Jobs: Secrétaire parlementaire

Jobs: Secrétaire parlementaire

Secrétaire parlementaire

Luxembourg City, Luxembourg · Sensibilité politique

 

Description

Missioun

Als parlamentaresche Sekretär ass Är Missioun fir eis Deputéierten am Alldag z’ënnerstëtzen an d’Aarbecht vum Büro vun der sensibilité politique PIRATEN ze verwalten

Aufgaben

Är Aarbecht ëmfaasst ënnert anerem:

  • Gestioun vun der Agenda vun der sensibilité politique an den Deputéierten
  • Organisatioun vu Reuniounen, Seminairen a Reesen
  • Beaarbechten a Beäntwerte vu Courrier an E-Mailen
  • Suivi vun administrativen Dossieren
  • Reporting vum Budget am Excel
  • Gestioun a Suivi vun de Stocken u Verbrauchsmaterial
  • Interface mat externen Ubidder (Fiduciaire, Affekot, …)

Requirements

  • Dir identifizéiert Iech mat de Grondprinzipien vun de PIRATEN
  • Dir hutt Kenntnisser an e Verständnis vun der nationaler an internationaler Politik an hirem Kader
  • Dir beherrscht déi dräi offiziell Landessproochen a Schrëft a Sprooch sou wéi Englesch.
  • Dir kennt Iech aus mat de gängege Computer-Programmer a wësst wéi een sozial Netzwierker benotzt, Kenntnisser vun OpenSource Office-Programmer ass vu Virdeel.
  • Dir hutt Organisatiounstalent, kënnt Texter fräi schreiwen an hutt en Equippegeescht
Apply for this job