Inclusioun

D’Pirate setzen sech fir eng gläichberechtegt Gesellschaft ouni Barrièren an Hürden an – eng Gesellschaft, an där sech och Mënsche mat kierperlechen, psycheschen oder geeschtege Behënnerunge fräi vun Diskriminéierung a Stigmatiséieren mat de gläiche Chancen entfale kënne wéi all aner Persounen. Eng Behënnerung dierf keng Aschränkung sinn an de Gesetzgeber muss mat alle Mëttelen dofir suergen, datt all Mënsch e selbstbestëmmt Liewe féiere kann. No der Iddie vun der UN-Behënnerterechtskonventioun soll Lëtzebuerg all néideg Mesuren huele fir d’Inclusioun vun all Mënsch mat enger Behënnerung ze garantéieren a sou déi sozial a politesch Participatioun ze erméiglechen.

 

 

Gebäerdesprooch unerkennen a fërderen

Lëtzebuerg ass ee vun deene leschte Länner an Europa dat d’Gebäerdesprooch nach net als Sprooch unerkannt huet. D’Pirate setzen sech fir eng schnell Ännerung vum Sproochegesetz a fir dëse Problem ze behiewen. Doriwwer eraus muss déi däitsch Gebäerdesprooch hei zu Lëtzebuerg méi gefërdert ginn – et musse méi Coursen ugebueden an d’Bevëlkerung zu dësem Thema sensibiliséiert ginn. Nëmmen esou ass et méiglech fir schnellstens genuch Gebäerdesproochendolmetscher auszebilden, fir datt gehörlos Leit net méi d’office bei staatlechen Evenementer oder der Politik ausgeschloss ginn.

 

 

Perséinlech Assistenz a perséinleche Budget

D’Liewe mat enger Behënnerung bedeit ganz oft, datt een op Hëllef am Alldag ugewisen ass. D’perséinlech Assistenz ass eng Méiglechkeet fir Ënnerstëtzung ze erhalen, wéini, wou, wéi a vu wiem een se brauch a wëll. Domadder ass et behënnerte Mënsche méiglech gläichberechtegt a selbstbestëmmt um Liewen deelzehuelen: an der eegener Wunneng, op der Aarbechtsplaz, an der Fräizäit, als Elteren oder Kanner. Den Ënnerscheed zu konventionellen Hëllefsmethoden oder sozialen Déngschter ass, datt bei der perséinlecher Assistenz d’Initiativ vun de Persoune selwer ausgeet an si d’Organisatioun vun hirem Liewe selwer entscheede kënnen.

Eng weider Méiglechkeet fir Leit mat Behënnerungen zu engem méi selbstbestëmmte Liewen ze hëllefen ass de perséinleche Budget. Anescht ewéi bis elo mussen déi betraffe Persoune kënne selwer decidéiere wéi eng Hëllef si vu wiem an Usproch huele wëllen, amplaz eng fest definéierter Saach- oder Déngschtleeschtung virgeschriwwen ze kréien. D’Héicht vum perséinleche Budget gëtt dem Bedarf no ugepasst a ka sech bei engem Duerchschnëttsbudget vu 500€ pro Mount apendelen.

Béid Mesuren hëllefen de betraffene Leit enorm fir sech en eegestännegt Liewen opzebauen a mussen dofir vum Gesetzgeber ënnerstëtzt ginn.

 

 

Onofhängege Behënnertenbeoptragten

Fir sécherzestellen, datt d’UN- Behënnerterechtskonventioun och tatsächlech am Sënn vun de betraffene Leit ëmgesat gëtt brauch et een onofhängege Behënnertebeoptragten. Dëse Beoptragte soll ähnlech wéi d’Ombudspersoun schaffen an d’Recht kréie reegelméisseg an der Chamber ze intervenéiere fir op d’Bedürfnisser vu behënnerte Persounen opmierksam ze maachen a Gesetzestexter op hier Behënnertegerechtheet ze préiwen.

 

 

Barrièrefräi an national ofgestëmmten Hotlinen beim Staat

Nieft der eenheetlecher Noutruffnummer 112 brauch Lëtzebuerg eng eenheetlech Krisen-Hotline déi a Krisesituatiounen all net drénglech Appeller, wéi z.B. Vermësstemeldungen, entgéint kann huelen. Dëst kann den 112 enorm entlaaschten. Dës Hotline muss allerdéngs fir gehörlos oder stomm Mënschen accessibel sinn – dat heescht, dat d’Hotline och via SMS, E-Mail a weider Text-Servicer funktionéiere muss.