Acquisitioun / dem Präis pro Ar vun der Acquisitioun.

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Manner konsuméieren an awer méi bezuelen?

Manner konsuméieren an awer méi bezuelen?

An den leschten Joren sinn d Präisser fir den Raccordement un de Stroumreseau staark gestiegen. Mir wollten wëssen, wei eng Faktoren zu dëser Präishausse gefouert hunn.

Am folgenden fannt dir den Text zu eiser Fro:

Fir kënne Stroum ze bezéie muss e Stot un en Stroumreseau ugeschloss sinn a fir datt de Stroumliwwerant ofrechne kann, muss den effektive Verbrauch ofgelies ginn. Dofir gesäit d’Gesetz vum 1. August 2007 iwwert de Stroummarché am Artikel 2 (1) Folgendes fir: “Un règlement grand-ducal peut introduire un système national de péréquation afin de garantir des tarifs d’utilisation du réseau uniformes pour un même niveau de tension.” Dëst ass och tatsächlech de Fall an den ILR publizéiert all Joer d’Tariffer fir déi sougenannten “Redevance mensuelle fixe pour l’accès au réseau BT”.

Wärend tëscht dem 1. Januar 2017 an dem 31. Januar 2019 d’Präisser laut dem STATEC ëm 2,98 Prozent, respektiv den Index vu Salairen ëm 3,51% geklomme sinn, ass den Tarif fir de Raccordement un de Stroumreseau ëm 28,62% geklommen.

Déi héich Raccordements-Tariffer iwwerdecken dobai all individuell Versich duerch d’Reduktioun vun der eegener Stroumconsommatioun ze spueren. An der Hypothees, datt e Stot 2017 bspw. 4000kWh consomméiert huet a säi Verbrauch fir 2019 ëm 15% gesenkt, also op 3400kWh reduzéiert huet, hätt dëse Client bei der Enovos, souguer trotz enger Präishausse um Stroumpräis vun 9,97% nach misste ronn 24 EUR / Joer aspueren. No Applikatioun vun de Raccordementsfraise bezilt en haut awer effektiv 7 € / Joer méi wéi virdrun, obwuel e seng Consommatioun reduzéiert huet.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Wéi eng Method benotzt den ILR, fir dësen Tarif fir de Raccordement un de Stroumreseau ze berechnen a festzesetzen?
  • Duerch wéi eng Facteuren ass et zu der drastescher Präiserhéijung komm?
  • Wéi erkläert sech dës Hausse virum Hannergrond, datt de Projet “Smarty” jo u sech d’Käschte fir de Comptage vum Stroumverbrauch sollt reduzéieren?
  • Sinn d’Ministeren och der Meenung, datt dës Hausse eventuell individuell Aspuerungen beim Energieverbrauch reduzéiert oder souguer ganz negéiert?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Wéi héich ass de staatlechen Afloss an de Verwaltungsréit vun der SNCA der SNCH an dem SNCT wierklech?

Wéi héich ass de staatlechen Afloss an de Verwaltungsréit vun der SNCA der SNCH an dem SNCT wierklech?

D’SNCT soll dem Mobilitéitsminister no eng onofhängeg Gesellschaft sinn, ob déi de Staat keen Afloss huet. An trotzdeem gehéieren dem Staat 75% vun der SNCA där 100% vun der SNCT gehéiren. D’Präsenz vu staatlech genannte Memberen an de Verwaltungsréit vun der SNCA der SNCT an der SNCH léisst eis un der tatsächlecher Onofhängegkeet vun dësen Entitéiten zweiwelen, an dofir hunn mir dem Minister folgend parlamentaresch Fro gestallt:

An den Äntwerten op d’parlamentaresch Froen 302, 303, 310 an 312 huet den Här Minister uginn, datt hien op
d’SNCT keen Afloss hätt, well et sech em eng Gesellschaft op engem liberaliséierte Maart handele géif. Gläichzäiteg
gehéieren dem Staat awer 75% vun der SNCA, där 100% vun der SNCT gehéieren. An ausserdeem gehéieren der SNCA och ~88% vun der SNCH (déi aner ~12% gehéieren dem Wirtschaftsministère).

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Confirméiert de Minister, datt de Staat als bénéficiaire économique vun den 3 Gesellschafte SNCA, SNCT an SNCH zeréckzebehalen ass?
  • Wéi vill Administrateure bei der SNCA si vum Staat genannt? Wéi vill Administrateuren huet d’SNCA am Ganzen?
  • Wéi vill Administrateure bei der SNCH si vum Staat genannt? Wéi vill Administrateuren huet d’SNCH am Ganzen?
  • Wéi vill Administrateure bei der SNCT sinn identesch mat Persounen, déi bei der SNCA oder der SNCH vum Staat genannt sinn? Wéi vill Administrateuren huet d’SNCT?
  • Laut dem Bilan vun der SNCA sinn d’Indemnitéite vum Conseil d’Administratioun vun 29.757 € am Joer 2015 op 153.202,50 € am Joer 2017 gestigen (e Plus vu 415%). Bei der SNCT sinn se vun 21.900 € am Joer 2016 op 50.000 € am Joer 2017 gewuess (e Plus vun 128%) an och bei der SNCH sinn se vu 27.900 € am Joer 2016 op 49.070 € am 2017 ugestige mat enger Hausse vun +76% also. Hunn déi vum Staat genannten Administrateuren eng Autorisatioun gehat, fir d’Indemnitéiten an de Conseil’en eropzesetzen?
  • Gouf zanter dësen Erhéijungen eng Entscheedung nom Gesetz vum 25. Juli 1990 getraff, déi festhält, datt déi vum Staat genannten Administrateuren dës Erhéijunge selwer behalen dierfen, oder goufen se un d’Staatskeess ofgefouert? Wéi vill gouf – opgeschlësselt no Joer – vun dësen Administrateuren un d’Staatskeess ofgefouert?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Privat Konschtsammlungen an nationale Muséeë

Privat Konschtsammlungen an nationale Muséeë

D’Assurance an de Stockage vu Konschtsammlungen oder eenzele Wierker, déi a Privatbesëtz sinn, ginn vun nationalen Muséeën iwwerholl, wann d’Besëtzer zoustëmmen, dass de Musée d’Konschtwierker dem Public zougänglech maachen kann. Mir welle wëssen, wéi vill Euro de Staat op dëse Wee fir den Ënnerhalt an d’Versécherung vu privaten Konschtinvestissementer ausgëtt.

Am folgenden fannt dir den Text zu eiser Fro:

Privatpersounen, déi eng Konschtsammlung oder e wäertvollt Eenzelstéck besetzen, kennen hier Konschtwierker u Muséeë verléinen. Esou hunn déi verschidde Muséeën zu Lëtzebuerg, laut Aussoe vun der Presse an der Madamm Ministesch, eng Rei Wierker an och ganz Kollektioune vu Privatleit am Prêt. Dës Wierker a Kollektioune ginn op d’Käschten a Verantwortung vun de Muséeën stockéiert, ënnert der Konditioun, datt d’Wierker kënnen dem Public zougänglech gemaach ginn. D’Besëtzer musse wärend der Zäit, wou se hier Biller de Muséeën zur Verfügung stellen, also keng Käschte fir de Stockage oder d’Assurance vun hire Wierker a Kollektiounen iwwerhuelen.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

  • Wéi vill Wierker oder ganz Kollektioune sinn am Moment (opgelëscht nom Musée an der Unzuel vu Wierker pro Prêt) a Muséeë mat staatlecher Bedeelegung am Prêt?
  • Wéi héich sinn d’Käschte fir d’Assurancen, fir de Stockage a fir aner Fraisen, déi duerch dës Prête fir d’lëtzebuergesch Muséeën entstinn (opgelëscht no Musée)?
  • Mussen d’Besëtzer vun dëse Wierker dësen “avantage en nature” a Form vun enger Stockéirung a Versécherung vun hire wäertvollen Investissementer versteieren? Oder handelt sech hei em eng steierfräi Faveur, fir méi Sammler zu engem Prêt ze motivéieren?
  • Wéi héich ass d’assuréiert Somme vun deene Wierker, déi de Muséeë selwer gehéieren am Verglach zu der assuréierter Somme vun deene Wierker, déi geléint sinn (an absoluten a relative Wäerter)?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Eng Pensioun fir d’Collaborateure vum Nazi-Regime?

Eng Pensioun fir d’Collaborateure vum Nazi-Regime?

D’Piraten hunn bei der Regierung nogefrot, ob och lëtzebuergesch Awunner Pensioune fir eng fréier Ënnerstëtzung vum Nazi-Regime bezéien.

Am Folgende fannt dir den Text zu eiser Fro:

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Aussenugeleeënheeten an Europa & Finanzen weiderzeleeden.

An de leschten Deeg huet d’international Presse gemellt, datt et och zum haitegen Dag, bal 74 Joer nom Enn vum 2. Weltkrich, nach ëmmer Persoune ginn, déi vu Pensiounen aus Däitschland profitéieren, déi si fir hier fréier Collaboratioun mam Nazi-Regime erhalen. Betraff wäre virun allem Persounen aus der Belsch a Groussbritannien, déi des Zousazpensiounen och nach steierfräi bezéie kéinten, well hier Nimm zwar den däitschen Ambassaden, awer net de belschen a briteschen nationalen Autoritéite bekannt wieren.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Ginn et och zu Lëtzebuerg Persounen, déi vun enger däitscher Pensioun, déi opgrond vun enger Collaboratioun mam Nazi-Regime wärend dem 2. Weltkrich ausgeschott gëtt, profitéieren?
  • Falls nee: Wéi kann d’Regierung, virum Hannergrond, datt d’Nimm vun de Pensionären den nationalen Autoritéiten ausserhalb vun Däitschland oft net bekannt sinn, ausschléissen, datt bei dësem Sujet och Persounen zu Lëtzebuerg betraff sinn?
  • Falls jo: Ass et och zu Lëtzebuerg esou, datt op déi däitsch Zousazpensioun fir d’Collaboratioun mam Nazi-Regime keng Stéieren erhuewe konnte ginn, well dat zousätzlecht Akommes vun de betraffene Persounen der Steierverwaltung net bekannt ass? Wäerte fréier Collaborateuren aus Lëtzebuerg hier Pensiounen nodréiglech versteiere mussen?
  • Wäert d’lëtzebuergesch Regierung, onofhängeg dovun, ob och lëtzebuergesch Awunner konkret betraff sinn, op internationalem Plang Drock ob déi däitsch Regierung ausüben a fuerderen, datt d’Ausschëdde vun de genannte Pensioune schnellstméiglech ënnerbonne gëtt? Falls jo: wéi well d’Regierung heibäi konkret virgoen?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député