Eng parlamentaresch Fro zu der Hondsausstellung (Dog Expo) zu Lëtzebuerg

Eng parlamentaresch Fro zu der Hondsausstellung (Dog Expo) zu Lëtzebuerg

D’Pirate sti fir den Déiereschutz. D’ASBL Give Us A Voice setzt sech scho säit Joren dofir an, dass d’Déiererechter respektéiert ginn. An de leschte Joren hunn si immens Drock beim Organisateur vun der Dog Expo zu Lëtzebuerg gemaacht an ënnert anerem vill Mëssstänn opgedeckt, déi mat dozou gefouert hunn, dass des Hondsausstellung 2019 wahrscheinlech net stattfënnt.

An dësem Kontext hunn d’Piraten dem zoustännege Minister fir den Déiereschutz, de Minister fir Agrikultur, Vitikultur a Ländlech Entwécklung, Romain Schneider, eng parlamentaresch Fro zu der Duerchféierung vun den Hondsausstellungen zu Lëtzebuerg gestallt.

Am Folgenden fannt der den Text zu eiser Fro:

Nodeems ASBLen, ewéi z.B. Give Us A Voice Lëtzebuerg, wärend Joren Drock gemaacht hunn, huet d’lëscht Joer d’Veterinärsinspektioun der Fédération Cynologique Luxembourgeoise keng Geneemegung méi ginn, fir déi international Hondsausstellung “Dog Expo” zu Lëtzebuerg ze organiséieren. Vereenzelt Aussteller haten op den Hondsausstellunge vun 2017 an 2018 géint Déiereschutzgesetzer verstouss a sinn och wéinst Déierequälerei veruerteelt ginn. D’Fédération Cynologique Luxembourgeoise huet op hirer Website publizéiert a confirméiert, dass si fir 2019 nach keng Autorisatioun krute fir en
g Hondsausstellung ze organiséieren.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Kann den Här Minister confirméieren, dass 2019 keng Hondsausstellungen zu Lëtzebuerg wäerten organiséiert ginn?
  • Falls et awer zu enger Hondsausstellung sollt kommen, a wat fir engem Ëmfang a mat wéi engem Methode wäerten d’Veterinärsinspektioun, d’Police an d’Douannen dës Hondsausstellung kontrolléieren?
  • Wéi gëtt séchergestallt, dass Hondsziichter oder Händler net méi ewéi 2 Hënn op dës Veranstaltung matbréngen? Wäerten heibäi och de Parking an de Terrain vum Ausstellungssite an de Kontrollperimeter abezu ginn?
  • Kann den Här Minister confirméieren, dass bei de leschten Hondsausstellungen ëmfangräich Pass – an Chipkontrolle bei allen deelhuelenden Déieren duerchgefouert goufen? Kann de Minister och confirméieren, dass bei de Kontrolle vu Pass an Chip séchergestallt gouf, dass d’Donnéeën am Pass mat den Donnéeë vum Chip iwwerteneestëmmen?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député

D’Aarbechtskonditiounen bei der Police

D’Aarbechtskonditiounen bei der Police

Eng Police, déi nëmme fonctionnéiert, andeems si sech selwer net un d’Gesetzer hält? U wien went sech ee Polizist, dee méi wéi 70 Stonnen d’Woch schaffe muss fir d’Sécherheet vun eisem Land ze garantéieren?

D’Piraten hunn de Ministere fir Bannenzeg Sécherheet an den Ëffentlechen Déngscht eng parlamentaresch Fro zu den Aarbechtskonditioune vun eiser Police gestallt op Basis vun Informatiounen déi eis d’Policegewerkschaft weidergeleet huet.

Am Folgende fannt der den Text zur Fro:

An de leschte Méint si Stëmme beim Syndicat National de la Police Grand-Ducale méi haart ginn, déi op gewëssen Dysfonctionnementer bei eiser Police verweisen. Op Nofro hin huet d’SNPGL eis informéiert, dass fir de reguläre Fonctionement vun der Police ze garantéieren, ëmmer erëm misst géint den Artikel 13 vum Gesetz vum 1ten August 2018 iwwert “fixation des conditions et modalités d’un compte épargne-temps dans la Fonction publique” verstouss ginn. Déi an dësem Gesetz virgesinne Bestëmmungen zur Aarbechtszäit an d’Reegelunge vun de Pausen kéinte bei der Police oft net agehale ginn, soudass d’Policebeamten hiren Déngscht deelweis an der Illegalitéit leeschte missen. Esou soll z. B. déi mam Artikel 18-42018 festgehale Limitt, vu mindestens 11 Stonne Paus tëscht zwou Schichten, an de Centres d’Intervention zu Esch-Uelzecht an zu Lëtzebuerg reegelméisseg net respektéiert gi sinn. An dëst ass nëmmen ee vu ville Beispiller, déi eis rapportéiert goufen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Kënnen déi Häre Ministeren erklären, firwat d’Police, fir ze fonctionnéieren, géint Bestëmmungen zur Aarbechtszäit verstouss huet?
  • Wéi vill Fäll goufen et am Joer 2018, opgelëscht no Mount, an deene Policebeamten op engem Schaffdag méi wéi 10 Stonne hu misse schaffen?
  • Wéi vill Fäll goufen et am Joer 2018, opgelëscht no Mount, an deene Policebeamte kee Repos vu mindestens 11 Stonnen tëscht zwou Schichten krut hunn?
  • Wéi vill Fäll goufen et am Joer 2018, opgelëscht no Mount, an deenen déi 35 Stonne Repos hebdomadaire vum Artikel 18-5 net respektéiert goufen?
  • Wéi vill Fäll goufen et am Joer 2018, opgelëscht no Mount, an deene Policebeamte méi ewéi 48 Stonnen d’Woch hu misse schaffen?
  • Wéi eng Mesurë gedenkt d’Regierung ze treffen, fir des Gesetzesverstéiss ze ënnerbannen an trotzdeem de reguläre Fonctionnement vun der Police ze garantéieren?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député

Parlamentaresch Fro zu de Strukture fir Demandeurs a Beneficiaires de protection international

Parlamentaresch Fro zu de Strukture fir Demandeurs a Beneficiaires de protection international

Vill Demandeurs a Beneficiaires de protection international mussen an ëffentleche Strukture wunne bleiwen, well et fir si onméiglech as um lëtzebuergesche Wunnengsmaart ee bezuelbare Logement ze fannen.

Am Folgenden fannt der den Text zu eiser Fro:

“A ville Gemenge sinn iwwert déi lescht Joer nei Strukturen opgaange fir Demandeurs a Beneficiaires de protection international (DPI a BPI) en Ënnerdaach ze bidden. Obwuel et all BPI fräisteet sech eng eege Wunneng ze sichen, soubal de Status als unerkannte Flüchtling ausgestallt gouf, musse vill Betraffener an den ëffentleche Strukture bleiwen, well si um lëtzebuergesche Wunnengsmaart kee bezuelbare Logement fannen.


An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Wéi vill DPI a wéi vill BPI hunn – opgeschlësselt no Gemeng a Joer – säit 2015 an esou enger Struktur gewunnt? Wéi vill DPI a wéi vill BPI hunn op den 1. Januar 2019 – opgeschlësselt no Gemeng – an esou enger Struktur gewunnt?
  • Ween ass – opgeschlësselt no Ariichtung – de Gestionnaire vun de jeeweilege Strukturen?
  • No wéi enge Kritäre ginn d’DPI op déi eenzel Strukture verdeelt?
  • Wéi vill Loyer muss en BPI am Duerchschnëtt – opgeschlësselt no Ariichtung – fir seng Ënnerbréngung bezuelen?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député”

Parlamentaresch Fro iwwert d’Fleegeariichtungen

Parlamentaresch Fro iwwert d’Fleegeariichtungen

De 9. Januar hu mer der Madamm Ministesch fir Famill an Integratioun eng parlamentaresch Fro iwwert d’Fleegeariichtungen fir eis eeler Matbierger gestallt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

“Fir vill eeler Matbierger sinn d’Chancen an eng gutt Fleegestruktur eranzekommen extrem limitéiert. Wann een an Fleegeariichtungen nofreet, kritt ee gesot, et sollt een sech sou fréi ewéi méiglech op eng Waardelëscht sëtzen, fir d’Platz vun engem Verstuerwene kennen ze kréien.

Am Alter d’Entscheedung ze treffen sech an eng Fleegeariichtung anzeschreiwen heescht säin Doheem opzeginn, wëll een net méi eleng an engem Haus oder Appartement liewe wëll oder och kann an doduerch een Deel vu senger Autonomie a Sécherheet opzegi fir kënnen ee stabilt a wierdegt Liewe weiderzeféieren. Dës Decisioun muss heefeg gutt a scho Jore virdru virbereet ginn an ass dacks och mat héijen ekonomesche Käschte verbonnen. All Mënsch am Alter sollt genuch a bezuelbar Fleegestrukturen zur Auswiel hunn fir säi Liewen an héchstméiglecher Würd ze gestalten.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Opgeschlësselt no Ariichtung (privat a staatlech), wéi vill Platze ginn et zu Lëtzebuerg a Fleegeariichtunge fir Mënschen am Alter? Wéi vill vun deene Platzen entfalen dovunner op sougenannten “centre intégré pour personnes âgées (CIPA)” a wéi vill op Fleegezentren?
  • Opgeschlësselt no Ariichtung fir d’Joer 2018, wéi héich ass den Auslaaschtungsgrad vun de CIPA an de Fleegezentren?
  • Opgeschlësselt no Ariichtung, wéi vill Leit waren op Waardelëschten am Joer 2018? An der selwechter Opschlësslung, wéi laang sinn déi Läit am Duerchschnëtt op deenen eenzele Waardelëschte bis dass se an enger Fleegestruktur ugeholl ginn?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député

Eng parlamentaresch Fro iwwert den Hackerugrëff an Däitschland

Eng parlamentaresch Fro iwwert den Hackerugrëff an Däitschland

Een Hackerugrëff zu Lëtzebuerg.
Wéi grouss ass déi Wahrscheinlechkeet ?

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Viru kuerzem ass bekannt ginn, datt et an Däitschland en Hackerugrëff gouf, deen zur Verëffentlechung vu privaten Date vu ronn 1000 Politiker a Prominente gefouert huet. An deem Kontext iwwerleeë verschidde Membere vun den däitsche Sozialdemokraten, ob et net sënnvoll wär, d’Sécherheetsvirgabe fir Softwareentwéckler an Operateure vun Internetplattforme gesetzlech ze verschäerfen.

  • An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:Wéi schätzt den Här Minister d’Menace duerch ähnlech Ugrëffer fir Lëtzebuerg an?
  • Deelt den Här Minister d’Meenung, dass een d’Sécherheetsvirschrëfte verschäerfe muss? Falls jo, wéi soll d’Sécherheet vu privaten Daten am Internet an dësem Zesummenhang an Zukunft konkret geschützt ginn?
  • De Faktor Mënsch soll bei dësem Hack eng grouss Roll gespillt hunn. Wéi gedenkt de Minister Privatpersounen an Zukunft besser iwwert d’Wichtegkeet vum Schutz vun den eegenen Daten am Internet opzeklären? Wéi eng Pläng ginn et an deem Kontext bei Bee Secure an doriwwer eraus?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député

Parlamentaresch Fro zu den Tesla-Autoen vun der Police

Parlamentaresch Fro zu den Tesla-Autoen vun der Police

Den 27. Dezember hu mer dem Här Minister fir Bannenzeg Sécherheet eng parlamentaresch Fro zum Fuerpark vun der Police gestallt. Konkret geet et hei em d’Tesla-Autoe vun der Police, déi net den Dateschutzreegelungen entspriechen.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

“Wéi déi Schwäizer Online-Plattform watson.ch mellt, dierf d’Basler Police, déi, genee wéi hir Lëtzebuerger Homologen Tesla-Autoen ugeschaaft huet, dës aus Dateschutzgrënn net benotzen. Ënnert anerem monéieren d’Dateschutzautoritéiten, datt Tesla zu all Zäitpunkt weess wou d’Autoen sech befannen an datt domadder de Geheimnisschutz bei der Police ausser Kraaft gesat wier. Des Weidere soll Tesla seng Autoen och aus der Distanz updaten oder ofschalte kënnen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Gouf zu Lëtzebuerg eng Analys iwwert den Impakt vun den Tesla-Autoen op den Daten- a Geheimnisschutz bei der Police gemaacht?
  • Kann den Här Minister confirméieren, datt keng Date vun Asätz op amerikanesch Servere weidergeleet ginn?
  • Am Fall wou Positiounsdaten awer sollte weidergeleet ginn, goufen déi concernéiert Polizisten doriwwer opgekläert? Gëtt et e Kontrakt mat Tesla fir dës Date méi sécher ze behandelen?
  • Kann de Minister confirméieren, datt Tesla d’Autoen net aus der Distanz ofschalte kéint? Falls nee, wéi eng Virkéierunge goufe getraff, fir datt d’Policeaarbecht net duerch Tesla-Mataarbechter beaflosst gëtt?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député


Parlamentaresch Fro: Firwat sinn d’Urgencen am Nidderkuerer Spidol owes zou?

Parlamentaresch Fro: Firwat sinn d’Urgencen am Nidderkuerer Spidol owes zou?

D’Piraten hunn dem Här Minister vun der Gesondheet, Etienne Schneider, eng parlamentaresch Fro zu de Schléissunge vun den Urgencen am Centre Hospitalier zu Nidderkuer gestallt. D’Pirate stellen sech géint dës Schléissung: eng Schléissung vun den Urgence ass eng Verschlechterung vun eisem Gesondheetswiese fir de Bierger, déi d’Bierger vun der Gemeng Déifferdeng an de Nopeschgemenge vill Liewensqualitéit kascht.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

“Vum éischte Januar 2019 un, ass d’Urgence vum CHEM Nidderkuer tëscht 21 Auer a 7 Auer zou. Wärend dëser Zäit iwwerhëlt de CHEM Esch-Uelzecht d‘Noutfäll. Laut dem Artikel 4 vum Spidolsgesetz vum 8. Mäerz 2018, ass de Service vun enger Urgence ee vun am Ganzen 19 « services de base » déi all Spidol der Patientin oder dem Patient muss kënnen ubidden. Den Artikel 4 vum Spidolsgesetz präziséiert awer : « Un centre hospitalier peut être exploité sur un ou plusieurs sites. (…) Chaque centre hospitalier dispose au maximum de trois sites hospitaliers et participe au service d’urgence sur un seul de ses sites. »

Ee Centre hospitalier géif der Patientin oder dem Patient demno, vum éischte Januar 2019 un, just nach op engem vu senge Siten eng Urgence ubidden. De Koalitiounsaccord 2018-2023 gesäit dogéint folgendes fir : « Le fonctionnement des sites secondaires, situés en-dehors des sites principaux
des urgences hospitalières, sera maintenu (Wiltz, Niederkorn, Dudelange et Zithaklinik). »

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Här Minister Schneider, kéint Dir d‘Diskrepanz tëscht dem aktuelle Spidolsgesetz an dem Koalitiounsaccord am Detail explizéieren?
  • Dem Koalitiounsaccord no wäert d‘Urgence vum CHEM Nidderkuer och an Zukunft kënne bäibehale ginn. Här Minister, kënnt Dir dat confirméieren?
  • Här Minister, d‘Urgence am CHEM Nidderkuer heescht, dem Generaldirekter vum CHEM, Dr. Hansjörg Reimerd no, elo « Passage en policlinique non-programmé ». Wat ännert sech doduerch a wat heescht dat fir d‘Patientinnen a Patienten?
  • D‘zäitweis Zoumaache vun der Urgence am CHEM Nidderkuer bedeit fir eng jett Patientinnen a Patienten aus dem Süden (i.e. Rodange) eng nennenswäert Verschlechterung vun hirer Liewensqualitéit. Här Minister, wat sinn d‘Grënn fir dës Fermeture?
  • Fir d‘Piratepartei geet d‘Wuel vun der Patientin a vum Patient vir, dofir, Här Minister, géif ech Iech froe wéi eng Schrëtt Dir konkret wäert ënnerhuelen, fir de Biergerinnen a Bierger queesch duerch de Grand-Duché eng accessibel a qualitativ Gesondheetsversuergung unzebidden?
  • Här Minister, bedeite manner vollzäit Urgencen an de Spideeler net automatesch och méi laang Distanzen a soumat méi Zäitverloscht fir Patientinnen a Patienten an enger Noutsituatioun ?


Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Députéierten”


Streckeradaren zu Lëtzebuerg!

Streckeradaren zu Lëtzebuerg!

Kuerz virun de Feierdeeg hunn d’Piraten dem Här Bausch, dee jo Minister fir Mobilitéit souwéi Banne Sécherheet ass, eng parlamentaresch Fro zu sengem Plang vum Opriichte vu sougenannte Streckeradaren (radars-tronçon) gestallt. Bei deene Radare gëtt all Autofuerer systematesch vum éischte Radar erfaasst an nom Passéiere vun engem zweete Radar gëtt eng Moyenne gerechent fir ze gesinn, op den Autofuerer sech op deem Streckenofschnëtt un d’Vitesse gehalen huet.

De Problem vun dëse Streckeradaren ass, dass all Bierger onnéideg ënner Generalverdacht gestallt gëtt. D’Piratepartei stellt sech dofir kloer géint dës Form vun onnëtzer a massiver Datenerhiewung. D’Bierger ginn hei ënner Generalverdacht gestallt egal ob si sech un d’Stroossereegelen halen oder net. Sollte méi souer Apparater am ganze Land opgestallt ginn, wär et ganz einfach fir Déngschter ewéi de SREL oder d’Police Bewegungsprofiler vun eenzele Plackennummeren ze erstellen a soumat ze wëssen, wéini a wou eng Persoun zirkuléiert. Deem stelle mer eis entgéint.

All Minister muss engem Deputéierten op eng parlamentaresch Fro äntweren. De Minister huet dann ee Mount Zäit fir drop ze äntweren.

Am Folgenden fannt der den Text zu eiser Fro:

An der Chamberssëtzung vum 18.12.2018 huet den Här Minister ugekënnegt, dass Streckeradaren op engem Ofschnëtt vun der N11 placéiert solle ginn. Dës Form vu Masseniwwerwaachung werft eng ganz Réi vu Froen op hisiichtlech der Legitimitéit vu dësen technologesche Kontrollmechanismen am Kontext vun individuelle Perséinlechkeetsrechter.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Opgeschlësselt no Joer, wéi vill Accidenter gouf et op dësem Streckenofschnëtt? Wéi eng Aarten vun Accidenter goufen op dësem Streckenofschnëtt ermëttelt?
  • Gi bei deenen ugekënnegte Streckeradaren all Stroossegefierer ab deem éischte Kontrollpunkt erfaasst a nom zum Verloosse vum Miessungsinterval an enger Datebank gespäichert? Falls jo, op wéi enger Speicherplaatz ginn d’Donnéën gespäichert a wéi eng Aart vu Verschlësselung gëtt dofir benotzt? Ass eng Läschung vun den Donnéën am Aklang mam Artikel 17 vum Reglement vum Dateschutz virgesinn?
  • Däerf d’Police oder de Geheimdéngscht am Kontext vu Fahndungen oder anere Recherchen ob d’Daten vu Radaren zougräifen? Däerfen dës Déngschder Bewegungsprofiler mat dësen Daten erstellen?
  • Wéi rechtfäerdegt den Här Minister de Fait, dass all Privatpersoun duerch des Streckeradaren ënner Generalverdacht gestallt gëtt, ouni dass am Viraus ee konkrete Verdacht vun enger Verkeiersinfraktioun bestanen huet?
  • Ëm wéi een Ofschnëtt vun der N11 handelt et sech konkret a wisou gouf dës Streck ausgewielt?

Ech verbléiwen an déiwem Respekt,

Marc GOERGEN
Députéierten

Eng parlamentaresch Fro zum Equipement vun der Police

Eng parlamentaresch Fro zum Equipement vun der Police

D’Piraten hunn dem Här Bausch, Minister fir Mobilitéit souwéi Banne Sécherheet, eng parlamentaresch Fro zum Equipement vun de Policeautoen mat Xenonluuchten gestallt.

Ee Minister muss engem Deputéierten op eng parlamentaresch Fro äntweren. De Minister huet dann ee Mount Zäit fir drop ze äntweren.

Hei den Text zu der Fro:

“Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Bannenzeg Sécherheet & Mobilitéit weiderzeleeden.

Mer sinn informéiert ginn, dass an der Autoflott vun der Police Gefierer géife existéieren, déi net mat Xenonluuchten equipéiert sinn. De Xenon huet vis-à-vis vun hierkëmmleche Liichtmëttelen de Virdeel, méi héich Liichtstréim ze produzéieren. Den Testrapporten vum ADAC no aus de Joeren 2018, liicht eng Xenonluucht méi wäit wéi eng konventionell Halogenluucht, ass wéineger ufälleg fir Defekter an dermadder sécherheetstechnesch besser wéi den Halogen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Wéi gesäit den Här Minister d’Ausso, dass Gefierer bei der Police ënnerwee ouni Xenonbeliichtung geliwwert gi sinn?
  • Wéi vill Prozent vun der Gesamtstroosseflott vun der Police ass insgesamt mat Xenonluucht equipéiert?
  • Kann den Här Minister eis d’Kritären oplëschten, no der d’Stroossegefierer vun der Police ugeschaaft ginn, klasséiert no Gefierskategorie?
  • Spillt Sécherheet vun de Policebeamten op de Stroossen bei der Acquisitioun vu Gefierer eng Roll?
  • Gesäit den Här Minister et als néideg un, d’Stroossegefierer vun der Police mat Xenonluuchten auszestellen?
  • Gesäit den Här Minister eng Korrelatioun tëscht der Sécherheet vun de Policebeamten am Déngscht an dem
  • Equipement vun hire Stroossegefierer mat Xenonluuchten? Falls net, firwat gesäit den Här Minister et net als relevant un a wat wären seng Proposë fir d’Sécherheet vun de Policebeamten an hirer Stroossegefierer ze verbesseren?
  • Kann den Här Minister oplëschte wéi vill nei Stroossegefierer säit 2013 bei der Police Grand-Ducale ugeschaaft gi sinn, opgeschlësselt pro Joer an a Prozent wéi vill dovunner mat enger Xenonbeliichtung equipéiert sinn?

Mat déiwen Respekt,
Marc Goergen”



Brauche mer nach Klappjuegden zu Lëtzebuerg?

Brauche mer nach Klappjuegden zu Lëtzebuerg?

D’Pirate wëllen eng Diskussioun iwwert de Sënn a d’Néidegkeet vun der Klappjuegd zu Lëtzebuerg ureegen. D’Klappjuegd gëtt als gängeg Praxis vun de Jeeër nach ëmmer vill vun der Natur- a Bëschverwaltung ënnerstëtzt. Dass eng Réi Argumenter, virun allem vu Déiereschutzverbänn, bei dëser Juegdmethod ignoréiert ginn ass fir d’Piraten inakzeptabel.

D’Piratepartei steet fir ee méi staarken Déiereschutz, an aus deem Grond hu mer dem Minister fir Landwirtschaft, Vitikultur a Ländlech Entwécklung eng parlamentaresch Fro iwwert d’Klappjuegd gestallt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

D’Press huet den 23.11.2018 vun engem geféierleche Tëschefall bei enger Klappjuegd bericht. De Verkéier op der A7 war fir zwou Stonnen komplett zum Stëllstand komm, well Déieren, déi duerch des Juegdpraktik an extrem Panik versat goufen, matten ob d’Autobunn geflücht waren.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Ass den Här Minister der Meenung, dass d’Klappjuegd an déi domat verbonnen extrem Angscht, déi en Déier viru sengem Doud bei esou enger Prozedur iwwert e gréisseren Zäitraum erleide muss, d’Würd vum Déier, déi duerch d’Gesetz vum 27 Juni 2018 geschützt soll ginn, net ugräift?
  • Wéi wäert d’Regierung hiert Versprieche vun der Säit 194 vum Regierungsaccord « Le Luxembourg poursuivra son engagement pour une protection des animaux forte afin de rester précurseur dans le domaine du bien-être animal» mat Juegdpraktike wéi der Klappjuegd an Aklang bréngen?
  • Ass an nächster Zukunft e Gesetzesprojet zum Verbuet vun der Klappjuegd virgesinn?
  • Opgelëscht no Gemeng, wéi vill Klappjuegte goufe säit dem Joer 2008 geneemegt?
  • Opgelëscht pro Joer, wéi vill Déiere si säit dem Joer 2008 zu Lëtzebuerg erluecht ginn? Wéi vill Prozent dovunner sinn duerch Klappjuegten erluecht ginn?
  • Wéi vill a wou sinn an de leschten zwee Joer Kontrolle vum Alkoholkonsum bei Klappjuegte gemaach ginn, fir sécherzestellen, dass d’ “règles de l’art”, wei et am Artikel 14 vum Juegdgesetz vum 31 Mee 2011 heescht, och korrekt ausgefouert kenne ginn?

Mat déiwem Respekt
Marc Goergen
Député