No iwwert engem hallwe Joerhonnert friddlechem Mateneen op eisem Kontinent, gesi mir Europäer eis den Ament un engem vun de wichtegste Scheedeweeër an eiser Geschicht.

D’Europäesch Unioun, déi als Wirtschaftsunioun ugefaangen huet, bitt haut iwwer 500 Millioune Mënsche Sécherheet, Wuelstand an eng gemeinsam Identitéit. Mir stellen awer och fest, datt zënter 2015 d’europäesch Integratioun Gefor leeft ze stagnéieren, wärend e puer Memberstaaten sech ëmmer méi vu verschidde Grondwäerter distanzéieren oder der Unioun esouguer ganz de Réck dréinen.

Op der anerer Säit gesi mir och d’Frustratioun vu ville Bierger, déi hiren Ursprong an de Gebuertsfeeler vun der Europäescher Unioun hunn: e risegt Bürokratiemonster, ontransparent Aarbechtsweisen an Institutiounen ouni déi Pouvoiren, déi se eigentlech bräichten.Mir sinn eis dem Zoustand vun Unioun bewosst a wëllen eis hei zu Lëtzebuerg, ma och zesumme mat eise Schwësterparteien aus ganz Europa, fir en Neistart vun der Europäescher Unioun asetzen an en europäesche Konvent vun de Bierger ureegen, deen d’Basis fir eng demokratesch a politesch Unioun stelle soll.

 

Eng demokratesch a politesch Unioun

D’Piratepartei, vun der Muecht an de Chancë vun der europäescher Integratioun iwwerzeegt, wëll d’Europäesch Unioun méi effizient, iwwersiichtlech an demokratesch maachen. Europa ass haut vill ze oft ouni wierklech Muecht. D’Pirate wëllen datt Entscheedungen an Europa vun de Mënsche kommen an net vu Banken, Finanzmäert oder der europäescher Bürokratie. Mir wëllen dofir eng vollwäerteg, demokratesch, transparent politesch Unioun mat méi Pouvoir bei grenziwwerschreidende Problemer. Eng Europäesch Unioun wou d’Direktioun vum Europäesche Parlament kontrolléiert gëtt. Mir wëllen e gewielte President vun der Europäescher Kommissioun, déi gläichzäiteg och soll d’Walresultater vun den Europawale widderspigelen. Dofir wëlle mir och fir d’Wal vum Europäesche Parlament d’Méiglechkeet fir europawäit Lëschten ze wielen. Nieft dem Europäesche Parlament wëlle mir och eng demokratesch gewielten zweet Kummer fir d’Vertriedung vun de Memberstaaten. De Conseil wëlle mir als ondemokrateschen Organ direkt ganz ofschafen.

 

 

En Demokratie-Upgrade fir d’Institutiounen

D’Bierger brauchen onbedéngt méi Matbestëmmungsméiglechkeeten. Mir wëllen d’Biergerinnen a Bierger an europawäite Referenden iwwert d’europäesch Gesetzgebung matentscheede loossen. Zum Enge sollen d’Bierger iwwert erweidert a vereinfacht europäesch Biergerinitiative Legislativ-Virschléi maachen, zum Aneren awer och am Kader vum Gesetzgebungsprozess Gesetzesprojete stoppe kënnen.

Et muss dann och zu enger anerer Gewiichtung vun den Aufgabe vu Legislativ an Exekutiv kommen.
Kuerzfristeg muss d’Europäescht Parlament gestäerkt ginn. Mir wëllen all Initiativ mat virundreiwen, déi dëst erméiglecht. Esou solle beispillsweis d’EU-Deputéiert an alle Staaten no engem eenheetleche Walsystem vun alle Bierger nom selweschte Prinzip gewielt ginn. D’Parlament muss dann och endlech déi voll Rechter vun engem Parlament kréien. Dozou gehéiert d’Initiativrecht fir nei Gesetzesproposen souwéi d’Kompetenz fir iwwert den EU-Budget ofzestëmmen. Aus der Europäescher Kommissioun muss eng Regierung ervirgoen, déi als reng Exekutiv handelt a vum Parlament iwwerwaacht gëtt. Den EU-Kommissiounspresident souwéi och de spéidere President vun der Republik Europa muss vun alle Biergerinnen a Bierger an Europa gewielt ginn.

Als Iwwerbleibsel vun der intergouvernementaler Regierungsmethod wëlle mer den Europäesche Rot ofschafen. Duerch d’Opléisung vun de Memberstaaten gëtt de Rot, deen hautdesdaags éischter d’Entwécklung vun der EU duerch national Intressie bremst, iwwerflësseg. Mir proposéieren dofir amplaz d’Schafen vun engem Senat als zweet Kummer parallel zum Parlament, dee sech aus je 2 Vertrieder pro Regiounen zesummesetzt.

 

 

D’Europäesch Unioun kann ouni Solidaritéit net bestoen

Fir déi wirtschaftlech ugeschloen Eurostaaten erëm op d’Been ze stellen, fuerderen d’Piraten en “Marshall-Plang” fir Europa. Dësen Opbau- an Investitiounsprogramm, soll déi kuerzfristeg Konjunkturentwécklung fërderen an och laangfristeg d’Wuesstemspotential stäerken. Zil ass et, den Ëmbau an d’Moderniséierung vun den europäesche Vollekswirtschaften hin zu enger energieeffizienter a ressourcëschounende Wirtschaftsstruktur ze erméiglechen.

Mir gesinn et als absolut Noutwennegkeet un, fir nees zeréck zu de rechtsstaatlechen an maartwirtschaftleche Prinzipie vun der EU ze kommen a wëllen dofir onofhängeg Iwwerpréiwunge vun de Rettungsmoossnamen fir Finanzinstituter an ëffentlech Haushälter, déi noutfalls esouguer réckofgewéckelt musse ginn. Dëst mécht an deem Zesummenhang och eng Oppeleeung vun alle Geldflëss néideg. Dat gemengwuelschiedlecht an deelweis kriminellt Geschäftsgebare vum Finanzsecteur an der EU stellt eisen Usiichten no déi wesentlech Ursaach vun der Finanz- an Eurokris duer a war nëmmen duerch eng onzouräichend Bankereguléierung an -opsiicht vun der EU méiglech.

An der forcéierter Amëschung vun der Europäescher Kommissioun an d’Budgetspolitik vun eenzele Memberstaaten, gesi mir eng Mëssuechtung vum Demokratieprinzip an eng akut Gefor fir eng wirtschaftlech Entwécklung an den Eenegungsprozess an Europa. Mir kritisiéieren dofir esou Intrumenter ewéi den europäesche Fiskalpakt, well dës en demokratesch net legitiméierten Agrëff an d’Budgetshoheit vun de Memberstaaten duerstellen. Am Sënn vun enger weiderer Integratioun vun den Eurostaaten brauche mir nei an aner Instrumenter, déi demokratesch legitiméiert sinn, déi der Recheschaftspflicht ënnerleien an duerch d’Europäescht Parlament kontrolléiert kënne ginn.

 

 

Eng digital Agenda fir Europa

Mir liewen an enger Zäitalter, wou d’Welt duerch déi digital Vernetzung méi no zesumme réckelt. An der Mënschheetsgeschicht war et nach ni esou einfach un esou e grousst Wëssen ze kommen. D’digital Revolutioun huet déi gesellschaftlech a wirtschaftlech Struktur a ganz Europa grondleeënd verännert an och an Zukunft wäerten nei Innovatiounen an eisen Alldag Anzuch halen. Fir aktiv an der Gesellschaft participéieren ze kënnen, gehéiert mëttlerweil en Zougang zum Internet quasi zur Grondviraussetzung. Dat fänkt bei de Recherche vun de Schüler fir d’Schoul un an hält beim “Sech-informéieren” bei den Erwuessenen op. Mir wëllen dofir d’Recht op digital Teilhabe un der Gesellschaft an d’Europäesch Grondrechtscharta verankeren an den europawäiten Ausbau vun enger leeschtungsstaarke Kommunikatiounsinfrastruktur duerch d’EU méi staark fërderen.

Fir en dauerhaften Investitiounsuräiz, e faire Wettbewerb an eng Gläichbehandlung vun allen Acteuren am digitale Raum ze erméiglechen, sti mir hannert dem Prinzip vun der Netzneutralitéit a wëllen dës per Richtlinn europawäit an de Legislatioune verankeren. Beim europawäiten Ausbau vun den Netzer an hirer Moderniséierung dierf et net zu enger Monopoliséierung vun der Kommunikatiounsinfrastruktur kommen.

Den Internet als Kommunikatiounsraum kennt keng national Grenzen. Mir betruechten dofir déi kënschtlech Lännergrenzen am Internet fir Kulturgidder a Déngschtleeschtunge bannent dem europäesche Bannemaart als Hindernis fir déi weider europäesch Integratioun a fuerderen eng Ophiewung vun dëser Praxis. Generell muss et zu engem Ëmdenken am Ëmgang mat immaterielle Gidder an zu engem Stopp vun enger restriktiver Duerchsetzung kommen. Eng weider Monopoliséierung vun Informatiounen a Kultur muss gestoppt ginn. Mir brauchen dofir eng Reguléierung duerch de Staat, deen d’Monopolrechter just an Ausnamesituatiounen zouerkenne respektiv oprechterhalen dierf, wann dës den Interesse vun der Allgemengheet net entgéint steet. Ausnamen dierfe just zäitlech begrenzt sinn an kënnen net réckwierkend inhaltlech oder zäitlech erweidert ginn.

Mir ënnerstëtzen de Gedanke vu Gemenggidder a wëllen d’Schafung vu sougenannte “Commons” fërderen. Mir wëllen dofir d’Kreatioun vun oppene Patentpools, fräie Bildungsofferen, fräier Software a fräie Kulturgidder duerch gëeegnnt Kaderbedéngungen ofsécheren a mat méi Mëttelen ënnerstëtzen.

 

 

Europäesch Bannen- a Sécherheetspolitik

Mir Pirate wëllen d’europäesch Flüchtlings- an Asylpolitik enger grondleeënder Neiausriichtung ënnerzéien. Eng „Festung Europa“ dierf et net méi ginn. D’Europäesch Flüchtlings- an Asylpolitik muss op der Uechtung vun de Mënscherechter berouen an d‘Bestëmmunge vun der Genfer Flüchtlingskonventioun souwéi der UN-Kannerrechtskonventioun respektéieren. Eng vu Solidaritéit gepräägte Flüchtlings- an Asylpolitik dierf eenzel Memberstaaten net mam finanziellen, logisteschen an administrativen Opwand eleng loossen. Majoritär decidéiert Mechanismen, ewéi dem Verdeelungsschlëssel, mussen ugewannt ginn.

Mir plädéieren och dofir, datt vëlkerrechtswiddreg Praktiken, wéi se duerch Frontex un den EU-Baussegrenzen ugewannt ginn, ophale mussen. Mir fuerderen eng Ofschaafung vu Frontex. Mir vertrieden d’Iwwerzeegung, datt Problemer nëmmen do geléist kënne ginn, wou se hiren Ursprong hunn: an den Hierkonftslänner vu den Asylsichenden, vill ze dacks bewosst oder onbewosst duerch d’EU oder eenzel EU-Memberstaaten ausgeléist resp. vergréissert.

Mir spriechen eis ausserdeem vehement géint jiddwer Tendenz vun repressiven an europawäiten Iwwerwaachungsstrukturen aus. Fir d’Piraten ass den Asaz vun Drone keen diskutabelen Aspekt vun enger EU-Sécherheetspolitik, mee am Géigendeel, en Ausdrock vun enger fataler Feelentwécklung.

 

 

Eng gemeinsam Sécherheets- a Verdeedegungspolitik

Mir Pirate stinn der Iddi vun enger gemeinsamer Sécherheets- a Verdeedegungspolitik positiv géigeniwwer. Grad virun Hannergrond vun enger Republik als Nofolgeinstitutioun vun enger Europäescher Unioun gesi mir et als déi pragmateschst Léisung, fir op europäeschem Niveau eng gemeinsam Europäesch Arméi ze bilden.

Eng Europäesch Arméi géif sech aus engem EU-Dëppen finanzéieren, an deen all d’Memberstaaten abezuelen. Duerch vereenheetlecht Prozeduren an Material géif de Budget vill méi efficace genotzt an d’Memberstaaten substantiell entlaascht ginn.

D’Europäesch Kommissioun soll d’Weisungsbefugnis kréien. Asätz wieren nëmmen duerch en demokratescht Legitiméieren duerch d’Europäescht Parlament méiglech.