Konscht ass ëmmer subjektiv. Dofir dierf de Staat sech net an d’Bewäertung vu Konscht amëschen an dierf keng Form vu Konscht zenséieren, déi net zur Gewalt oprifft. Am Géigendeel: Kënschtler solle vu staatleche Stellen ënnerstëtzt ginn, droen se dach en enormen Deel zur zum gesellschaftleche Liewe bäi. An der globaliséierter Welt ass et dofir och wichteg lokaalt Kulturierwen ze erhalen an ze fërderen – op zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun. D’Pirate setzen sech fir en generellen Accès zu dëse Kulturgidder an a fuerderen eng méi grouss Ënnerstëtzung vu jonken a lokale Kënschtler a Veräiner.

 

Meenungsfräiheet als Viraussetzung fir fräi Konscht

Net alles muss subjektiv als Konscht erkennbar sinn, trotzdeem ass d’Meenungsfräiheet en absolut ze schützend Recht wat sech och op Konscht bezitt. Mat Ausnam vu Konscht déi Haass verbreede soll oder eng Opfuerderung zum Gesetzesbroch oder Gewalt duerstellt, ass et net um Staat dës ze zenséieren. Konschtfräiheet muss geschützt ginn.

 

 

Eng gemeinsam Konscht-Mark

Lëtzebuerg huet an der Vergaangenheet grouss Kënschtler ervirbruecht a bréngt och haut nach groussaarteg Kënschtler ervir. Mir als Pirate sinn der Opfaassung datt sech Lëtzebuerg eng gemeinsam Daach-Marken gi sollt, ähnlech wéi dat bei aner Produiten aus Lëtzebuerg de Fall ass. Dës erlaabt lëtzebuergesche Kënschtler méi einfach an zesummen international opzetrieden. Och eis sëlleche Muséeë sollen international ënnert dëser Mark optrieden an esou nieft dem gemeinsamen Optrëtt och Käschte bei der Vermaartung spueren.

 

 

Open Luxemburgensia

Mir fuerderen datt sou wäit wéi méiglech all Luxemburgensia-Wierker digitaliséiert ginn, fir dës besser der Nowelt z’erhalen. Gläichzäiteg sollen d’Wierker un deenen Droits d’auteur ausgelaf sinn, ënnert enger oppener Lizenz online verëffentlecht ginn. Des Weidere sollen Ustrengungen ënnerholl gi fir nach geschützte Wierker ze relizenzéieren an och ze verëffentlechen. Mir erwaarden ons dovunner eng Dynamiséierung vun enger digitaler Kulturindustrie an d’Kreatioun vun neie Start-ups am Kulturberäich, souwéi d’Erhale vun der Kultur aus Lëtzebuerg an der Regioun duerch d’Moyene vun de modernen Technologien.

 

 

E-Books si Bicher

Gesetzer aus der analoger Welt mussen och am digitalen Zäitalter gëllen. Mir fuerderen dohier datt digital Gidder gläich behandelt gi wéi hier analog Géigestécker. Dëst gëllt och am Beräich vun der Literatur, wou Bicher, egal op gedréckt oder an digitale Form zum Beispill steierrechtlech gläichgestallt musse ginn.

 

 

Stëftung Kulturierwe

Amplaz datt de nationale Kulturpatrimoine vu Ministère verwalt gëtt, fuerdere mir d’Kreatioun vun enger Kulturierwe-Stëftung. Dës Stëftung soll all national Kulturgidder verwalten. D’Dirigence vun der Stëftung soll a gläichem Mooss an den Hänn vun Experten, Vertrieder vum Staat a Biergervertrieder leien. Se hätt als Aufgab eist national Kulturierwen ze bewerben an z’erhalen.

 

 

Luxembourg Film Fund

De Luxembourg Film Fund soll sech op d’Finanzéiere vu klenge Produktiounen aus Lëtzebuerg fokusséieren. De Fokus soll ewech dovu grouss international Produktiounen ze ënnerstëtzen an dorop ausgeriicht gi jonk a lokal Entwécklungen ze fërderen. Dëst wäert der Filmbranche an der Groussregioun hëllefen eng eegen Identitéit opzebauen. Donieft soll d’Gerance vum Fund an de Kultusministère agegliddert ginn amplaz de Staatsministère.

 

 

Besser Ënnerstëtzung vu Veräiner

Lokal Kulturveräiner, wéi zum Beispill Museke gehéiere vum Staat ënnerstëtzt. Veräiner dierfen net duerch Bürokratie blockéiert ginn, mee mussen de Wee méiglechst einfach gestallt kréie fir hier Organisatiounen duerch ze féieren. Och muss hinnen déi néideg Infrastruktur zur Verfügung gestallt gi fir kënnen ze operéieren. Et muss awer kloer sinn datt all Ënnerstëtzung och eng Géigeleeschtung erfuerdert. Dofir fuerdere mir datt all erstallte Wierker vu subventionéierte Veräiner der Allgemengheet als oppe lizenzéiert Wierker ze gutt kommen. Dëst féiert dozou datt den benotzbare Kulturschatz vu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss ka ginn.

 

 

Lëtzebuergesch als Sprooch an der Verfaassung verankeren

D’Lëtzebuerger Sprooch muss als Kulturgutt an Europa iwwerliewen. Piratepartei ënnerstëtzt, datt d’Lëtzebuergesch Sprooch an der Verfassung verankert gëtt. D’Lëtzebuerger Sprooch spillt weiderhin eng ganz wichteg Roll an der Integratioun a soll deementspriechend fir all interesséiert Persoun kënnen ze léiere sinn. D’Lëtzebuergesch soll nieft de weidere Sproochen zu Lëtzebuerg zur kultureller Villfalt bäidroen an hëllefen déi verschidde Kulture beieneen ze féieren. De käschtefräien Accès zu Lëtzebuergesch-Coure muss garantéiert ginn.