Bildung ass d’Basis vun all opgekläerte Gesellschaft. No enger gratis an oppener Grond- a Sekondärsschoul ass eng universitär Educatioun wichteg fir de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg ze stëtzen. Universitéitsstudien dierfen awer net vun der finanzieller Stäerkt vun de Studenten ofhänke ma mussen all Mënsch zur Verfügung stoen. Dofir dierfe finanziell Interesse keng Hürd si fir en Uni-Studium.

D’Universitéit dierf awer och keng Platz si wou Studenten enger Hierarchie ënnergestallt ginn, ma kann am Géigendeel no dem moduläre Schoulsystem eng Platz si wou Selbstbestëmmung an demokratesch Matbestëmmung am Mëttelpunkt stinn. Dëst stäerkt net nëmmen d’Identifikatioun vun de Studente mat der Universitéit, ma dréit och zu engem erhéichten Demokratiebewosstsi bäi. D’Fuerderung vun de Piraten a Saachen Héichschoulpolitik ënnersträicht dës Prinzipie vun enger staarker Bildung fir jiddereen an eng demokratesch Matbestëmmung vun de Studenten.

 

 

Méi laang Frist fir CEDIES-Prêt zréckzebezuelen

Aktuell muss de Prêt, dee Studente vum CEDIES als Ënnerstëtzung fir d’Unis-Etüden octroyéiert gëtt iwwert en Zäitraum vun 10 Joer no der éischter Schaff zréckbezuelt ginn. Virun allem Absolventen déi no dem Studium net direkt eng gutt bezuelte Plaz fannen, respektiv decidéieren nach aner Ausbildungen drun ze hänken, hu Problemer d’Aide financière vum CEDIES an dëser Frist zréckzebezuelen. D’Pirate fuerderen aus dësem Grond d’Frist op 20 Joer ze erhéijen an domadder all Studenten ze erméiglechen eng adequat universitär Bildung ze genéissen, ouni a finanziell Schwieregkeeten ze kommen.

 

 

Sammelpool fir Stipendien

Och zu Lëtzebuerg ginn et Stipendien fir Unis-Studenten. Leider ass d’Feld esou zerspläitert datt et schwéier ass op dës Offeren opmierksam ze ginn. Fir dëst z’änneren an och de CEDIES net zousätzlech ze belaaschten, fuerdere mir d’Ariichtung vun engem Sammelpool fir Stipendien a Form vun enger Fondatioun. Dës soll och probéieren aktiv selwer Stipendien anzewerben an ze kreéieren. Gläichzäiteg déngt se als eenheetlechen Uspriechpartner fir Bewerber. Dëst soll et och finanziell net esou staark placéierte Studenten erméiglechen hier Uni-Studien zu Lëtzebuerg ze absolvéieren.

 

 

Méi Kooperatiounen tëscht Universitéiten an der Groussregioun

Lëtzebuerg ass keng Insel a muss sech och an der Héichschoullandschaft behaapten. D’Pirate sinn der Meenung datt nëmmen eng gutt vernetzt Uni hier Atouten optimal ausspille kann. Mir fuerderen dofir eng verstäerkte Kooperatioun tëscht den Universitéite besonnesch an der Groussregioun an de Beräicher Bildung a Fuerschung.

 

 

Fërderung vu Grondlagefuerschung

Wärend Lëtzebuerg am Beräich vun der applizéierter Fuerschung mëttlerweil eng Traditioun opweise kann, kann een dat vun der Grondlagefuerschung nëmme wéineg soen. Vue datt Grondlagen awer wichteg si fir nei Innovatiounen, fuerdere mir datt an Zukunft och Grondlagefuerschung besser gefërdert gëtt.

 

 

Aféierung vun engem studentesche Vize-Presidenten

Nom Virbild vun de franséischen Universitéiten an der däitscher Zeppelin-Uni zu Friedrichshafen, fuerdere mir d’Schafe vun engem studentesche Vize-President den sech haaptsächlech ëm d’Belaanger vu Studente këmmert, awer och als Scharnéier tëscht der studentescher Selbstverwaltung an der Uni-Leedung déngt. Dës Mesure hëlleft der Matbestëmmung vun de Studenten an der Uni an domat der Diversitéit vum Studien-Standuert Lëtzebuerg.

 

 

Wierklech studentesch Matbestëmmung

D’Pirate fuerdere bei der Reform vum Universitéitsgesetz eng verfasste Studéierendeschaft ze schafen. Dës soll ähnlech wéi déi däitsch Modeller vun Allgemeiner Studierendenausschuss (AStA) a Studierendenparlament (StuPa) fonctionnéieren an intensiv an di universitär Gremien agebonne ginn. Dëst soll erlaben datt déi gréisste Grupp op der Uni, d’StudentInnen, och iwwerall gehéiert ginn a representéiert sinn.

 

 

Studentenwunnengen

Eng Uni ass nëmmen attraktiv fir auslännesch StudentInne wann déi och bezuelbar ass an no d’StudentInne bei der Uni wunne kënnen. D’Pirate fuerderen dofir datt an Zesummenaarbecht mam Fonds de Logement, mee och duerch d’Schafe vun engem Studentewierk, eng Wunnengsquote vu mindestens 11% vun alle StudentInnen u Studentewunnengen entsteet.