Fräien Zougang zu Kultur a Wëssen ass eng Bedingung fir eng oppen an edukéiert Informatiounsgesellschaft. Aktuell Bestriewungen den Accès op Informatioun ze limitéiere sinn inakzeptabel an dierfen net vum Gesetzgeber ënnerstëtzt ginn. D’Monopoliséiere vu Wëssen a Kultur iwwer den Ëmwee vum Urheber- a Patentrecht leeft géint d’Interessie vun der Gesellschaft a muss duerch eng radikal Reform vun den Immaterialrechter gestoppt ginn. Nëmmen duerch den Austausch vu Wëssen a Kultur loossen sech Innovatioun an nei Iddien erméiglechen – d’Pirate liewen nom Prinzip “Sharing is Caring” a setzen sech fir e gläichberechtegten Informatiounszougang fir jiddereen an.

 

Reform vum Urheber- a Patentrecht

Déi aktuell Reegelen zum Urheberrecht baséieren op deelweis joerhonnertenalen Iddien, déi net méi un déi haiteg technologesch Méiglechkeeten ugepasst sinn. D’Urheberrecht an dat angelsächsegt Copyright ass Haut méi en Outil d’Verbreedung vu Kultur a Wëssen ze verhënneren an den Zougrëff dorop ze monopoliséieren, wéi dofir ze suergen, datt Auteuren e gerechte Loun fir hier Konscht erhalen. Modern Technologien, déi e verloschtfräit Kopéieren an Austausch vu Kultur a Wëssen erlabe sinn eng eemoleg Chance fir jiddereen, onofhängeg vu finanzielle Méiglechkeeten, un der kultureller Villfalt Deel ze huelen an sech ze bilden. D’Piratepartei ënnerstëtzt eng fräi Bildung an den oppenen Accès zur Kultur a fuerdertdowéinst eng radikal Reform vun nationalen, europäeschen an internationale Reegelen zum Urheberrecht an Copyright.

D’Piratepartei fuerdert kuerzfristeg d’Kierzung vun alle Schutzfristen op d’Minima wéi an den TRIPS a WIPO Traitéë virgesinn. Mëttelfristeg sollen dës Traitéen nei ausgehandelt ginn. D’Ziel ass d’Schutzfristen op maximal 14 Joer ab Umeldung vun engem Wierk ze kierzen – dës Frist huet sech als déi ekonomesch optimaalsten erausgestallt. D’Frist soll weiderhin an zwee ënnerdeelt ginn: eng éischt Frist vu siwe Joer an eng zweet vu siwe Joer, déi awer explizit nach eemol muss ugefrot ginn. Dëst féiert zu méi Kloerheet wat d’Rechter ugeet, grad am Beräich vu sougenannte verweesste Wierker wou den Auteur vum Wierk net méi ze identifizéieren ass. Mat dëser Reegelung falen esou Wierker an d’Public Domain a kënnen esou vu jidderengem genotzt ginn, ouni restriktiv Urheberrechtsreegelungen.

Gläichzäiteg insistéiert d’Piratepartei drop de privaten Austausch vun Dateien (“Filesharing”) ze legaliséieren. Dës gräift net an d’moralesch Rechter vun de Createuren an, ma limitéiert sech op déi net-kommerziell Notzung.

Des Weidere fuerdere mir datt kopéiergeschützte Produiten net dierfe vum Verkaf zu Lëtzebuerg ausgeholl ginn. Dofir soll Lëtzebuerg géint esou Praktike reegelméisseg virun der WIPO an den nationale Gerichter kloen. Do dernieft striewe mir eng europäesch Direktive un, déi esou e Kopéierschutz (“DRM”) fir digital Produite generell verbitt. Nëmmen esou kann déi sougenannten First-Sale-Doktrin erëm Applikatioun fannen an digital Musek oder Filmer weiderverkaf oder verierft ginn.

 

 

Keng Patenter op Liewen

Generell ass een Ofbau vu Monopoler an eng Ëffnung vun de Marchéen een erkläert politescht Ziel vun de Piraten. Patenter als staatlech garantéierte privatwirtschaftlech Monopoler stelle grondsätzlech eng kënschtlech Aschränkung vum Allgemengwuel duer. D’Patentéiere vun Trivialitéiten oder souguer Blockade vum Fortschrëtt duerch Patenter soll ënner allen Ëmstänn verhënnert ginn. Donieft schwätze mir ons géint Patenter op Liewewiesen a Gene, op Geschäftsiddien an och op Software aus.

Duerch d’EU-Saatgutrecht an d’Vergi vu Patenter op konventionell geziichte Planze gëtt d’Villfalt vun de Notzplanzen ageschränkt an d’Baueren, Gäertner an och Privatleit vun de grousse Konzerner ofhängeg gemaach. Ënner anerem wéinst dem Klimawandel ass et wichteg Planzen ze ziichten, déi un d’Klima ugepasst sinn. Dëst geet am einfachsten an am beschten doduerch all Joer Som vun den eegene Planzen ze sammelen an dat Joer drop erëm auszeséinen. Grouss Konzerner gesinn dat awer net gär, well si wëlle schliisslech all Joer erëm op d’neits hire Som verkafen. Déi grouss Somkonzerner probéieren d’eegen Hierstellung vu Som ze verhënneren, sief et duerch Patenter, net “samenfest” Zorten (Hybriden) oder duerch d’Verdränge vu méi klenge Somhiersteller déi net des Politik verfollegen.

 

 

Keng Patenter op Software

D’Piratepartei schwätzt sech géint Patenter op Software aus, well dës kënschtlech Monopoler d’Entwécklung vun neien Iddie limitéiert an domat Innovatioun blockéiert.