Wirtschaft & Finanzen

Eng erdréckend Schold, eng steigend Aarbechtslosegkeet an d’Enn vum Boom vun der Stolwirtschaft a vun der Finanzplaz zwénge Lëtzebuerg seng Wirtschaft op nei Been ze stellen. Nei Secteure wei Logistik, Kommunikatiounstechnologie oder Biotechnologie mussen erschloss ginn. D’Piratepartei trëtt dofir an, datt besser Rahmebedingunge geschaaft gi fir Investitiounsgelder, Entrepreneuren an d’Expertise hei op Lëtzebuerg ze kréien.

D’Piratepartei mengt, datt de Staat dobäi soll hëllefe gutt Konditiounen dofir ze schafen; de Staat sech awer selwer aus der Ekonomie an aus den Investitiounen esouwäit wéi méiglech eraushale soll. Ënnert dëse gudde Konditiounen si selektiv steierlech Erliichterungen, eng Reduktioun vun administrativen Hürden, besser Rechtssécherheet fir Firmen an ee fräien Aarbechtsmaart dee gutt funktionéiert. Virun allem sollen nei Grënnunge vu Firmen am Mëttelstand mat reellen, profitabelen an innovativen Tätegkeete kënne stattfannen, wuessen an Aarbechtsplaze schafen.

 

 

Staatlech Participatiounen a Subventiounen iwwerpréiwen

De Staat subventionéiert vill Entreprisen a Secteuren an huet vill eege Participatiounen. D’Piratepartei ass iwwerzeegt, datt eng Subventioun vum Staat ëmmer nëmmen eng Starthëllef sollt si fir eppes opzebaue wat sech à Terme wirtschaftlech dréit. Mir fuerderen dofir,

datt en ëffentleche Register vun alle Subventiounen a vun allen direkten an indirekte Participatioune vum Staat opgebaut gëtt. Déi Registere solle reegelméisseg op hier Noutwendegkeet an hire wirtschaftleche Sënn iwwerpréift, a wann néideg ofgeschaaft ginn.

 

 

Wirtschaftlech Aktivitéite vum Staat reduzéieren

De Staat huet nieft den Ausgaben a Subventiounen och eege wirtschaftlech Aktivitéiten an Interessen. Dobäi mécht de Staat net nëmmen um Aarbechtsmarché mee och direkt an deene jeeweilege Secteuren de Privatfirmae Konkurrenz. D’Piratepartei fënnt, datt wirtschaftlech Aktivitéiten net an de Kompetenzberäich vum Staat gehéieren a fuerdert en kontrolléiert Zréckzéie vum Staat an den Opbau vun der Wirtschaft an deene betraffe Beräicher.

 

 

Kritesch Infrastrukturen an ëffentlecher Hand

Kritesch Infrastrukturen, déi déi elementaarst Bedürfnisser vun de Bierger decken, solle garantéiert ginn. Dozou gehéieren ënnert anerem d’Stroossen an d’Réier déi drënner leie fir d’Waasser, Gas oder Stroumversuergung. D’Piratepartei fuerdert, datt d’ëffentlech Hand dem Bierger kritesch Infrastrukturen a Servicer zur Verfügung stellen, wann d’Privatwirtschaft keng gutt a bëlleg Alternativen ubitt. Mir setzen ons fir e bedéngungslosen a steeten Accès zu Waasser, Energie an Telekommunikatioun an, sou wéi ëffentlechen Transport. D’Recht op dësen Accès soll Verfassungsrang kréien.

 

 

Innovatioun a Risiko belounen – Firmegrënnunge vereinfachen

Firmegrënnunge sinn e ganz wichtege Faktor fir d’Wirtschaft an hier Entwécklung. Se hëllefen Innovatiounen ze fërderen a Chômage ze bekämpfen. Lëtzebuerg soll eng vun den Top-5 Plazen op dëser Welt gi wat d’Attraktivitéit fir Firmegrënnungen ugeet. All gegrënnte Firma, déi an hirer Startphas net ënnert der enormer aktueller Staatslaascht zu Gronn geet, ass längerfristeg eng staark Beräicherung fir d’Wirtschaft an eng grouss Kontributioun un eist soziaalt Zesummeliewen.

Mir fuerderen donieft en Accès zu Beruffszoulossungen no europäeschem Model, wéi an onsen Nopeschlänner. D’Piratepartei fuerdert net nëmmen administrativ Vereinfachunge mee och Befreiung vu Steier- a Soziallaaschte vu Firmen, Entrepreneuren an hirem Personal esou laang d’Firma hier ganz Ressource brauch fir unzekommen; dat ënnert der Konditioun datt mat deene finanzielle Ressourcen den Developpement vun der Firma weidergedriwwe gëtt, an nëmmen esoulaang se kee Benefice un hier Aktionären ausbezuelt an den Dirigent’en hir Salairën op 2 x de Mindestloun begrenzt bleiwen.

 

 

En neit Faillittegesetz

Faillitte sinn en normalen Deel vun enger gutt funktionéierender Wirtschaft. Falsch Investitiouns- Entscheedungen oder ee staark ëmgewandelte wirtschaftleche Kontext kënnen zur Faillite féieren. Eng Firma, déi et net fäerdeg bréngt erëm profitabel ze schaffen, muss zoumaachen. Liquidatiounen zu Lëtzebuerg fannen iwwert Huissier’en op bal mëttelalterlech Aart a Weis statt. D’Liquidateuren hunn dobäi selwer ee staarke finanziellen Eegeninteressi. Dat ass net méi zäitgeméiss a kontraproduktiv fir d’Wirtschaft. Oft kéinte Faillitte verhënnert ginn, wann en Dialog mat deene betraffene Firme géif bestoen.

“Faillites frauduleuses” musse selbstverständlech mat aller Häerd bekämpft ginn. Mee virun Allem muss verhënnert ginn, datt Faillitten (legal oder net) gesond Betriber mat a Gefor bréngen, zum Beispill well Rechnungen net oder net schnell genuch bezuelt ginn.

Dofir fuerdert d’Piratepartei datt d’Gesetz iwwert Faillitten, hiert Verhënneren an hier Ofwécklung komplett iwwerschafft gëtt an dobäi de Schwéierpunkt op d’ Hëllef an net op d’Zerschloe vu Firme geluecht gëtt.

 

 

Trennung vu Bank- an Finanzdéngschtleeschtungen

Fir villfälteg Finanzdéngschtleeschtunge soll Lëtzebuerg weiderhin attraktiv bleiwen an als Numm stoen! Awer dat op Vertrauen opgebaut Bankgeschäft dierf dem net geopfert ginn. Dat zolidd Geschäft mat Enn-Clienten ass extrem wichteg fir eis Wirtschaft an dierf net duerch aggressiv spekulativ Praktike gefährt ginn.

D’Piratepartei fuerdert eng streng Trennung vu Bank- a Finanzdéngschtleeschtungen.

 

 

Sënnvoll Steieren op Wäertpabeieren

D’Piraten si géint eng Finanztransaktiounssteier déi längerfristeg Anlagen an Investitiounen d’selwecht besteiert wei déi kuerzfristeg. D’Piratepartei fuerdert ee Model fir eng  Finanztransaktiounssteier auszeschaffen, bei deem de Steiersaz op 0% fält, bei Dauere vun iwwer 2 Joer.

 

 

Neireegelung vum Glécksspill

Online-Glécksspiller an -Wette sinn en legitimmen a milliardeschwéiere Maart vun dem Lëtzebuerg och eppes kint hunn.

Piratepartei fuerdert de Pseudo-Monopol vum Staat un de Glécksspiller ze briechen a Glécksspill-Gesetzer ze schafen déi un d’21. Joerhonnert ugepasst sinn.

 

 

Ofschafe vun 1 an 2 Euro-Cent

Mënzen ginn an engem deieren a Ressourcen-intensive Prozess hiergestallt. Een- an Zwee-Cent si méi deier wéi de Wäert deen drop steet. Et gi kaum eenzel Saachen déi ee fir dee Präis kafe kann. D’Piratepartei fuerdert fir d’Ofschafung vun deene Mënzen an der Eurozon ze werben.

 

 

Stäerkung vun der Landwirtschaft

Eng regional adaptéiert a leeschtungsfäeg Landwirtschaft, déi och kleng Betriber gläichberechtegt deelhuele léist, an déi ënnert der Viraussetzung vun nohaltegem Wirtschaften an ökologeschem Bewosstsinn vun de Verbraucher kompetitiv ass gëtt gefuerdert.

De Piraten no sollen d’Landwirt an hir Verbänn, de Liewensmëttelhandel, d’Qualitéitslabelen, d’Natur- an Déiereschutzveräiner, mee och Vertrieder aus der Politik an de Verbraucher sech un een Dësch setzen a Bedingungen a Méiglechkeete gemeinsam entwéckelen.

 

 

Bankgeheimnis stäerken – keen automateschen Informatiounsaustausch

En automateschen Informatiounsaustausch vu Konteninformatiounen tëscht Banken a Steierverwaltungen ass eng Verletzung vu Privatsphäre vun de Bankclienten.

D’Pirate fuerderen en Zeréck zu den fréiere Gesetzer wou Informatiounen nëmmen op Demande iwwermëttelt ginn. Sou ginn d’Clienten net duerch automateschen Austausch ënner en generelle Verdacht gestallt.

 

 

Eenheetlech Reegele fir “fräi Nuechten”

D’Piratepartei fuerdert, datt national eenheetlech a kloer Reegele fir d’Accordéiere vu fräien Nuechte festgehale ginn, déi am Moment vu Gemeng zu Gemeng variéieren.

 

 

Technesch Norme fräi zougänglech maachen

Normen, déi zum Beispill d’Sécherheet vu Produite beschreiwen, solle fräi a gratis zougänglech sinn. Nëmmen da kann de Konsument sech informéieren a klenge Firmen hir Entwécklungskäschte fir innovativ Produite ginn erof.

D’Piratepartei fuerdert, datt all Norm déi an engem Gesetz zitéiert gëtt och ëffentlech zougänglech ass.

 

 

Ausschreiwungen un sozial an nohalteg Bedingunge knäppen

D’Piratepartei fuerdert, datt an all ëffentlech Ausschreiwung och d’sozial Aspekter an d’Nohaltegkeet als Kritäre musse berécksiichtegt ginn.

 

 

Ofschafung vun der Zwangs-Memberschaft an alle Kummeren

Servicer sollen net opgezwonge ginn! Gesetzer déi Firme verflichten enger professioneller Kummer unzegehéiere si weder nëtzlech nach legitim.

Firwat solle Firmen zum Beispill per Gesetz gezwonge ginn enger “Chambre de Commerce” unzegehéieren?

D’Piratepartei fuerdert, datt déi Zwangs-Memberschaften ophalen an datt et jidderengem soll fräistoen, op een e Service  well notzen (an dofir bezuelen) oder net.

 

 

ITM mat neie Rechter a Personal besetzen

D’ITM kennt den haitegen Ufuerderungen an der Komplexitéit vun hirem Optrag net méi iwwerall no. Besonnesch d’Anhale vum lëtzebuergeschem Aarbechtsrecht bei groussen internationale Firme gëtt ëmmer méi schwéier ze garantéieren. D’Piratepartei setzt sech dofir an, datt d’ITM déi legal a materiell Moyen’en kritt, déi se brauch fir hiren Optrag ze erfëllen.

 

 

Gesondheetsberäich als Innovatiounsberäich

De Potential am Gesondheetsberäich ass enorm an d’Piratepartei mengt datt weider Effort’en mussen ënnerholl gi fir dee Beräich als Innovatiounsberäich ze fërderen.

 

 

Afréiere vun dem globale Staatsbudget fir Gehälter am ëffentlechen Déngscht

D’Verscholdung déi de Staat implizit huet (duerch Renten an aner Verspriechen) gëtt op iwwert 1000% vum PIB geschat. Dat zwéngt eis a groussem Mooss ze spueren. D’Gehälter sinn ee vun deene gréisste Posten am Staatsbudget. Ausserdeem kann de Bierger vu sengem Staat eng Verbesserung vun der Effizienz verlaangen.

Dofir fuerdert d’Piratepartei ënnert Berécksiichtegung vum Index de globale Gehalts-Budget fir 5 Joer um Stand vun 2018 anzefréieren.