Transparenz

Transparente Staat

„Prinzip vun der Geheimhaltung“ vum staatlechen Handele muss zugonschte vum „Prinzip vun der Ëffentlechkeet“ verännert ginn. Verwaltung a Politik mussen endlech och an der Hisiicht vun hirer Transparenz géigeniwwer vun de Bierger hiren Déngschtleeschtungscharakter unerkennen an sech grondleeënd dorop ausriichten, een Informatiounszougang fir Bierger effizient, komfortabel a mat niddrege Käschten zeerméiglechen.

Besonnesch vir eng Bewäertung vu politeschen Entscheedungsträger ass et dringend noutwenneg, datt d’Grondlage vu politeschen Entscheedungen transparent gemaach ginn. Aktiv matbestëmmen an enger Demokratie ass nëmme méiglech, wa virun Decisioune souwuel den Inhalt, wéi och de Prozess vu der politescher Entscheedung ëffentlech sinn. Och nodréiglech mussen Entscheedungen zréck ze verfollege sinn -net ëffentlech Sëtzunge vu Chamberkommissiounen zum Beispill sinn enger Demokratie onwürdeg. Ofkommes hannert zouenen Diere mussen der Vergaangenheet ugehéieren, fir datt direkt a participativ Demokratie méiglech ass. An dësem Sënn setzt sech d’Piratepartei fir de Prinzip vun der Ëffentlechkeet vum staatlechen Handelen an eng komplett Transparenz vun de gewielte Vertrieder géigeniwwer de Wieler an.

 

 

E wierklecht Transparenzgesetz

Déi aktuell Versioun vum Gesetz zum Accès op staatlech Informatioune spigelt de Refus vun de leschteRegierungen erëm, Transparenz an d’Informéiere vu Bierger eescht ze huelen. Dëse Virschlag presentéiert enoppenen Zougang zu staatlechen Dokumenter nach ëmmer als Exceptioun amplaz d’Standardverhale vun Administratiounen. D’Piratepartei fuerdert dowéinst en Transparenzgesetz no Hamburger Virbild. De leedendePrinzip ass, datt staatlech Dokumenter par Defaut automatesch vun den Administratioune mussen an engem oppene Format verëffentlecht ginn. Zu dësem Zweck gëtt en Informatiounsregister geschaaft, wou all dës Donnéeë verëffentlecht ginn. Sollte verschidden Dokumenter net verëffentlecht gi sinn, dierf all Bierger ouni eGrond mussen unzeginn d’Erausgi vun dësen Dokumenter op de betraffenen Administratioune fuerderen. Ausname fir dës Reegele mussen op e Minimum reduzéiert ginn – sou kënne perséinlech Donnéeë vu Privatpersoune geschwäerzt gi fir d’Privatsphären ze schützen. Et ass d’Aufgab vun der CNPD fir dësBestëmmungen duerchzesetzen an eventuell Strofe fest ze leeë bei Refus ze Verëffentlechen.

En modernt Transparenzgesetz ass d’Basis fir en accessibele Staatsapparat an eng oppe Verwaltung. Mat Steiergelder finanzéiert Studien, Verträg tëscht staatlechen Administratiounen an der Privatwirtschaft, Verhandlungsdokumenter vu gewielte Vertrieder mussen der Ëffentlechkeet zur Verfügung stoe fir d’Handelevu Staat a Volleksvertrieder kontrolléieren ze kënnen.

 

 

Whistleblower-Schutz

D’Piratepartei setzt sech fir eng allgemeng, dringend noutwenneg gesetzlech Reegelung zum Whistleblowerschutz an. E ‘Whistleblower’ ass eng Persoun déi Mëssstänn an illegaalt Handelen, wéi Korruptioun, Insiderhandel oder allgemeng Geforen, vun deenen se op hirer Aarbechtsplaz, bei medezinescheBehandlungen oder bei anere Geleeënheete matkritt an un d’Ëffentlechkeet bréngt. Dës Form vun Zivilcouragemuss geschützt ginn. All Whistleblower ass vu strof- an zivilrechtlechen Onsécherheeten ëmginn. Dowéinst asset erfuerderlech et eng allgemeng gesetzlech Reegelung zum Schutz vu Whistleblower ze fannen. Anerersäitsmuss doriwwer opgekläert ginn, datt Whistleblower de gläiche gesellschaftleche Wäert hunn wéiPresseinformanten an de gläiche Schutz genéisse mussen.

 

 

Politiker- a Beamtentransparenz

D’Piratepartei Lëtzebuerg fuerdert d’Aféierung vun engem Gesetz zur Erhéijung vun der Transparenz an derPolitik. Dëst Gesetz soll zu Transparenz an de Beräicher Finanzen, Verbindlechkeeten, Geschenker anInteressekonflikter féieren a fir Regierungsmemberen, Deputéiert souwéi Beamten an der “Carrièresupérieure, catégorie administrative” gëllen. Dës sollen all hier finanziell a perséinlech Interessen oppeleeë fir méiglech Interessekonflikter transparent ze maachen. Dës Fuerderung geet iwwer de proposéierte Code de Deontologie vun der Chamber eraus, deen net d’Verëffentlechung vun Immobilien oder alle Geschenker virgesäit a just an engem Stufesystem fonctionnéiert. Dëst geet net duer fir all Interessekonflikter oppen ze leeën. Dofir fuerdert d’Piratepartei eng méi komplett Reegelung, déi och fir Regierungsmemberen an héich Beamte gëllt déi mussen Ulageverméigen, finanziell Investitiounen, Verbindlechkeeten, Annahmequellen, Geschenker an all potentiell Interessekonflikter oppe leeën.

 

 

Récklagen erméigleche mat jäerlecher Staatsbilanz

All ëffentlech Ariichtung déi een eegene Budget verwalt soll d’Recht kréie fir Récklagen unzeleeën. Wa manner ausgi gëtt wei geplangt soll dat Geld kënne bei der Ariichtung verbleiwen. Dës Mesure ass awer un d’Bedingung gekoppelt, datt et eng jäerlech Bilanz vun alle Verméigenswäerter verëffentlecht gëtt. Sou fuerdere mir, datt de Staat ähnlech wéi Entreprisë seng Bilanz an déi vun all ëffentlechen Ariichtungen all Joer soll verëffentlechen. Esou kritt all Bierger e besseren a méi transparenten Abléck an d’finanziell Situatioun vulëtzebuergeschen Administratiounen a Verwaltungen.

 

 

Aféierung vun engem internationalen Antikorruptiounsgeriicht

Korruptioun ass weiderhin ee vun de gréisste Problemer op der ganzer Welt. Dofir fuerdere mir d’Opsetze vunengem internationalen Anti-Korruptiounsgeriicht ähnlech dem internationale Strofgeriichtshaff vun Den Haag.Dës Instanz soll onofhängeg vun nationalen Ermëttlungen a Gesetzer schwéier Reprochë vu Korruptioun zurUklo kënne bréngen. Als Korruptioun gëllt an dësem Fall Akten, déi ënnert d’UN- Antikorruptiounscharta falen.

 

 

Lobbyisteregister aféieren

D’Piratepartei fuerdert d’Opstelle vun engem Lobbyregister fir d’Chamber nom Virbild vum EU-Lobbyregister, just, mat enger obligatorescher Registréierung. No dësem Prinzip mussen sech all Organisatiounen an Entreprisen, déi bei der Chamber oder eenzelen Parlamentarier virstelleg ginn an engem Register androen, wou detailléiert opgeschlësselt gëtt wéi vill Persoune mat wéi engem Budget d’Interesse vun der jeeweilegerOrganisatioun oder Entreprise vertrieden. Dëst Register ass ëffentlech an erméiglecht sou dem Public an ochden Deputéierten a Regierungsvertrieder anzeschätze fir wéi eng Interessien d’Gespréichspartner antrieden.

 

 

Oppeleeë vun alle Garantien

Garantië sinn en heefegt Mëttel fir Staats- oder Gemengebudgeten ze entlaaschten, well se zwar direkt gestëmmt kënne ginn, awer eréischt Joren drop Uwendung fannen. Dës kuerzfristeg Politik gëtt vun de Piraten net ënnerstëtzt. Mir fuerderen dofir d’Oppeleeë vun alle Staats- a Gemengegarantien, sou datt jiddereen déi tatsächlech Belaaschtung vun den Budgeten novollzéie kann.

 

 

Finanziellen Impakt oppeleeën

Bierger hunn e Recht drop ze wësse wat de Staat mat hire Steiergelder mécht. Dofir muss allGesetzespropositioun een ‘Impact financier’ bäileeën, deen detailléiert oplëscht wéi eng finanziell Konsequenzevum positive Vott vum Projet de Loi ze erwaarde sinn a wéi eng Budgetsposte betraff sinn.

Och a posteriori muss de finanziellem Impakt vu Gesetzer a Reglementer novollzéibar sinn. Leider stellt wederd’Regierung nach den IGF (Inspection générale des finances) iergendwellech weider Budgetsdokumenter zur Verfügung a verweigert souguer op Nofro d’Erausgi vu maschinneliesbaren Dokumenter, déi de Budgetbetreffen. Dëst verhënnert eng effektiv Kontroll vum Staat duerch seng Bierger. D’Piratepartei fuerdert méi Transparenz bei de staatlechen Ausgaben a setzt sech fir eng reegelméisseg Verëffentlechung a maschinneliesbarer Versioun vun Transaktiounsdaten ab engem Montant vu 25.000€ an. Mir fuerderen e méifeint Opschlëssele vun alle Käschten- a Recetteveruersaacher – fir de Joresofschlossbericht sollt dëst bis op den Detaillierungsgrad vun eenzelen Finanztransaktiounen inklusiv den dozougehéierenden Dokumenter goen. Och soll e kloert Opschlëssele vu Gelder déi reliéis Communautéiten zur Verfügung gestallt kréien opgestalltginn.

Dës Mesuren droen zur allgemenger Transparenz vum staatlechen Handele bäi an erméiglechen et Bierger d’Ausgabe vum Staat ze kontrolléieren.

 

 

Waasserpräis méi transparent gestalten

D’Piratepartei fuerdert, datt all Niewekäschte bei der Notzung vu Waasser op enger eenheetlecher Rechnung optauche sollen. Et muss Schluss si mat dräi ënnerschiddleche Rechnunge pro verbrauchte Liter Waasser. Gläichzäiteg sollen awer weiderhin all Käschtepunkte separat op dëser Rechnung gelëscht gi fir de Präis esoutransparent ze halen.