D’Internet stäerkt d’Informatiouns-, Presse- a Meenungsfräiheet wéi keen anert Medium virdrun. Fréier louch den Informatiounsmonopol bei de Massemedien, déi gréisstendeels de gesellschaftlechen Discours bestëmmt hunn. Mam Internet huet elo awer jiddereen d’Méiglechkeet ganz einfach un Informatiounen ze kommen a virun allem och ze verbreeden. Et erlaabt jidderengem seng Meenung ze verëffentlechen oder sech mat Gläichgesënnten auszetauschen. Jidderee ka matschwätzen, och wann e keng deier Dréckerei huet. Dëse fräien Informatiounsaustausch ass eng grousse Plus-value fir eis Demokratie. D’Arabescht Fréijoer huet gewisen, datt et souguer dozou bäidroe ka Vëlker vun Diktaturen ze befreien an eng demokratesch Beweegung a Gang ze setzen. Allerdéngs ginn et Bestriewungen de fräien Internet ze limitéieren an ze zenséieren. Dës Mesurë sinn den Ausdrock vun Hëlleflosegkeet géinteniwwer selbstbestëmmten an informéierte Bierger. Den oppenen a fräien Internet ass d’Basis vun alle moderner Netzpolitik.

 

 

Netzneutralitéit gesetzlech festleeën

Netzneutralitéit am Internet stellt d’Gläichbehandlung vun Informatioune sécher a verhënnert eng Diskriminéierung no Sender, Contenu oder Empfänger bei der Iwwermëttlung vun Donnéeën. Duerch déi festgeluechte Plattformneutralitéit ass d’Netzneutralitéit e Garant fir d’Meenungsfräiheet an eng Plattform déi innovativ Firme mat wéineg Kapital Fouss fänke léisst. D’Piratepartei setzt sech a fir eng gesetzlech Verankerung zu Lëtzebuerg an op europäeschem Niveau vum neutrale Charakter vun der Dateniwwermëttlung am Internet, fir eis Fräiheeten ze sécheren an d’Innovatiounspotential vu Start-Ups a klengen a mëttel-grousse Firmen ze schützen.

 

 

Grondrechter gëlle fir jiddereen, och am Internet

Eis Grondrechter gëllen universell an hänken net vum benotzte Medium of. D’Bréifgeheimnis schützt eis Recht op privat Kommunikatioun, dëst fundamental Prinzip muss och bei der digitaler Kommunikatioun ugewannt ginn. Piratepartei trëtt duerfir an datt och digital Kommunikatioun vum Grondrecht couvréiert gëtt a geschützt muss ginn. Mir leenen all systematesch Iwwerwaachung vu Kommunikatiounsmëttelen of.

 

 

Beruffsgeheimnis fir Cyber-Ofwier

Internetplattformen an d’Entreprisë sinn enger héijer d’Unzuel vun Ugrëffer ausgesat. Duerch Sécherheetslücken a Plattformen ass et méiglech, datt Krimineller u sensibel a privat Donnéeë kommen oder reelle wirtschaftleche Schued verursaachen. Déi zoustänneg staatlech a parastaatlech Servicer sinn oft op Informatioune vun Drëtten ugewise fir potentiell Geforen opzedecken a behiewen ze kënnen. D’Piratepartei fuerdert e Beruffsgeheimnis an e Quelleschutz fir Sécherheetschercheuren, analog zu dem vu Journaliste fir hir Informanten a Schutz huelen ze kënnen an domat zu enger vertrauenswierdeger Ulafstell fir potentiell Informanten ze ginn.

 

 

Breetband fir jiddereen

Eng Majoritéit vun den Awunner zu Lëtzebuerg benotzt dagdeeglech den Internet. Doduerch hëlt et als Medium e staarken Afloss op eis Gesellschaft an ass mëttlerweil e wichtege soziale Faktor. D’Pirate setzen sech dowéinst dofir an, datt bis 2025 ëffentlech Betriber mindestens 90% vun den Awunner un den Internet ubannen an bis 2025 eng minimal Geschwindegkeet vun 1GBit/s ubidden. Mat dëser schneller Ubannung un den Internet gëtt Bierger de fräien Accès zur Informatioun an Meenungsäusserung garantéiert a gläichzäiteg den ICT Secteur hei am Land gefërdert.

 

Freewifi

Op den ëffentleche Platze soll jiddweree kenne via gratis Hotspotten am Internet surfen.

Nationale Roaming am Fall vu Krisen

Am Fall vun nationale Krisen, beispillsweis Naturkatastrophen oder groussen Accidenter muss d’Kommunikatiounsinfrastruktur intakt bleiwen a probéiert gi méiglechst wéineg Panik opkommen ze loossen. Dofir sollen d’Bedreiwer vu GSM-Netzwierker Roaming tëschent nationale Provider erlaben. Doduerch kënnen d’Mobilfunknetzer am Fall vun Iwwerlaaschtung méi effizient ausgenotzt ginn. Duerch d’Ewechfale vun de Roamingsrestriktiounen am Katastrophefäll soll et méiglech ginn de Reseau ze entlaaschten deen duerch déi vill Uriff vu Leit, déi probéieren erauszefannen ob et hirer Famill a Bekannte gutt geet, iwwerlaascht gëtt.

 

 

OpenSource an der Verwaltung

D’Majoritéit vun den Dokumenter déi aktuell an de Verwaltungen entstinn ënnerleien net den oppene Standarden. Ouni de passende kommerzielle Produit ass et schwiereg bis zu onméiglech op déi gespäichert Informatioun zouzegräifen. Domat gëtt eng zäitgeméiss Informatiounspolitik verhënnert, souwéi en effizienten Austausch innerhalb vu Verwaltungen erschwéiert. D’Pirate fuerderen e progressive Wiessel op Open-Source Programmer a Verwaltunge fir oppe Standarden de Wee fräi ze maachen a fir laangfristeg héich Lizenzkäschten anzespueren.

 

 

IP-baséiert Informatiounsnetz

Bei grousse Katastrophen ass et wichteg, datt Informatiounen zum beschte Verhalen och via d’Internet diffuséiert ginn. Dës Mesure soll niewent de klassesche Kanäl wéi Radio oder Televisioun dozou bäidroen d’Noutruffnummer 112 ze entlaaschten, sou datt sech den 112 op Noutfäll konzentréiere kann an d’Leit iwwert en alternative Wee iwwer Direktiven informéiert ginn.

 

 

Finanzéierbaren Zougang zu Zertifizéierungsservicer

Privat Kommunikatioun gehéiert zu de Grondrechter an engem Rechtsstaat. Zertifizéierungsservicer stellen Zertifikater aus, mat deenen d’Kommunikatioun vum duerchschnëttlechen Internetbenotzer geschützt ka ginn. Dës Servicer riichten awer hir Präismodeller no Gewënnoptiméierung aus. Dëst verhënnert en acceptabelen Zougang zu signéierten Zertifikater an elektronescher Ënnerschrëft fir Privatpersounen an ASBL’en an doduerch den Zougang zu enger sécherer Kommunikatioun. D’Piratepartei setzt sech fir de Schutz vun der Privatsphär an a fuerdert e sozial gerechte Präissmodell an en ëffentlechen Zertifzéierungsservice.

 

 

Elektronesch “Simplification administrative”

Staatlech a kommunal Servicer déi iwwer d’E-Government-Plattform ugebuede gi sinn duerch eng onnéideg Komplexitéit nëmmen ëmständlech ze benotzen; a verschiddene Fäll funktionéieren déi ugebueden Déngschter guer net. D’Pirate fuerderen am Sënn vun der “simplification adminstrative” méi eng effikass Léisung, déi den Accès op wichteg staatlech Plattforme fir all Bierge erméigleche soll.