Demokratie

Lëtzebuerg huet een Demokratiedefizit. Mir liewen an engem Land wou manner wéi d’Halschent vun den Awunner wielen dierfen an domat aktiv kënnen iwwer d’politesch Situatioun matbestëmmen.D’Resultat vun de Chamberwalen ass soumat net representativ fir d’Gesellschaft zu Lëtzebuerg! Donieft ginn et keng Méiglechkeete fir tëscht de Walen Afloss op d’Gesetzgebung ze huelen – Lëtzebuerg ass en Entwécklungsland wat direkt a participativ Demokratie ugeet! Mir Pirate wëllen eis Demokratie neistarten, well Matbestëmme Spaass mécht!

 

 

Walflicht ofschafen

Mir fuerderen datt d’Walrecht grondsätzlech erneiert gëtt. Engersäits muss Walflicht ofgeschaaft ginn an anerersäits d’Walrecht op Jonker erweidert ginn. Jidderee soll fräi sinn z’entscheeden ob a wien e wiele wëll – dozou gehéiert och de Choix zouzeloossen net wielen ze goen. D’Walflicht limitéiert de fräie politesche Choix a muss ofgeschaaft ginn.

 

 

Ee Walbezierk fir Nationalwalen

Déi ongläich Verdeelung vun der Stëmmgewiichtung zu Lëtzebuerg ass ondemokratesch. Eng Stëmm aus dem Walbezierk Norden zielt ëm e Véierel manner, ewéi eng Stëmm aus dem Walbezierk Zentrum. Dofir fuerdere mir datt d’selwecht wéi fir d’Europawalen och fir d’legislativ Walen nëmmen nach ee Walbezierk fir d’ganzt Land benotzt gëtt. Nëmmen dëst gëtt dem Grondsaz gerecht datt all Stëmm gläich vill wäert ass.

Weiderhi bleift et duerch de Panachage natierlech fir jidderee méiglech seng lokal Politikerinnen a Politiker bei de Walen z’ënnerstëtzen.

 

 

All 4 Joer National- a Gemengewalen

Eng demokratesch Gesellschaft muss sech och mat der Demokratie beschäftegen. Dofir geet et net duer nëmmen all 5 oder 6 Joer wielen ze goen, mee mir musse méi vum Walrecht kënne Gebrauch maachen. D’Pirate fuerderen dofir datt d’National- an d’Gemengewalen all 4 Joer am Wiessel duerchgefouert ginn. Doduerch géif et da mindestens eemol an 2 Joer zu Wale kommen. Doduerch kann all Wieler de regéierende Parteie méi reegelméisseg d’Vertraue schenken oder entzéien an domadder d’politesch Landschaft an der Gemeng an op nationalem Plang beaflossen.

 

 

Gesetzesinitiative per Volleksbegier

Momentan gëtt et keng Méiglechkeet fir Bierger zu Lëtzebuerg eege Gesetzestexter ze proposéieren. D’Pirate gesinn direkt Demokratie als e wichtegen Aspekt vun all Demokratie a fuerderen dofir, datt 4.500 Walberechtegter kënnen der Chamber eng Gesetzespropositioun virleeën, déi

d’Parlament da muss behandelen. Ënnerschreiwe méi wéi 10% vun de Walberechtegte fir eng Gesetzespropositioun muss dës iwwer e nationale Referendum gestëmmt ginn. Duerch dës direkt-demokratesch Initiativen ass de politeschen Discours an d’Biergerbedeelegung och tëscht de Chamberwale garantéiert an eng méi demokratesch a selbstbestëmmte Gesellschaft d’Resultat.

 

Volleksofstëmmung als Vetoméiglechkeet géint Gesetzesbeschloss

D’Biergerinnen an d’Bierger zu Lëtzebuerg sollen net nëmmen d’Méiglechkeet kréien iwwer eege Gesetzespropositioune bei engem Referendum ofzestëmmen, ma och iwwer Gesetzprojeten aus der Chamber. D’Pirate fuerderen, datt am Fall wou 2 Méint no enger Ofstëmmung am Parlament 10% vun de wahlberechtegte Bierger dëst fuerderen e bindende Referendum iwwert d’Gesetzespropositioun organiséiert gëtt. Dëst erméiglecht et och tëscht de Walen d’Aarbecht vun de gewielte Vertriederinnen a Vertrieder ze kontrolléieren, wärend den héije Quorum vun 10% vu wahlberechtegte Bierger verhënnert, datt vun dëser Méiglechkeet mëssbraucht gëtt.

 

 

Froen u Ministère vu Bierger

D’Pirate wëllen de Mënschen zu Lëtzebuerg d’Méiglechkeet ginn direkt Froen un d’Ministeren ze stellen, déi d’selwecht ewéi d’Questions parlementaires vun den Deputéierte behandelt an ëffentlech publizéiert musse ginn. Ministère mussen innerhalb vun engem bestëmmten Zäitraum op d’Fro vum Bierger äntweren an dës Äntwert muss fir jiddereen accessibel sinn. Fir esou Froen un de Minister kënnen ze stellen, brauch een d’Ënnerstëtzung vu 300 Matbiergerinnen a Matbierger.

 

 

Cumul des mandats ob 40h congé politique limitéieren

D’Pirate wëllen d’Cumuléiere vu Mandater limitéieren. E Mandatsdŕeier soll net méi wéi 40 Stonne Congé politique accumuléiere kënnen. Dëst géing z.B. bedeiten, datt d’Buergermeeschteren aus de grousse Gemengen ewéi der Stad Lëtzebuerg oder Esch/Uelzecht net och nach an der Chamber setze kënnen. Donieft fuerderen d’Piraten awer och eng Reevaluatioun vum Congé politique sou, datt déi reell fir politesch Aarbecht geleeschten Aarbechtszäit korrekt erëmgespigelt  gëtt. Mat dëser Moossnam soll sécher gestallt ginn, datt gewielte Vetrieder genuch Zäit hunn fir sech hirer Verantwortung ze stellen a gläichzäiteg engem Abus vum cumul des mandats entgéint gewierkt gëtt.

 

 

E Parteiegesetz

Zu Lëtzebuerg gëtt et am Géigesaz zu deene meeschte Länner op der Welt bis haut nach kee Gesetz wat festleet, wéi eng Konditiounen eng Organisatioun muss erfëlle fir als Partei unerkannt ze ginn an domadder u Wale kënnen deelzehuelen. Mir fuerderen dowéinst en Gesetz wat mat wéinege Konditiounen definéiert wéi eng Reegelen eng Organisatioun muss respektéiere fir als Partei ze gëllen. Dëst soll et de Bierger erméiglechen ze erkennen, wéini eng Partei als solch unerkannt ass. Donieft soll d’Transparenz vun de Parteistrukture verbessert ginn andeems kloer definéiert gëtt wéi eng Donnéeën ëffentlech zougänglech musse sinn. Schliisslech soll eng no dëse Critèren unerkannte Partei d’personnalité juridique kréien, sou, datt Parteien net méi op d’Konstrukt vun enger A.s.b.l. zréckgräife musse fir handlungsfäeg ze sinn.

 

 

Parteiefinanzéierung reforméieren, Fraktiouns- a Parteikeese strikt trennen

Parteien si wichteg fir d’Demokratie, a sollen dowéinst proportionell zu hirem Walresultat vum Staat ënnerstëtzt ginn. Dat aktuellt Gesetz gëtt den Ufuerderungen un eng modern Parteiefinanzéierung inklusiv der néideger Transparenz awer net gerecht. D’Pirate fuerderen dowéinst, datt all Partei, déi 0,5% vun de Stëmme bei de Wale gewënnt vun enger staatlecher Finanzéierung profitéiere kann. Dëst awer nëmmen dann, wann d’Parteien hir reschtlech Recetten an Depense komplett op den Dësch leeën. D’Pirate fuerderen donieft och, datt d’Fraktiouns- a Parteikeese strikt vunenaner getrennt ginn. Nëmmen esou ass sécherzestellen, datt d’Gelder, déi d’Fraktiounen an d’Deputéiert kréie fir hir politesch Aarbecht am Parlament an net fir de Walkampf benotzt ginn.

 

 

Fraktioun ab 2 Deputéierten

De lëtzebuergesche Walsystem erlaabt et eenzel Kandidaten ze wielen a baséiert domat net op der Iddie, datt just Parteien an der Chamber representéiert sinn. Dofir muss de Wielerwëlle respektéiert ginn an et dierfen net Deputéierte benodeelegt ginn, wann se an enger Partei sinn, déi just mat engem Deputéierten an der Chamber vertrueden ass. Dofir fuerdere mir, datt am 60-Persoune Parlament all Gruppement vun Deputéierten ab 2 Persounen als Fraktioun unerkannt gëtt.