Schoul nei erfannen

D`Mënschheet huet an de leschten 100 Joer e grousse Fortschrëtt an der Wëssenschaft, Technik an de Liewensstandarde gemaach.

Wisou sinn awer d`Schoulen am selwechtem System bliwwen, wie virun 100 Joer?

Gebaier erënneren un d`Kasären. Wëssen ass an eenzelen Fächer opgedeelt, woubäi d`Liewen an d`Aarbecht interdisziplinär sin. Et geëtt Frontalunterricht am 45 Min. Takt oofgehal, obwuel jidderee weess, dat sech Kanner esou laang net konzentréiere kënnen. D`Bildungschance vu Kand ginn méi vun de Moyene vu senger Famill bestëmmt, ewéi vu senge Fäegkeeten an Talenter.

Die puer Schéinheetskorrekturen déi gemaach gi sinn, hunn d`Onzefriddenheet an de Frust bei allen Bedeelegte just nach vergréissert.

D`Piratepartei setzt sech fir kannergerecht Bildung an. Déi soll neisten Erkenntnisser aus der Psychologie, Gehirfuerschung, Sozialpedagogie, Léiermethodik a.s.w. berécksiichtegen. Esou, dat Kanner zu selbststänneg denkenden, flexibelen, sozialverantwortlechen Erwuessene ginn, déi sech a der weiderentwéckelter Gesellschaft an verännerter Aarbechtswelt zurechtfannen.

Dëst ëmfaasst Verbesserung vu Formatioun vu Léierkräften an Educateuren, kannergerecht Infrastruktur an Ganzdagsschoulen, wou alles wat mam schoul ze dinn huet do gemaach gëtt an doheem kënne Kanner erëm Kanner sinn.

 

 

Moduläre Schoulsystem

Duerch déi ablécklech starr an inflexibel Struktur am Secondaire, gi staark Schüler bannent enger Klass ënner, méi schwaach Schüler iwwerfuerdert. De Schoulsystem geet kaum bis guer net op déi perséinlech Interessien, Fäegkeeten an Talenter vum Schüler an. Dës féiert dacks zum Verloscht vun der Motivatioun.

Duerch d’Verschmëlze vum Secondaire kënne mir elo mat engem moduläre Schoulsystem optimal op déi perséinlech Schwächten a Stäerkte vun all Schüler agoen. Heifir soll de Stonneplang vun all Schüler an zwou Kolonnen, bestoend aus Flichtmoduler a Walmoduler opgedeelt ginn. Ab 10eme kënnt eng drëtt Kolonn fir d’Spezialiséierungsmoduler dobäi. Dës Moduler sinn, jee no Komplexitéit, hirersäits nach eng Kéier méi oder manner fein a Schwieregkeetsgraden agedeelt.

Donieft soll e gutt resp. e manner gutt Ofschneiden an de Flichtmoduler net méi entscheedend fir d’Wal vun der spéiderer Beruffsausbildung sinn. All Schüler steet, onofhängeg vu senge Sproochkompetenzen, jiddwer Walmodul a spéider jiddwer Spezialiséierungsmodul zur Auswiel.

Den Educatiounsministère huet d’Aufgab, an Ofsprooch mat de respektive Beruffskummeren, fir all Ausbildungswee e Schema mat den ideale Moduler a Schwieregkeetsgraden ze proposéieren, fir eng bestëmmte Beruffs-, respektiv Studiumsqualifikatioun ze erreechen. Et läit awer um Schüler, wéi exakt en sech un déi Virgaben hält. D’Zil ass et, datt e Schüler sech seng Ausbildung mat Hëllef vu Walmoduler a fachspezifesche Moduler esou zesummestelle kann, wéi et sengen Interessien a Fäegkeeten entsprécht.

 

 

Zesummeleeën vu Schoulen um gläiche Standuert

D’Piratepartei ass der Usiicht, datt d’Ressource vu verschiddene Schoulgebaier, déi um selwechte Standuert sinn (zum Beispill Campus Geesseknäppchen, Lampertsbierg), zesummegeluecht solle ginn. Duerch d’Verschmëlze vun den am Ablack onofhängegen Etablissementer zu engem grousse Lycée, kann d’Erausfuerderung gemeeschtert ginn, op verschiddene Plazen eng grouss Offer u Moduler unzebidden, ouni datt en eenzel Lycée un d’Grenze vu senge Kapassitéite stéisst. D’Zesummeleeë vum Classique an Technique fir dës Fusioun ass och keen Hindernis méi.

 

 

Bildungsmaterialien ënner Creative-Commons

Mir sti fir e fräien Zougang zu Bildung a Bildungsmaterialien. Aus dësem Grond fuerdere mir direkt eng Relizenséierung vu Schoulbicher ënnert enger fräier Lizenz, un deenen den Educatiounsministère d’Urheberrechter huet. D’Ausschaffe vun neiem Bildungsmaterial soll vun Ufank un ënnert enger fräier Lizenz verëffentlecht ginn a jiddwerengem gratis zougänglech gemaach ginn. Dëse Contenu soll och online verfügbar sinn, fir mat kollaborativen Effekter d’Bicher reegelméisseg un de jeeweils gëllende Programm upassen ze kënnen.

 

 

An d’Qualitéit vun der Léier investéieren

Mir mussen ewech vun engem quantitativen Usaz un d’Léier an hin zu engem qualitéitsorientéierten Usaz. Dës schléisst mat an, datt och d’Gehälter der Qualitéit vun der Léier entspriechen an net nom Stränzeprinzip jiddwer Auszebildenden dat selwecht verdéngt. Mir brauchen dréngend eng Evaluatioun vun der Léier. Mir fuerderen donieft méi Verantwortung fir Schoulpersonal, dat net an d’Educatioun vun de Schüler involvéiert ass. Esou kënnen d’Proffen sech méi op hier Haaptaufgabe konzentréieren: d’Ënnerriichten.

 

 

Méi Präsenz vu Léierpersonal an de Schoulen

E Schoulmodell, deen ëmmer méi differenzéiert op d’Fäegkeeten, Interessien an Talenter vun all eenzele Schüler ageet, mécht et néideg, datt d’Léierpersonal och no de Schoulstonne muss uspriechbar sinn. Dëst kéint a Form vun engem Permanencesystem ëmgesat ginn, fir déi se vun hirer Schoul Büroen zur Verfügung gestallt kréien. Eng Partie vun den administrativen Aufgabe vum Léierpersonal kéinten ausserdeem duerch eng Reorganisatioun vun de Vakanze besser iwwert d’Schouljoer verdeelt ginn, sou datt déi zousätzlech zäitlech Ressourcen de Schüler zegutt komme géifen.

 

 

Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch

An engem Land, dat wéi keen anert duerch eng grouss Sproochevillfalt gepräägt ass an op dat eis Matmënschen aus allen Himmelsrichtungen hire Wee fannen, setzen sech d’Pirate fir d’Notzung vum Lëtzebuergeschen als Integratiounssprooch an. Fir et de Kanner vun den Zouwanderer méi liicht ze maachen, soll d’Alphabetisatioun op däitsch an der Grondschoul iwwerduecht a Pilotprojeten ënnerstëtzt ginn déi der Mammesproochevillfalt Rechnung droen.

 

 

Mediekompetenz-Modul aféieren

An engem Zäitalter, wou een zu Lëtzebuerg mat enger fir quasi jiddwereen zougänglecher Technologie ganz liicht un all Zort Wësse kënnt, ass et ëmmer méi wichteg, de Schüler scho fréi ze weisen, wéi ee mat dësen Technologien ëmgeet, wéi se u Wësse kommen a virun allem wéi een d’Seriositéit vun dësen Daten aschätze kann. Dofir fuerdert d’Piratepartei d’Aféiere vun engem obligatoresche Mediekompetenz-Modul.

 

 

Däitsch Gebärdesprooch als Walfach

D’Piraten ënnerstëtzen eng Gesellschaft wou ee fir deen aneren do ass, dofir si mir fir d’Aféiere vum Walfach „Däitsch Gebäerdesprooch“ am Enseignement secondaire.

 

 

Internet an de Schoulen

D’Lycéeë musse sécherstellen, datt an all Klassesall eng funktionéierend Internetverbindung zur Verfügung steet, sou datt d’Léierpersonal an d’Schüler zu all Moment dorobber zréckgräife kann. Zesumme mat de Schüler soll d’Benotze vum Internet als Léierinstrument gefërdert ginn.

 

 

Recht op Précoce

D’Piratepartei wëll datt all Kanner ab 2,5 Joer en Urecht op eng Plaz an engem Precoce kritt. Dëst soll erméiglechen, datt d’Kanner fréizäiteg sozialiséiert a spezifesch gefërdert ginn, wärend d’Elteren erëm séier an hirem Beruff Fouss faasse kënnen.

 

 

Obligatoresch Kuren a Sexualkunde

D’Piratepartei fuerdert fir jiddwer Schüler obligatoresch Kuren an der Sexualkunde, fir datt all Schüler um Ufank vu sengem Erwuessegi säi Kierper a seng Sexualitéit entdecken a verstoe léiert. E responsabelen Ëmgang mat Verhiddungsmëttelen an de Schutz virun ë.a. liewensgeféierleche Geschlechtskrankheeten ass vun eminenter Wichtegkeet a muss an de Schoule geléiert ginn. Dëse Cours soll vun enger neutraler Persoun gehale ginn, sou dat d’Schüler sech hier eege Meenung zu den Theme bilde kënnen.

 

 

D’Diversitéit vum Zesummeliewen als Fach an der Schoul

Mir sinn eis bewosst, datt am Joer 2018 net nëmme méi ewéi just déi klassesch Rollebiller existéieren, mee datt dës och tatsächlech gelieft ginn a visibel sinn. D’Entwécklungen aus de leschte Jore bréngen et mat sech, datt och an eise Schoulen op déi faarweg Diversitéit vum Zesummeliewe muss agaange ginn, fir esou ze verhënneren, datt Viruerteeler an Oflehnung entsteet.

Mir fuerderen dofir méi e konsequent Abanne vu beispillsweis den Theme vun der sexueller Orientéierung, der sexueller Identitéit, de Reeboufamillien an der Solidaritéit mat Minoritéiten an den Educatiounspläng vum Educatiounsministère. Et sollt hautdesdaags keen Tabu méi sinn, fir iwwert dës Themen ze schwätzen an et gëllt de jonke Mënsche scho fréi d’Angscht virum Aneschtsinn ze huelen a Versteesdemech fir déi, déi et brauchen, bäizebréngen.

Den Educatiounsministère muss dofir weidert Personal a finanziell Mëttelen zur Verfügung stellen, fir esou e Programm ze entwéckelen, ze betreien an de Suivi dovunner ze maachen, dëst an Zesummenaarbecht mat lokalen LGBTIQ-Organisatiounen.

Mir plädéiere fir eng nohalteg Zesummenaarbecht mam Informatiounszentrum CIGALE bei der Aus- a Weiderbildung vum Personal am sozio-psycho-edukativen Beräich souwéi an der Formatioun an de Lycéeën LTPES an LTPS hisiichtlech der LGBTIQ-Thematik.

 

Schoulsport fërderen

Nëmmen e gesonden a fitte Kierper kann e schlaue Kapp ënnerstëtzen. Aus dësem Grond fuerdere mir, de Schoulsport weider ze promovéieren a mindestens iwwert weider nieweschoulesch Offeren nozedenken. De Schoulsport soll des Weideren an alle Klassen op mannst als Walfach ugebuede ginn.

 

 

Zougang zu Computere sécherstellen

Mir fuerderen, datt a jiddwer Stot, an deem schoulflichteg Kanner liewen, en Zougang zu engem Computer muss garantéiert sinn. Sollt dës net aus eegene Mëttele méiglech sinn, sou kann ee via Sozialbüro e Computer ufroen. Dëse kéint aus engem Pool un Maschinne kommen, déi zum Beispill bei staatlechen Administratiounen ausgemustert an uschléissend formatéiert goufen. Dëst stellt sécher, datt Kanner net opgrond vu finanzielle Grënn op d’Léieren, mat engem Computer ëmgoen ze kënnen, verzichte mussen.

 

 

Eegnungstest aféieren

Fir et de Leit, déi iwwert en alternative Bildungswee en Ofschloss am Enseignement secondaire maache wëllen, de Wee ze vereinfachen, proposéiere mir, datt jiddwerengem d‘Aschreiwung zum Ofschlossexame méiglech gemaach gëtt, onofhängeg dovunner, wou d’Kandidaten d’Schoul besicht hunn an onofhängeg dovunner, op se e gewësse Minimum u Moduler absolvéiert hunn. Dëst soll iwwert en Eegnungstest geschéien, dee virum Ofschlossexame stattfënnt. Am Fall vum Duerchfalen, kënnen dem Kandidat Moduler proposéiert ginn, déi ëm d’Packen erméiglechen.

 

 

Situatioun vun de Chargé(e)ë verbesseren

Souwuel am Fondamental wéi am Secondaire schaffe vill Chargéeën déi um Enn vum Schouljoer am Ongewësse sinn, wéi hier Tâche no der Rentrée ausgesäit. Notamment am Fondamental hunn d’Schoulcomitéen duerch d’Posteverdeelung bei de Chargéeë Problemer fir eng Kontinuitéit vun den Equipes pédagogiques ze garantéieren. D’Chargéeën déi iwwer Joren Experienz am Schoulbetrib gesammelt hunn, sollen dës am Kader vun enger Formatioun ugerechent kréien a kënnen duerno wéi déi brevetéiert Enseignanten hier Aarbecht an deene Schoule weiderféiere wou sinn zur Equipe pédagogique gehéieren.

 

 

Schoul onofhängeg vu Mega-Konzerner halen

D’Pirate fuerderen, datt Schoulen, an domadder Schüler, onofhängeg vun auslännesche Megakonzerner gehale ginn. Deals wéi den Office-365 Deal tëscht CGIE a Microsoft respektiv aner ähnlech Kooperatiounen, fanne mir net gutt. Mir fuerderen amplaz den Asaz vun oppener Software, esou datt eis Kanner zu selwer denkende Wiesen erzu kënne ginn an de Cercle vicieux datt nëmmen zoue Software bekannt ass gebrach gëtt.