Asyl ass e Mënscherecht. Populistesch Attacken op dëst Recht toleréieren d’Piraten net a schwätzen sech kloer fir eng verstäerkt Ënnerstëtzung vun Asylsichenden aus. Wichteg ass et Aslysichender net ze stigmatiséieren, ma als Mënschen an Nout ze behandelen a mënschewierdeg Prozeduren unzewende fir dem Recht op Asyl gerecht ze ginn. Donieft mussen d’Grënn fir positiv Asylgesich ausgewäit gi fir op aktuell Geforen a Länner ouni déi néideg Protektioun opmierksam ze maachen. Nëmme mat dëse Mesurë kann sech Lëtzebuerg als modern Demokratie a sécheren Hafe fir verfollegt Persounen etabléieren.

 

 

Fluchtursaachen bekämpfen

Den Ufank vu gudder Asylpolitik leit an der Aussepolitik.

D`Piraten setzen sech mam aller Kraaft fir gewalt- an waffefräi Léisungen vu geostrategeschen a oliteschen Ausernanersetzungen.

De Krich huet am 21. Jorhonnert keng Dosinnsberechtegung méi an dierf net mol toleréiert ginn. E weideren Schwéierpunkt ass eng transparent, novollzéibar an nohalteg Entwécklungshëllef.

Konserven an Puddermëllech hëllefen a Nout ze iwwerliewen, de Leit Méiglegkeet ginn sech selwer ze ernären, lokal Produktioun ze stäerken, Educatioun a Gesondheet ze fërdern as op laang Siicht onerlässlech.

Mënschen, déi an hirer Heemecht sécher, am Fridden a mat gudden Perspektive liewe kënnen, brauchen net fortzelaafen.

 

 

Een eenzege zoustännege Ministère

Fir méi schnell an einfach Entscheedunge soll et nëmmen nach een eenzege Ministère fir den Accueil, Prozedur an d‘Integratioun zoustänneg sinn. Direktioun vun der Immigratioun an den OLAI sollen ënnert der Tutelle vun engem Ministère stoen. En ënnerstëtzten interministerielle Comité an dem och d’sozial Partner an d’Zivilgesellschaft hir Stëmm hätte géif doniewent zu enger besserer Akzeptanz an der Bevëlkerung bäidroen.

 

 

Aarbechtsrecht fir Asylsichend

D’Piratepartei fuerdert datt Asylsichender d’Méiglechkeet kréie selwer fir sech opzekommen an d’Schoul ze besichen oder eng Léier ze maachen. Dofir muss d’Aarbechtsrecht flexibiliséiert gi fir jidderengem deen zu Lëtzebuerg lieft och d’Méiglechkeet ze gi schaffen ze goen. Mir gleewen net datt Asylsichender iergendengem d’Aarbecht ewechhuele wäerten, mee ganz am Contraire och Aarbechten unhuele géife ma an der grousser Majoritéit vun den aktuellen Aarbechtsmaartreegelen dovun ofgehale gi schaffen ze goen. Am Sënn vun enger besserer Integratioun muss och Asylsichenden d’Méiglechkeet gi ginn enger regulärer Aarbecht no ze goen.

Dofir sollt direkt wann d’Léit am Land ukommen en Kompetenzprofil erstallt ginn den esouwuel berufflech a sproochlech, mä och sozial a kulturell Kompetenzen erfaasst. Dëse Profil géif , am Respekt vum Dateschutzgesetz a mam Accord vum Betraffenen, mat der Direktioun de l’Immigration, dem OLAI an der ADEM gedeelt ginn, fir en individuelle ‘parcours de formation, d’orientation et d’intégration’ ze erstellen an ëmzesetzen ouni ze waarde bis Prozedur ofgeschloss ass.

 

 

Ënnerbréngung vun Asylsichenden

D’Pirate fuerderen am Kader vun enger besserer Integratioun vun Asylsichenden, datt dës Persounen dezentral ënner mënschewierdege Konditiounen ënnerbruecht ginn. Dëst verhënnert strukturell Konflikter a vereinfacht et d’Integratioun vun Asylsichenden an der Gesellschaft wëll Parallelgesellschafte verhënnert ginn. Hei sollt eng Opdeelung op déi verschidde Gemengen ënner Berécksiichtegung vun der Populatioun an der sozio-ekonomescher Situatioun virgeholl ginn.

(cf. l’indice socio-économique évoqué à l’article 3 de la loi du 16 décembre 2016 portant création d’un Fonds de dotation globale des communes)

D’Finanzement vun de Wunnengs- an Encadrementskäschte géif weiderhi vum Staat assuréiert ginn.

 

 

Participativ Gestioun vum Foyer

An all Foyer soll e participative Comité de Gestion agesat ginn. Esou wéi den Artikel 10(07) vum  Gesetz vum 18 décembre 2015 relative à l’accueil des demandeurs de protection internationale et de protection temporaire et virgesäit , sollten d’Léit déi am Foyer wunnen duerch d’aktiv Bedeelegung an engem Comité de Gestion en Matsproocherecht kréie wat Gestioun a Belaanger vun hirem Logement ugeet.

 

 

Schnell Asylentscheedungen

D’Pirate fuerderen eng drastesch Verkierzung an eng komplett Transparenz vum Asylverfahren.

Wéi vum Gesetz virgesi soll all Demande bannent 6 Méint decidéiert ginn.

Falls 1 Joer nom Areeche vun enger Demande op protection internationale nach keng Decisioun gefall ass, da soll dës Demande automatesch ugeholl ginn. Dës verhënnert, datt Mënsche jorelaang an enger onsécherer Situatioun liewe mussen an sech dowéinst net zu Lëtzebuerg integréiere kënnen. Déi Waardezäit ass als maximalen Delai ze verstoen, deen nëmmen an de komplizéiertste Fäll areecht däerf ginn.

Wann néideg soll d’Ausweisung schnell a mënschewierdeg duerchgefouert ginn an dofir gesuergt ginn dat déi betreffend Léit eng reell Chance op en Neiufank hunn.

 

 

Familljenzesummeféierungen vereinfachen

Familljenzesummeféierunge vun Net-EU-Bierger ginn an der EU nach ëmmer op nationalem Plang entscheet. Mir Pirate fuerderen eng Harmoniséierung a gläichzäiteg Vereinfachung vun dëse Prozeduren. Famillje gehéieren zesummen an et solle keng bürokratesch Hürden tëscht enger Famill stoe wa mindestens ee Familljemember no enger Asylprozedur an der EU Asyl krut.

 

 

LGBTIQ an Asyl- souwéi Immigratiounsrecht

D’Piratepartei fuerdert, datt Homosexualitéit, Transsexualitéit an hier Persecutioun am Ausland als Asylmotiv unerkannt gëtt. Aktuell Reegelungen an dëser Hisiicht sinn net wäitreechend fir Persounen Asyl zu Lëtzebuerg ze gewäeren, wann se wéinst dësen Eegenschaften an hirem Heemechtsland verfollegt ginn. Lëtzebuerg muss déi néideg Prozedure schafen, datt all Persoun, déi ënnert dem Risiko steet wéinst hirer sexueller Identitéit oder hirer Sexualitéit verfollegt ze ginn d’Protektioun vum Asyl ze ginn.

D’Infrastrukture fir Asylsichender sinn dacks net op d’Bedierfnesser vu den eenzele Mënschen zougeschnidden. Esou ass et beispillsweis méiglech, datt besonnesch LGBTIQ-Leit, déi opgrond vun hirer Sexualitéit oder hirer geschlechtlecher Identitéit an hirem Heemechtsland verfollegt ginn, sech hei nees mat anere Schutzsichenden am selwechten Ënnerdaach erëmfannen, déi hirersäits duerch en LGBTIQ-feindlecht Gesellschaftsbild aus hirem Heemechtsland gepräägt sinn.

Fir Konfliktsituatiounen ze vermeiden an de physesche souwéi och psychesche Wuel vun de Betraffenen ze garantéiren, fuerderen d’Piraten d’Schafung vun engem Foyer resp. engem ofgetrennte Beräich an enger bestoender Infrastruktur, wou LGBTIQ-Mënschen ënnerkomme kënnen, wann d’Situatioun et noutwenneg mécht.

Et ass dacks esou, datt betraffe Leit sech opgrond vun hiren Erfarungen, net traue fir iwwert hir Situatioun ze schwätzen. Den Agent soll an dëse Fäll d‘Situatioune verstoen an Hëllef ubidde kënnen. Mir fuerderen dofir eng Formatioun fir d’Agenten an de Foyeren, déi d’Thematike Coming-Out, sexuell Orientéierung, geschlechtlech Identitéit etc. beinhalten. Och d’Iwwersetzer an d’Security-Personal sollten an dëser Thematik hiren Aufgaben entspriechend forméiert ginn, fir an de jeeweilege Situatiounen ugemiesse adequat ze kënnen.

Mir begréissen ausdrécklech de Projet vun der Formatioun „Arc-en-ciel“ vun der CIGALE an den Asylstrukturen, déi d‘LGBTIQ- mat interkulturellen Thematike verbënnt, a wëllen dës Offer mat den néidege Moyenen ausbauen. Jiddwereen, dee mat Asylsichenden zesummeschafft, sollt e vereinfachten Zougang zu dëser Formatioun kréien.

Fir festzestellen, op déi getraffe Mesuren hiren Zweck erfëllen a fir ggf. op d‘Hëllef vun anere staatlechen oder konventionéierte Servicer zeréckzegräifen, sollten Informatiounen a Statistike ronderëm d’LGBTIQ-Asylsichenden erhuewe ginn, déi relevant fir e Suivi an deem Domaine sinn. Konventionéierten Acteuren, déi eng Kollaboratioun mat de Foyeren an dësem Kontext hunn, sollten ënnert Berécksiichtegung vun der Privatsphär vun de Betraffenen an den datschutzrechtlechen Aspekter Zougrëff op dës Statistiken hunn.

 

 

Netz-politeschen Asyl

Net eréischt op Grond vun de Revelatiounen a Schicksaler vun de Whistleblower Chelsea Manning an Edward Snowden gouf kloer, datt Aktiviste wéinst Meenungsäusserungen um Internet, op sozialen Netzwierker oder fir hiert netzpoliteschen Engagement riskéiere bestrooft a souguer gefoltert ze ginn. Ähnlech Erfarunge gouf et och am sougenannten Arabesche Fréijoer wou vill Aktivisten opgrond vu Meenungsäusserungen um Internet verhaft an agespaart goufen.