An enger globaliséierter Welt ass och Lëtzebuerg keng isoléiert Insel. Mir mussen ons als EU-Grënnungsmember onser Responsabilitéit op internationalem Niveau bewosst sinn. Dofir ënnerstëtzen d’Piraten eng Aussepolitik, déi sech un demokratesche Standarden orientéiert an op d’Stäerkung vu Mënscherechter fokusséiert ass. Entwécklungshëllef muss genau souwéi finanziell a wirtschaftlech Ënnerstëtzung op dëse Prinzipie berouen.

 

 

D’Pirate schwätze sech géint Cyberwar aus!

Oppen a verdeckten Aktioune vu staatlechen, privaten an ëffentlechen Organisatiounen, déi de Cyberspace als Konfliktdomän notzen an Zivilbevëlkerung gefäerden, lehne mir decidéiert of. Schuedsoftware, déi an der Lag ass fir Mënscheliewen duerch Ugrëffer op gesellschaftlech Versuergungsnetzwierker (Stéchwuert: KRITIS) ze gefäerden, betruechte mir als inakzeptabele Sécherheetsrisiko a fuerderen e Bekenntnis vu Regierungen, speziell der lëtzebuergescher Regierung, zu friddenserhaalende Moossnamen, geméiss den internationale Konventiounen zur Verbesserung vum friddleche mënschlechen Zesummeliewen duerch d’Technik op der Äerd. Mir Piraten, zesumme mat eise Schwësterparteien an den anere Länner, fuerderen all d’Regierungen op der Äerd op, déi global Informatiouns- a Kommunikatiounsnetzer zesummen ze schützen an en als héicht gemeinsamt Gutt vun alle Mënschen unzëerkennen.

 

 

D’Stäerkung vun den Vereenten Natiounen (UNO)

D’Vereenten Natiounen als wichtegst Institutioun fir déi friddlech Verstännegung tëscht de Staaten op dëser Äerd, brauchen onbedéngt eng Rei Reformen, fir esou fir déi nei Erausfuerderunge gerëscht ze sinn. Eng ugemosse Bedeelegung vun alle Kontinenter am Sécherheetsrot ass dauerhaft sécherzestellen. Besonnesch d’Schwellelänner sollte virum Hannergrond vun hirer ëmmer méi grousser regionaler Bedeitung, méi staark un d’Mechanisme fir eng global Verantwortung bedeelegt ginn. D’Vereenten Natioune kënnen hir Aufgaben nëmmen erfëllen, wann d’Memberstaaten hire Bäitragsleeschtunge nokommen. Et bitt sech un, d’Vereenten Natiounen an Zukunft nach méi staark an d’Koordinatioun vu Katastrophenhëllefsprojeten ze integréieren.

 

 

Mënscherechter op der internationaler Agenda

Wou och ëmmer Lëtzebuerg optrëtt musse mir Verfechter vun den universale Mënscherechter sinn. Mir musse weltwäit e méi staarken Akzent op Mënscherechter leeën, well all Mënschen si gläich an hunn en Usproch op déi nämmlecht Rechter. Mir fuerdere vun der nächster Regierung datt keng privilegéiert Partnerschafte mat Länner geschloss gi wou d’Mënscherechter mat Féiss getrëppelt ginn. Et ass onglafwierdeg op der enger Säit Mënscherechter stäerken ze wëllen an op der anerer Säit eng privilegéiert Partnerschaft mat Länner anzegoen, déi systematesch d’politesch Oppositioun, anescht-gleeweger oder Mënschen opgrond vun hirer Sexualitéit diskriminéieren. Mir fuerderen, datt d’Mënscherechter viru wirtschaftlechen Interesse stinn.

 

 

Mënscherechtsbeobachter konsequent alueden

Bei allen offizielle Reese vu lëtzebuergeschen Delegatioune soll an Zukunft mindestens en Mënscherechtsbeoptraagte mat dobäi sinn. Dëse soll no sengem Retour en onofhängege Rapport iwwert d’Lag vun de Mënscherechter am Zilland schreiwen. Dës Situatioun soll op enger Ampelskala bewäert ginn. Unhand vun dëser Skala sollen dann zukünfteg Delegatioune prioriséiert ginn a Länner ouni de néidege Respekt virum Mënscherecht méi kritesch behandelt ginn.

 

 

Ënnerstëtzung vun neien Demokratien

D’lëtzebuergesch Entwécklungshëllef soll sech haaptsächlech op Staaten fokusséieren, déi kloer Ustrengungen a Richtung demokratesch Strukturen ënnerhuelen. Länner déi säit Jore keng fräi Walen no UN-Standarde duerchgefouert hunn dierfe keng Entwécklungshëllef méi kréien, mat Ausnam fir eben esou Walen duerchzeféieren. Jonk Demokratië musse weltwäit ënnerstëtzt ginn a sou soll Lëtzebuerg an Zukunft zu den éischte Länner gehéieren déi nei, friddlech Staatsgrënnungen unerkennen. Et soll zur Reegel ginn, datt Lëtzebuerg ee vun den éischte Länner ass, déi friddlech, nei, demokratesch Staaten unerkennen.

 

 

Demokratisiéierung vun internationalen Organisatiounen

Déi international Organisatiounen an deene Lëtzebuerg Member ass, wéi den Internationale Wärungsfong (IMF), d’Weltbank oder d’Welthandelsorganisatioun (WTO) mussen demokratiséiert ginn. Och Entwécklungslänner mussen endlech eng Stëmm an dësen Organisatioune kréien. Dës international Organisatiounen dierfen net Regional ënnerschiddlech opgebaut ginn, ma all Land muss seng Stëmm gläichberechtegt kënne vertrieden.

 

 

Kloer 3D-Strategie beim Militär

Eis Arméi soll sech an Zukunft nëmmen nach op hier Roll an enger 3D-Strategie (Development, Diplomacy & Defence) reduzéieren. D’Piratepartei schwätzt sech géint en Asaz vu lëtzebuergeschen Zaldoten a Krichsgebidder aus. Mir gesinn den Nodeel vun 28 ënnerschiddlechen Arméien a favoriséieren dofir éischter d’Zesummeleeë vun de Ressource fir d‘Schaafung vun enger Europäescher Arméi.

 

 

Nuklearwaffeverbuet

D’Piratepartei ass strikt géint Nuklearwaffen, souwuel wat d’Lagerung wéi och den Transport vun Nuklearwaffen ugeet. Mir fuerderen e weltwäiten Ofbau, an e weltwäit Verbuet fir d’Produktioun oder de Gebrauch vun Nuklearwaffen.

 

 

Kampf géint Terrorfinanzéierung

D’Bedeelegung vu Lëtzebuerg am sougenannte Kampf géint den Terror soll sech op e bessere Screening vu verdächtege Banktransaktioune beschränken. Mir schwätzen eis entscheet géint den TFTP Traité aus a fuerderen datt eng eventuell Analyse vu Bankdaten nëmmen innerhalb vun der EU dierf duerchgefouert ginn. Wa mir effizient an datespuersam géint d’Terrorfinanzéierung virgi schaaft dat manner Märtyrer an ass noweislech méi effikass wéi den Asaz vu bewaffenten Truppen oder Dronen.

 

 

Héijen Niveau un Entwécklungshëllef bäibehalen

Mir schwätzen eis weiderhi fir e Bäibehale vun engem héijen Niveau vun Entwécklungshëllef aus. Mir fuerderen awer datt dës am speziellen ausgi gëtt fir Selbststännegkeet, Fraerechter, LGBTQ-Rechter an Demokratie ze fërderen. An Zukunft soll d’Entwécklungshëllef vun den EU-Staaten op federalem Niveau koordinéiert gi fir Verschwendungen an Duebelausgabe besser virbeugen ze kënnen.

 

 

Uni.lu als Entwécklungshelfer

Am Budget vun der Uni.lu solle Gelder virgesi gi fir d’Kooperatioun vun der Universitéit mat Partner an Entwécklungslänner. Doduerch soll och d’Uni.lu sech als Entwécklungshelfer betätegen.

 

 

Zwee-Staate-Léisung am noen Osten

Den Israel-Palestina-Konflikt kann op traditionell Aart a Weis net méi geléist ginn. Dowéinst si kloer Léisungen néideg. D’Piraten ënnerstëtzen eng Zwee-Staate-Léisung fir déi als Kärpunkt d’Grenze vum Westjordanland an dem Gaza-Sträif ëmfaasst. Jerusalem als helleg Staat vu ville Relioune soll ënnert vëlkerrechtlech Verwaltung an ënnert de Schutz vu neutralen Truppe gestallt ginn; eng Méiglechkeet wier d’Schwäizer Garde. E generellt Retour-Recht fir Palestinenser op israeleschen Territoire soll ausgeschloss ginn, gläichzäiteg awer hinnen d’Méiglechkeet gi fir déi palestinensesch Nationalitéit ze kréien. Anerersäits muss Israel all Siidlungen opginn an d’Siidler sollen d’Méiglechkeet kréie palestinensesch Staatsbierger ze ginn oder awer zréck an Israel ze goen. Och d’Waasserversuergung an d’kritesch Infrastruktur soll duerch neutral Truppe geschützt ginn sou datt keng nei Konflikter entstinn.

 

 

NATO iwwerdenken

Militärbündnis muss sech enger Reform ënnerzéien an et muss eng oppen Diskussioun gefouert ginn, op all Member nach seng Platz an der Allianz huet.