Aarbecht & Soziales

Den technesche Fortschrëtt, d’Internationaliséierung vun de Marchéen, an d’Ännerunge vun der Altersstruktur brénge mat sech, datt déi al Modeller net méi als Léisung fir aktuell Problemer duerginn. Mir mussen dofir deenen neien Erausfuerderunge mat neien Ideeë begéinen. Ons laangfristeg Léisung heescht Grondakommes. Bis dës Visioun ëmgesat ass gëllt et den Aarbechtsmarché op déi richteg Bunn ze brénge fir dës Propose ëmzesetzen. Wichtegst Grondlag ass et sozial Errongenschaften ze stäerken an nei, flexibel Aarbechtsmodeller ze ënnerstëtzen, déi op laang Sicht en selbstbestëmmt Aarbechtsliewen ouni Existenzängscht kënnen erméiglechen.

 

E sozialen Index fir déi, déi e brauchen

Den Index, esou wéi e momentan zu Lëtzebuerg besteet, huet zur Konsequenz, datt Leit mat engem héijen Akommes am meeschte bei enger Index-Erhéijung dozou gewannen. Fir datt den Index och an Zukunft bezuelbar bleift mussen en gedeckelt ginn, esou dat deene Leit, déi ënnert der Inflatioun am meeschten u Kafkraaft verléieren ënnert d’Äerm gegraff gëtt. D’Pirate fuerderen dofir, dat den prozentualen Index- Ausgläich nëmme bis d’Héicht vun dräi mol de Mindestloun ausbezuelt gëtt. Un der wichteger Errongenschaft vum Index kann esou festgehale ginn, ouni, datt d’Akommesstruktur weider zu Gonschte vu Besserverdénger ausernee geet.

 

Breet Diskussioun zur undeelsbaséierter Pensioun ustoussen

Des Weideren ass et de Pirate wichteg, datt d’Investitioune vun eisem Pensiounsfong iwwerduecht ginn an transparent oppe geluecht ginn. D’Pirate soen NEE zu Investitiounen a Waffen a fuerdere vum Pensiounsfong sengem Rôle gerecht ze ginn an an nationale Wunnraum fir méi schwaach gestallte Familljen z’investéieren, esou, datt een net nëmmen eng Mouk fir am Alter huet, mee de Pensiounsfong och schonns schaffende Familljen hëlleft en Daach iwwert dem Kapp ze hunn.

Witfraen & Männer dierfen net an eng nodeelhaft Steierklass kommen, no dem Verloscht vum Partner.

 

D’Verhältnis vun Aarbechtszäit zur Fräizäit iwwerdenken

Mir sinn eis méi wéi bewosst, datt an de kommenden Joerzéngten d’Digitaliséierung an den technologesche Fortschrëtt genee esou wéi eng staark usteigend Bevëlkerungszuel dofir suerge wäert, datt et onméiglech ass, fir 100% vun der aarbechtsfäeger Bevëlkerung 40-Stonnen-Aarbechtsplazen ze garantéieren.

Et ass onëmgänglech, fir dem drohenden gesellschaftlechen Clash duerch d’Aféierung vun engem Bedéngungslose Grondakommes entgéint ze wierken. Bis datt esou e Grondakommes awer Realitéit, sollten elo schonn éischt Mesuren ergraff ginn:

Mir Piraten sinn der Iwwerzeegung, datt am Joer 2018 d’Work-Life-Balance net méi an engem ugemoosse Verhältnis zuenee steet, dat ëmsou méi virum Hannergrond vun deem grad beschriwwenen Zeenario. Mir wëllen dofir eng Diskussioun ustoussen, fir wärend den nächste Joren d’Aarbechtszäiten pro Employéen bei gläichbleiwender Bezuelung schrëttweis ze reduzéieren.

Mir wëllen ausserdeem Ureizer schafen, fir datt Patronen innovativ Konzepter ausprobéieren, déi op dat selwecht Zil hischaffe sollen.

Alternativ Aarbechtsmodeller ënnerstëtzen

Fir dem Verkéierskollaps op eise Stroossen, an och deenen domadder verbonnenen negativen Aflëss op Natur a Liewensqualitéit, ze verhënneren, brauche mer en Ëmdenke wat eis Aarbechtsmodeller ugeet. Flexibel Aarbechtszäiten an Teleworking, och a grad beim Staat als Virbild, sinn de Piraten no e gudde Moyen, fir alternativ Aarbechtsmodeller duerch ze setzen.

Aféierung vu Kënnegungsschutz an Stäerkung vu Rechter vun den Employéen

Globaliséierung vun der Ekonomie an d’Internationaliséierung vun de Betriber zu Lëtzebuerg huet en fiabele System ad absurdum gefouert. A villen internationale Betriber fungéiert Lëtzebuerg am Verglach zu sengen Nopeschlänner als ideal Plaz fir en “Reduction in Force”. Wëll et an Däitschland a Frankräich méi schwéier a méi deier ass d’Employéeën ze entloosse gëtt zu Lëtzebuerg ofgebaut. D’Piratepartei fuerdert datt de Code du Travail den neien Erausfuerderungen ugepasst gëtt, en Kënnegungsschutz no däitschem Modell agefouert gëtt, den Dédommagement gehéicht gëtt an sou Rechter vun den Employéë gestäerkt gi fir Aarbechtsplazen ze sécheren.

 

Steierlech Virdeeler bei laangjärege Mataarbechter

De Patron soll dozou animéiert ginn, fir Mataarbechter méiglechst laang am Betrib ze halen, dofir solle pro Joer un Betribsalter vum Employé, eng Reduktioun op de soziale Laaschten agefouert ginn.

 

Offices sociaux

D’Pirate fuerderen eng eenheetlech an harmoniséiert Prestatiounslëscht fir all Bierger, mat engem besonneschen Aenmierk op déi Jonk ënnert 25 Joer, déi am Gesetz verankert soll ginn. Et ginn wéineg national Richtlinnen an esou decidéieren déi eenzel Office Sociaux iwwert wat fir eng Hëllef an fir wat vir en Montant den Demandeur eppes zu gutt huet an kritt . Dat feiert dozou dat jee nodeem wou een wunnt, d’Hëllef déi een an der selwechter Situatioun kritt komplett verschidden kann sinn.

 

 

Definitioun vu Liewensgemeinschaft

D’Pirate fuerderen eng eenheetlech Definitioun vun der Terminologie a kloer an transparent Kritäre bei der Applikatioun vun de Sozialhëllefen.

Vill Sozialhëllefen (zb. RMG, Wunnengshëllef) beruffen sech op d’finanziell Moyen vun der Liewens- an Ertragsgemeinschaft. Dobäi schwätzen déi eenzel Ministère vu communauté de vie, communauté domestique oder communauté légal, allerdéngs ouni des kloer ze definéieren an iwwerloossen esou  d’Interpretatioun hire Fonctionnairen. Dëst feiert zu oft onnéidege Mëssverständnesser a Konflikter tëschent de Bierger an hirer Administratioun an erschwéiert, ënner anerem, Néi Wunn- a Liewensgemeinschaftsmodeller.

 

 

Mindestloun iwwert dem Aarmutsrsisiko

De Mindestloun muss 20% iwwert dem nationalen Aarmutsrisiko, eng Zuel wou all Joer muss am Januar néi berechent ginn, leien. Mindestloun vun der Steier befreien

Wien fir nëmmen de Mindestloun schaffe geet, soll net och nach mussen duerch d’Steieren ënnert d’Aarmutsgrenz falen. Dofir fuerdere mir, datt de Mindestloun komplett vun der Steier befreit gëtt an d’Perten duerch en Unhiewe vum Spëtzesteiersaz kompenséiert ginn.

 

 

Steierklassen ofschafen

Mir setzen eis dofir an, fir d’Steierklasse komplett ofzeschafen a Familljen duerch Steierkreditter fir Kanner z’entlaaschten amplaz Witfraen a -männer respektiv gescheete Koppelen no 3 Joer duerch eng Zréckstufung ze bestrofen. Net de Fakt bestuet ze si soll honoréiert ginn, mee de Fakt Kanner ze hunn ënnerstëtzt ginn. Des Weidere geet esou och d’Dir op fir Benevolat verstäerkt iwwert de Steiersystem ze honoréieren. Dofir schloe mir fir, Steierklass 1 & 1A erof ze setzen op den Niveau vun der Klass 2. Duerno eng eenheetlech gënschteg Steierklass ze schaffen.

 

 

Interim agrenzen

Internetagencë benotzen Aarbechter als bëlleg Kraaft a ginn hinne keng Perspektiv, dofir soll Interimsaarbecht begrenzt ginn an et soll e steierlechen Nodeel sinn, sollt eng Firma sech fir sou Methoden entscheeden.

 

 

Klenge Kredit

De Staat soll via seng Banken (wou en Aktionär ass) kleng Kreditter fir z.B. Haushaltsmaschinnen ze kafen un seng Bierger verginn, des bis zu enger Valeur vu bis zu 10.000 €. Op dëse Kreditter gi keng Zënsen erhuewen a keng Fraisen.

 

 

Keen op der Strooss zeréck loossen

D’Pirate sinn fir d’Schafe vun enger Garantie, dass jiddweree ka waarm & dréche schlofe souwéi eppes ze iessen an drénke kritt. Keen soll weiderhi mussen op der Strooss schlofen.

 

 

Krankeschäin direkt bezuelen

Ab dem 3. Dag soll de Mataarbechter am Krankeschäin direkt vun der Gesondheetskeess bezuelt an net méi vum Patron.

 

 

Steierkredit fir Liewensmëttelspenden

Fir Spenden (och vu Geschäfter) un Cent-Butteker an Tafelen z‘encouragéiere, fuerdere mir d‘Aféiere vun engem Steier-Abattement fir Liewensmëttelspenden. Dëse soll esou berechent sinn, datt eng Liewensmëttelspend keng zousätzlech finanziell Charge (z.B. duerch TVA) fir de Spender generéiert a gläichzäiteg d‘Steierbelaaschtung reduzéiert.