Grondakommes

All Mënsch huet d’Recht op eng sécher Existenz a gesellschaftlech Participatioun. Ee Mënsch kann nëmmen a Würd liewen, wa fir seng Grondbedierfnisser gesuergt, an him eng gesellschaftlech Participatioun méiglech ass. An eiser Geldwirtschaft ass dozou en Akommes noutwenneg.

Wann een Akommes nëmmen duerch  Aarbecht erzielt ka ginn, muss zur Sécherung vun der Würd vun alle Mënsche Vollbeschäftegung herrschen. Ënnert dëser Viraussetzung ass Vollbeschäftegung bis elo e grousst Ziel vun der Wirtschaftspolitik. Si gëtt op zwee Weeër versicht ze erreechen: duerch wirtschaftsfërdernd Moossname mam Ziel vum Schafe vun Aarbechtsplazen oder duerch staatlech finanzéiert Aarbechtsplaze mam virrangegen Ziel vun der Existenzsécherung. Allen zwee sinn Ëmweeër a verlaangen ëmfangräich ëffentlech Mëttel. Mir brauchen allerdéngs nei Léisungen déi der steigender Automatiséierung an dem technesche Fortschrëtt gerecht ginn a kënnen net méi drop setzen datt eng staark Ekonomie schonns iergendwéi fir Vollbeschäftegung suerge wäert.

Mir Pirate sinn der Iwwerzeegung, datt eng iwwerwältegend Majoritéit vu Mënschen eng sécher Existenz als Grondlag fir d’Entfale vun hire wirtschaftlechen a soziale Potentialer notze wäert. Sécher Existenz schaaft e Fräiraum fir selbstbestëmmten Educatioun a Fuerschung souwéi ekonomesch Innovatioun. Se erliichtert an erméiglecht éierenamtlech Engagement, beispillsweis d’Fleeg vu Familljememberen, d’Erzéiung vu Kanner, onofhängege Journalismus, politesch Aktivitéit oder d’Schafe vu Konscht  a fräier Software. Heivunner profitéiert di ganz Gesellschaft.

D’Piratepartei setzt sech dowéinst fir en Grondakommes fir jiddereen an, dat eng sécher Existenz a gesellschaftlech Participatioun bedéngungslos garantéiert an dobäi och ekonomesch Fräiheet erhält an erméiglecht. Mir wëllen net Räichtum verhënneren, mee d’Aarmut.

Fir e bedéngungslost Grondakommes

E Grondakommes ass en Akommes wat all Bierger ouni Géigeleeschtung vum Staat ausbezuelt kritt. Dëst féiert dozou, datt de Sozialstaat vereinfacht ka ginn, den Aarbechtsmarché flexibiliséiert gëtt duerch eng méi staark Verhandlungspositioun vun den Employé an de Benevolat gestäerkt gëtt.

E Grondakommes kann deenen aktuellen Entwécklungen entgéint wierken a offréiert eng Léisung fir d’Problemer vun engem digitaliséierten, automatiséierten a globale Marché. Wou fréier Maartineffizienzen dozou gefouert hunn datt méi Leit konnte beschäftegt ginn, huet d’Technologiséierung dozou gefouert datt ëmmer méi Ineffizienze verschwannen. Et geet esouwäit datt iwwer Internet villes “gratis” oder bal “gratis” ass. Dëst féiert dozou datt ëmmer méi d’Mëttelklass verschwënnt, well anstänneg bezuelten Aarbechtsplazen duerch Automatiséierung oder Off-Shoring ersat ginn. Een Trend deen et ze stoppe gëtt wa mer wëlle verhënneren, datt déi sozial Schéier méi wäit op geet.

Och d’Nofro no Aarbecht gëtt op laang Siicht méi kleng. Duerch Automatiséierung an Optimiséierung verschwannen ëmmer méi Aarbechtsplazen an Aarbecht gëtt ëmmer méi vu Maschinne gemaach. Dëst bedeit datt ëmmer manner Mënsche kennen eng 40-Stonn Woch leeschten. Als Konsequenz musse mir mat engem méi héijen Aarbechtslosentaux oder mat méi kuerzen Aarbechtswochen eens ginn.

Donieft detachéiert sech d’kulturell Produktioun vum Marché. Ëmmer méi kulturell wichteg Produiten, wéi z.B. d’online Enzyklopedie Wikipedia oder Open Source Projete wéi de Betribssystem Linux baséieren op fräiwëlleger Aarbecht vun dausende vu Contributeuren. Dëst ass en Trend, dee weist datt et e Bedarf fir Mënsche gëtt sech onofhängeg vun enger klassescher bezuelter Aarbecht ze betätegen. Och dëst ass en Trend dee mir musse begleeden an dofir suergen, datt keen an d’Aarmut rutscht obwuel en allgemeng wäertvoll Aarbecht leescht.

D’Grondakommes ass eng Léisung fir dës Entwécklung positiv ze begleeden. Engersäits garantéiert et jidderengem e Mindestakommes. Anerersäits lount  sech  Aarbecht  ab dem éischten Euro deen ee verdénge kann, ganz am Contraire zum aktuelle System. Och benéidegt e System mat Grondakommes keng Vollbeschäftegung méi, mee encouragéiert souguer Deelzäitaarbecht, an erméiglecht sou méi perséinlech Fräiheet a selbstbestëmmt Participatioun vum Aarbechtsmarché. Schliisslech valoriséiert e Grondakommes de Benevolat, well och gesellschaftlech wichteg, ma onbezuelten Aarbecht iwwer d’Grondakommes d’Grondbedierfnisser séchert.

D’Piratepartei schwätzt sech kloer fir e Grondakommes als konsequenten Neistart vun onsem Sozialsystem aus.

 

 

Finanzéierung duerch negativ Akommessteier

Eis Iddie vum Grondakommes wäert laangfristeg iwwer d’Aféiere vun enger negativer Akommessteier finanzéiert ginn. Dëst bedeit datt de Steiersystem fir jidderee vill méi einfach gëtt. Gläichzäiteg géif dëse System e Grondakommes erméiglechen. No dësem Steiersystem bezilt eng Persoun eréischt ab enger gewëssener Héicht Steieren – wien manner verdéngt wéi d’Héicht vum Fräibetrag, kritt Steieren
ausbezuelt, wien méi verdéngt bezilt op sengem Akommes de Steiersaz.

Steierklassen, Splitting, Plafong hei a „Assiette de base“ do wären dann eng Saach vun der Vergaangenheet, eng Steiererklärung géing trivial ginn. Dëst huet eng administrativ Vereinfachung zur Folge, déi Erspuernisser am bürokrateschen Oflaf souwuel bei de Behörden, wéi och bei Entreprisen a Privatpersounen zur Folge huet. Jidderee kritt e Grondakommes ausbezuelt wat sech da fir jiddwer eenzele mat de bezuelte Steiere géif verrechnen, sou datt een dee genee de Fräibetrag géif verdéngen, effektiv keng Steiere bezuelt hätt. Een dee manner verdéngt mécht en Netto- Gewënn an een dee méi verdéngt muss effektiv Steiere bezuelen.De System huet d’Eleganz datt en eng sozial Progressioun vun der bezuelter Steier, mat engem faire – also eenzege –  Steiersaz  kombinéiert  an  och  nach  e  Grondakommes finanzéiert.

 

 

Positiv Auswierkungen op d’Wirtschaft

Duerch de System vum Grondakommes kéinten d’Lounkäschte massiv erofgesat ginn, wat zu engem äusserst effektiven Instrument an der Relance vun der Kompetitivitéit kënnt ginn. Gëtt haut an der Wirtschaft ëm 1 bis 2 Prozenter Lounerhéijunge gestridden, sou schwätze mer hei vun der méiglecher Reduzéierung vu Lounkäschten am zweestellege Beräich. Dës Auswierkungen op d’Lounkäschte vun de Betriber géingen zu massiven Neigrënnungen an auslänneschen Usiidlunge féieren.